Angscht a Schrecken an der Grillsaison

Et ass momentan jo esou eppes wéi “Grillsaison”. Och wann d’Wierder net emmer matspillt, alleng de Fakt, daat mir eis an dem dretten Veirel vum Joer befannen, geht villen Leit duer, fir d’Brooden vun Fleesch an aanerem Gemeschels iwer méi oder maaner offenem Feier zum Must ze erklären.


Eng net onwichteg Roll spillen dobai secher och d’Medien. An Milliounen Tester gin déi neisten Griller, déi beschten Holzkuelen, déi endflammbarst Grillanzünder an déi obskurst Methoden, fir Fleesch an annert Gemeschels ze grillen, getest, verglach an als gudd empfond.
Deck Männer mat komeschen Gesiichtshoerfrisuren zielen eis, waat dann den beschten Wain fir bei daat gegrillten, ungebrannten oder verkuehlten Fleesch wier.

Ech fannen daat schon ziemlech erschreckend. Den allgemengen Gesond- an Schlankheetstrend ged fir déi Nometteger an Owender, op denen gegrillt ged, komplett vergiess. Et ged einfach net gesoot, daat eng Mettwurscht furchtbaar fetteg ass an et och relativ geiferlech ass, ungekuehlten Fleesch ze iessen, well cancerogen.

Daat leist alles relativ vill Angscht a Schrecken bei mir aus, net well do gegrillten Fleesch, daat ech jo bekanntlechermossen net iessen, zum “Maß aller Dinge” eropgehuewen ged, mee vill eischter well do en an Zaiten vun der globaler Erwärmung an allgemengem vun menschen hervirgeruffenen Klimawandel extrem gefeierlechen Trend geschaafen ged.

Et muss gegrillt gin. Elo. Egal, ob d’Sonn schengt oder op graad en Taifun iwer eis Käpp zidd. Dann eben ennert dem Prabbeli. Mee mir grillen.

Un sech kannn en jo naischt dogeint soen. Ech grillen mir eppes net-deiresches mat vill Eewaiß an et ged vill gudd Zaloten, vun denen en herno méi saat ass wéi vun deem, waat stonnenlaang op dem Grill luch. Daat ass alles schéin an gudd. Mee et ass den Fanatismus, mat dem daat ganzt zelebreiert ged, den mir Angscht mescht. Grillen als Reliounsersatz?

Den Beschloss, daat gegrillt ged, ass emmer seier do. An daat geht et un d’Plangen. Wann en geif Spaghetti kachen, wier en an zwou Minuten mam Plangen färdeg, mee beim Grillen ass daat anescht. Virdeischt ged jiddereen gefroot, waat en gären hätt. Et huet en dann Auswiehl zweschen Grillwurschten, Mettwurschten, Kotletten an den nach méi fettegen Alternativen mat Keis dran an Speck ronderem.
Ech gin dann emmer komesch gekuckt, wann ech soen, ech geif matgrillen, mee mir eben main Gegrills selwer matbrengen, well ech et kengem zoumudden well, mussen net-deirescht Gegrills ze kaafen. Virun allem well ech mir selwer daat net zoumudden.

Nodeems dann jiddereen gewiehlt huet, waat hien vertilgen well, ged dann emmer eng Descisioun getraff: “Ech mengen ech huelen vun allem 20 Steck!”. Waat natirlech dozou feiert, daat um Grill-Daag eppes iwreg bleiwt, obwuehl en jo hätt keinten exakt plangen. Den nächsten schrecklechen Deel ass den vun den Zaloten. Et ged laang geschwaat, diskuteiert an virgeschloen. Normalerweis huet een herno awer just zwou Zorten, awer déi duebel an draifach.

Dann keent den Deel, wou et sech lount, bei denen Milliounen Tester an Funk an Fernseh opgepasst ze hun: Waat fir en Grill? Waat fir Kuehlen? Wei fänken mir daat ganzt un?
D’Diren vun der Hell maachen sech grous op, wann en ufänkt, iwert Kuelen, Grillen mat Buchenholz, oder Gasgriller ze diskutéiren. Hellt en déi normal Kuelen oder déi handgeschnetzen Bio-Kuehlen aus Holz aus bio-dynameschen Ubau?

Et ged emmer en designéiert, den de Grill matbrengt. En aaneren grillt an nach en aaneren mescht d’Feier un. Jidderen huet seng eegen, helleg Aufgab. Meng schengt et ze sin, Angscht a Schrecken ze erliewen.

Wann all déi Punkten dobai sin, kennt dann den groussen Daag.
Endlech. D’Sonn schengt (oder och net), et ass vill Alkohol do, et sin genuch Zaloten do vir d’Grondversuergung secherzestellen, d’Fleesch lait och irgendwou an et ged gegrillt.
Verschidden Leit feiren sech op, wéi wann hiren Geburstdaag op Chreschtdaag gefall wier an ausserdem op engem Konzert vun hirer Lieblingsband en Mettel geint de Kriebs erfonnt gin wier an den Traité fir den eiwegen Weltfridden geschloss gin wier.

Alleng daat mescht, daat meng zwee Kollegen Angscht a Schrecken aus dem Kuehlensaack sprangen an mech virun dem ganzen Gegrills zidderen lossen.

Jiddereen fennt grillen flott, mee beonnesch, wann en rondrem en Feier setzt, op dem Gegrillt soll gin, ged engem kloer, wiesou den Mensch relativ schnell an der Geschicht d’Kachmaschin an d’Mikrowell erfonnt huet: Et setzt en irgendwéi emmer am Dapp, stenkt durno wéi en, den zee lang beim Feier souz an et otemt en méi oder manner gefteg Gasen an.

Normalerweis fehlt bei engem Grill-Daag emmer irgendeppes. Oder d’Feier geht net esou un wéi et soll. Dann ged op irgendwelch méi oder manner gefeierlech Mettelen zereckgegraff. Do gin dann Loftblosmaschinen vum Föhn bis hin zur Fliigerturbin ausgepaackt oder et gin brennbar Substanzen vum Benzin bis Nitroglyzerin op d’Kuehlen geschodd, fir se unzekreien.

An Argentinen fueren d’Leit ganz gudd domadder, eng ganz Kou stonnenlaang op richtegem Holz, daat ziemlech liicht brennt, ze grillen. Mee den Mettel- bis Westeuropäer brauch sain Triumph vun der Technik an schedd fossilen Brennstoff op net esou ganz fossil Holzkuelen. Iwer Geschmaach kann en secher streiden, mee mat denen meeschten Argentinnier just op Spunesch.

Angscht a Schrecken sin bei mir bei Grillfester emmer “präson”. Je méi pyromanesch de Grillmeeschter ass, emsou schrecklecher fannen ech daat ganzt. Vlaischt sollt ech déi nächsten Keier einfach selwer grillen.
Oder, an daat ass déi beschten Method, flüchten…