Angscht a Schrecken am Paradäis

Dir hutt et sécher matkritt. Verschiddener vun iech erwaarden sech elo vläicht, datt ech géif soen „Ech sinn erëm zu Lëtzebuerg“. Dat stëmmt zwar, mä ech hunn keng Zäit, fir laang doriwwer ze schwätzen, wéi schlëmm a komesch dat ass. Mir hunn méi wichteg Saachen ze diskutéieren. Alt erëm eng Kéier huet den ICIJ, den internationale Konsortium vun investigative Journalist_innen eng Recherche zu engem Leak verëffentlecht. Deen nennt sech dës Kéier „Paradise Papers“ an dréit sech ëm Steiernischen op diversen Inselen, ënnert anerem déi vun der britescher Kroun wéi d‘Ile of Man.

An alt erëm eng Kéier ass Lëtzebuerg implizéiert. Et hätt eis jo alleguerten gewonnert, wann dem net esou gewiescht wier. A witzegerwéis ass een Deel vun der Lëtzebuerg-Paradise-Connectioun d‘Shakira, déi kolumbianesch Sängerin. Si huet sech iwwert een lëtzebuergeschen Expert eng Firma zu Malta organiséiert. Wat si mat där mécht, ass bestëmmt zu honnert Prozent legal. Mä et däerf een sech trotzdeem froen, wisou mir dat bei deenen Enthüllungen ëmmer dobäi soe mussen. Do huet iergendeen eng komesch Konstruktioun vun 4 Firmen iwwert deen hien oder hat säin Privatjet u sech selwer least a muss dowéinst da keng TVA op deen Privatjet bezuelen. Sou een Jet kascht kritt een sou vun graff 4 Milliounen un, do kënnt scho bëssi TVA zesummen. Den Lewis Hamilton – een Formel 1-Fuerer – huet iwwer 18 Millioune Euro op sengem Privatjet gespuert. Wahrscheinlech ass dat komplett legal gewiescht.

Mä sou Saache sinn ethesch eben net esou okay. Wann een_t sech souwisou een Jet leeschte kann, sollt d‘TVA am Fong och dran sinn. Bei de Superräichen wéi dem Shakira, dem Bono an dem Hamilton jo souwisou, a bei multinationale Firmen jo nach vill méi. An och fir déi kleng „Paradäiser“, déi gären déi puer Prozent Taxen huelen, déi Firmen an Räicher hinnen nach loossen, fir an hiren Heemechtslänner näischt ze bezuelen, ass dat zwar eng gutt Affär, mä eben ethesch a moralesch immens zweiwelhaft. Ech hat op jo schonn eng Kéier erkläert, wisou ech déi üblech lëtzebuergesch Excuse vun „et ass net illegal“ net iwwerzeegend fannen. Mä ech well haut op een anere Punkt eraus.

Vill Leit froen sech nämlech, wisou sech keen opreegt. Also, natierlech reegen ech mech op – mä scho manner wéi bei de Luxleaks oder de Panama Papers, well och ech ofstompen – an nach eng gutt Rëtsch Leit méi. Mä wann op Facebook gezielt gëtt, Refugees géifen vun der Caritas een Handy geschenkt kréien, huet een d‘Gefill, et kéint all Moment de Mob mat Mëschtgafelen an Fackelen op der Strooss stoen. Wisou also reege sech sou wéineg Leit doriwwer op, datt déi, déi souwisou scho méi wéi genuch hunn, sech nach méi huelen, wéi hinnen zousteet?

D‘Äntwert ass einfach: Si wieren och gären sou räich. A mir kréien jo all stänneg gezielt, wa mir just haart a laang genuch géife schaffe a fläisseg genuch wieren, kéinte mir et och packen. An fir déi, wou et net packen, gëtt et ëmmer nach d‘Méiglechkeet, am Lotto ze gewannen. An iert dir elo mengt, ech géif all déi Leit fir domm halen: Mir geet et ganz ähnlech. Reegelméisseg erwëschen ech mech bei Gedanken, déi ufänke mat „Wann ech bis räich a berühmt sinn“. Jo, bal jidderee_nt dreemt dovunner, och eng Yacht, e Privatjet oder Museksrechter am Wäert vun 30 Milliounen ze hunn. An denkt sech, ganz heemlech: „Ech géif och keng TVA op mengem Jet bezuele wëllen“. Dat selwecht ass iwwregens de Grond, wisou Verméigenssteieren esou onpopulär sinn. Oder Ierfschaftssteieren. Net, well et esou vill Leit ginn, déi fuerchtbar vill Verméigen hätten, wat besteiert kéint ginn. Mä well de Gros vun eis hofft, dach nach iergendeng Grousstata ze hunn, déi geschwënn ofkraazt an eis e Verméigen hannerléisst.

Wann dir net scho räich sidd, stinn d‘Chancen, datt dir et gitt, enorm kleng. Déi meescht Leit ginn eben net räich, well se vill schaffen oder eng genial Iddi hunn, mä well se vum Papp eng Millioun geléint kréien, fir den éischte Business opzemaachen.

D‘Paradise Papers sollten eis Ulass ginn, fir doriwwer nozedenken. Net nëmmen iwwert den Privatjet, deen een_t ni wäert hunn, mä och doriwwer, wat d‘Implikatiounen dovunner sinn, wann sech Leit mat Suen alles erlabe kënne. Dat geet nämlech nëmmen esou laang, bis de Recht aus dem Dram vum eegenen Jet erwächt.