Angscht a Schrecken mam Billy Corgan

De Billy Corgan ass de Sänger vun de Smashing Pumpkins. An déi sin wéi vill Leit secher matkritt hun, deslescht am Atelier opgetruden. Comeback, Konzert, Europatournee an esou weider. Wann en wees daat den Billy Corgan en komeschen electro-soloprojet haat, kann en verstoen, daat vill Leit gezweifelt hun, wéi se heiren hun, dass d’Pumpkins erem do sollten sin.


Ongefeier eng Woch virum Konzert hun ech ugefaangen, mir Gedanken ze maachen. Ech wollt onbedengt eng bestemmten Lidd mam Titel “XYU” heiren. An et waar zu dem Zaitpunkt nach net secher, ween dann lo ausser dem Billy Corgan an dem Jimmy Chamberlin, dem Batteur, Deel vun der Band wier. Ech haat also verschidden Horror-Virstellungen: Waat wier, wann de Billy geif op d’Bühn kommen an geif soen: Et deet ma Leed, ech hun keng Band zesummen kritt, an dem Jimmy ass et haut furchtbaar schlecht. Dorobbs hin geif deen op d’Bühn kommen an katzen, fir och den leschten ze iwerzeegen, daat hien op keen Fall kéint en Konzert spillen. De Billy geif dann ufänken, Lidder aus sengem komeschen elektro-soloprojet ze sangen. Dobai seiz hien komplett an enger schwarzer Kescht, wou just sain Kapp geif erauskucken. Am Virfeld waar ugekennegt, d’Smashing Pumpkins geifen drai Stonnen laang spillen. Drai Stonnen. Am Atelier. Den Atelier ass furchtbaar kleng. Den Atelier waar ausverkaaft. Am Atelier ass no enger Stonn Konzert baal keen Sauerstoff méi. D’Smashing Pumpkins sollten drai Stonnen laang spillen. Rocken. Ofrappen, souezsoen.

Ech hun mer virgestallt, daat den Konzert den leschten am Atelier iwerhaat wier. No enger Stonn wier keen Gedrenks méi do, well d’Leit probéiren geifen an der tropescher Hetzt duerch Drenken e bessi Flessegkeet opzehuelen, iert se se erem geifen erausschweesen. D’Toiletten wieren ebenfalls no kuerzer Zait verstoppt, sou daat et eng Iwerschwemmung geif gin. Den ganzen Budem geif no an no mat engem dennen Film aus Wasser an Schwees geflut gin, op dem d’Leit permanent geifen ausrutschen. Duerch daat villt Wasser geif d’Elektritizeit am Atelier no an no Kuerzschless hun. Op der Toilett geifen just nach Fonken fleien amplaatz vun Luuchten an Schalteren. No enger gewesser Zait geif et am Konzertssall ähnlech sin, an verschidden Leit geifen mat brenndenen Hoer durch d’geigend laafen, ouni meiglechkeet zur Flucht, well de ganzen Atelier voller Leit wier. Duerch déi vill Fonken geif den Daach vum Atelier ufänken mat brennen, an den Stärenhimmel geif sech iwert den rechtlechen Iwerliewenden, inklusiv Billy Corgan an Band opdoen. Nom Concert geifen d’Iwerliewend mam Helikopter vun der Air Rescue respektiv vun der Arméi gerett gin.

Den Atelier wier durno Sperrzone an dirft fir 20 Joer vun kengem Mensch méi betratt gin. Daat waar eng aaner Horrorvisioun. Ech hun mir allerdengs och virgestallt, waat geif passéiren, wann ech main Song-Wonsch geif härt an de Raum blären. Nodeems ech ganz härt “EX WHY YOUUUU” gebläärt hätt, wier et ganz roueg am Sall. All Mensch geif op mech kucken. Den Billy Corgan geif sain Plektrum faalen lossen, waat en extrem gudd geif heiren. Durno geifen em Haaren an d’Fliliken wuessen, hien geif soen: I am the Devil. Ech geif dovunner awer naischt méi matkreien, well en Bletz hätt mech getraff oder ech wier an en deift feiergefelltent Lach gefall, daat sech ganz spontan opgedoen hätt. Mee iert et zu esou Reaktiounen sollt kommen, hun ech jo virdeischt mol missen op den Konzert kommen. Ech waar relativ frei do, ongefeier 3 bis 4 Stonnen ze frei. Den Bus an den Camion vun de Pumpkins stoung awer schon virum Atelier.

Do stoungen och e puer Aarmer, déi keen Ticket kruut haaten an elo en schwaarz ofkaafen wollten. Waat hinnen awer net wirklech gelongen ass, sou wéi ech daat matkruut. Ech sin dun an déi verschidden baren vun der berühmt-berüchtegter Hollerscher Stross gaangen an hun mech moralesch op den Concert, op dem ech durchaus hätt keinten stirwen, virbereed. Vir nach eng Keier drun ze erenneren: d’Hollerscher Stross ass fir Letztebuerg daat, waat Las Vegas fir d’USA ass. Just bessi méi kleng an ouni waiss Tigeren. Mee Angscht a Schrecken fennt en héi un all Strosseneck.

Irgendwann hun ech dann awer och nach giess. Daat mat e puer Mellen Englänner, déi zwar och alleguerten op den Concert wollten, mee iwerhaat net esou nervös waaren wéi ech. Se hun sech nämlech relativ vill Zait geloss mam Iessen, obwuehl den Konzert zu all Moment hätt keinten ugoen. Ech sin emmer an emmer méi nervös gin. Ausserdem waaren déi Leit wirklech alleguer e bessi mell an ech hun et mat der Angscht ze din kruut. Ech hun mir virgestallt waat alles keint passéiren. Keng Band, déi total Katastrophe an d’Enn vum Atelier, den Billy Corgan, den an wirklechkeet den Daiwel waar… Ech hätt och keinten doud-ge-poggt kennen gin. Angscht a Schrecken sin mir wéi Figuren aus engem ellenen Drogentrip d’Been eropgeklommen an hun sech eng Entree zu mengem Kierper gesicht. Elo hun ech mir gewenscht, ech wier op engem ellenen Drogentip.

Daat wier wahrscheinlech manner schlemm gewierscht. Irgendwann sin mer dun endlech vum Desch opgestaanen an an den Atelier gaangen. An do sollt alles anescht kommen, wéi ech mir et virgestallt hun.

Et muss jo net emmer alles Angscht a Schrecken sin.