Angscht a Schrecken 6 Joer um Radio ARA

“Haut”, 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.

Nach méi gescheit Leit soten: Lo kucke mer mol, wat déi Jonk selwer wëllen. An déi Persoun huet den Telefon geholl an huet rondrëm telefonéiert. Esou, wéi een dat an der gudder aler Zäit gemaach huet. Well deemools, 2004, do haten d’Leit et nach net all esou mat Email …

Op enger Reunioun hu sech dunn ronn 10 Leit fonnt, déi bei dem Jugendmagazin matmaache wollten. Dat war am Summer 2004. Deemools hunn ech och meng bescht Frëndin, dat de Nolauschterer net onbekannt ass, kenne geléiert. No engem Gehierstuerm ass eraus komm, dat mir alles wollte maachen, am beschten direkt.

E puer Woche méi spéit stoung ech mat menger beschter Frëndin, dat de Nolauschterer net onbekannt ass, zu Dikrech op engem Concert mat dem wonnerbaren Numm „Newcomers on Stage“ an hunn jonk, méi oder manner talentéiert Museker a Musekerinne mat vill ze philosophesche Froen irritéiert. Mir hate geduecht, et wier ze blöd, Froen ze stellen, déi si géife verstoen an Museker a Musekerinne wiere jo souwisou alleguerten déif philosophesch Mënschen an hätten Äntwerten op Froe wéi „Personifizéiert Musek!“ prett léien. Dat ganzt hu mir mat urale Minidiskrecordern opgeholl. An och op engem Minidisc geschnidden. Ween jee probéiert huet, op engem Minidisc ze schneiden, weess, wat fir eng onheemlech Fummelei dat war. Ween net méi weess, wat ee Minidisc ass, deem soll gesot sinn, dat Angscht a Schrecken och schon deemools ni wäit waren.

Well dat mat den Museker an der Philosophie net esou gutt geklappt hat, hunn ech selwer eng philosophesch Rubrik gemaach. Si huet „Rebellen am Dschungel“ geheescht an ech hunn doranner doriwwer philosophéiert, dat d’Leit nolauschteren, wann een „Sex“ um Radio seet.
SEX! FECKEN! SPERMA!
Gesitt der? Funktionéiert och nach am Joer 2010.

Ausserdeem gouf et eng Reportage iwwert eng Zirkusschoul zu Lëtzebuerg. Enges Samschde Moie ware mir an eng Turnhal iergendwou am Speckgürtel rondrëm d’Staat gefuer an hunn Kanner an hier Pappen interviewt, déi Zirkuskonschtstécker geübt hunn. Beim Lauschtere vun den Interviewen hu mir dunn kräfteg iwwert Familljeverhältnisser vun deene Leit diskutéiert. Angscht a Schrecke waren och hei ni wäit.

Ee Numm hu mir och gebraucht fir eis Sendung. Ech hunn Crumble virgeschloe. Net, well de Numm esou super fonnt hätt, mä well ech op engem Graffiti-Grill een Crumble giess hat. De Crumble hat mir esou gutt geschmaacht, dat ech gesot hunn: „Dat wier dach ee gudden Numm fir eng Sendung!“. Dobäi ass et da bliwwen. De Virschlag, deen ech besser fonnt hunn, war „Fabula“. Crumble huet sech awer duerchgesat. Schmaacht ebe besser.

Den 6. Dezember war et dunn endlech esouwäit. Mir haten den Weekend virdru mat aller Méi eng Sendung aus deene verschiddenste Reportagen a e bësse Musek zesumme gebastelt. Iergendwéi hate mir vergiess, dat een vläit och dertëschent e bësse Moderatioun misst hunn, mä ëmmerhin hate mir eng Sendung. Wéi déi dunn um 4 Auer gelaf ass, souz ech mat menger beschter Frëndin, déi de Nolauschterinnen net onbekannt ass, am Zuch an mir hunn per Handy de Radio gelauschtert. Dat goung deemools schon! E bëssen huet et sech ugefillt, wéi ee Kand ze kréien. Net dat ech wéisst, wéi et sech géif ufillen, ee Kand ze kréien.

E puer Wochen drop hunn ech dunn meng éischt Livesendung an de Sand gesat. Eist Team ass méi kleng ginn, mä mir hunn motivéiert dorunner geschafft, dee beschte Radio-Jugendmagazin am Land ze ginn. Am Fong ware mir dat schonns, well et gouf jo soss kengt. Wann een sech einfach Zieler setzt, erescht een se och méi séier.

An der Zäit gouf et ëmmer erëm Gerüchter iwwer Reportagen, déi gemaach sollte ginn. Esou ass zum Beispill eng Reportage iwwert ee Kënschtler, dee Cravatten aus Holz mëscht, ëmmer erëm ugekënnegt ginn. Bis haut hunn ech déi Reportage net héieren, mä ee klengen Deel vu mir wäert ëmmer nach dorobber an géif déi Reportage gären héieren.

Iergendwann hu mir och Spezialsendungen gemaach. Esou hunn sech zwou Mataarbechterinne méintelaang op eng Spezialsendungen zum Thema Educatioun virbereet. Am Fong hu mir ëmmer nëmmen Spezialsendungen iwwer Educatioun gemaach. Villäicht louch dat och dorunner, dat een als Lycéesschüler_innen net onbefaangen mat dem Thema ëmgoe kann?

Eng weider grouss Saach waren Table-Ronden. Eng Kéier hu mir eng Table-Ronde iwwer Fräiräim zu Lëtzebuerg gemaach. Et gouf deemools fir kuerz Zäit de Schapp, een autonomen Zentrum. Deen sollt dunn ofgerappt ginn an mir hate Politiker agelueden. Déi sinn ze spéit komm an hunn amplaz iwwer Fräiräim iwwer sangend Kanner um Chrëschtmaart geschwat. Trotzdem hu mir iergendwéi 2 Stonnen Diskussioun gefëllt.

Angscht a Schrecke komme bei mir op, wann ech bedenken, dat ech klenge wéi de Bop, deen aus dem Krich erzielt. Deemools hu mir iwwregens missen 30 Kilometer hin an zeréck op de Radio goen. Duerch de Schnéi. Buerféiss. Mat enger Bandmaschinn um Réck.

6 Joer Crumble, dat ass schon immens. Alles Guddes fir de Gebuertsdag, du auditiven Stréiselkuch.
An domadder vu Wien zeréck an d’Rue de la Boucherie.