Angscht a Schrecken déi zweeten Keier op der Hochzait vun menger beschter Frendin, daat den Nolauschter net onbekannt ass, senger Tata

Fir all déi Leit, déi sech naischt eng Woch laang verhaalen kennen oder déi lescht Keier net gelauschtert hun an net wessen, wéi oder sou en Angscht a Schrecken am Internet kann lauschteren, en kuerzen Resumé, waat déi leschten Keier geschidd ass:

Ech hun op en Scoutschâlet opgepasst, an dem den Daag drop eng Hochzait waar. Dun ass en Club des Jeunes komm, huet Holz gemaach an sech komesch, angeschteinflössend beholl. Eng Bluesband ass unkomm an huet roueg gewaard. Dun ass en Konvoi aus dem Osten vum Land komm an déi eigentlech Feier sollt ufänken.

Virdeischt stoung jiddereen méi oder manner onwessend rondrem an huet d’Brautpuer gekuckt, daat net tradionell gekleed waar. Ech hun allerdengs keen Rais méi gesin. Rais ged op d’Brautpuer geworf, als Fruchtbaarkeetssymbol. Angeblech.
Ech sin der Meenung, et ged eischter Rais geworf, fir dem Brautpuer daat onverglaichlescht Gefill ze gin, herno Rais an allen meiglechenen an onmeiglechen Kierperöffnungen ze fannen.

Irgendwann ass opgefall, daat nach zwee Autoen gefehlt hun. Eng eeler Fraa an meng Bescht Frendin waaren nach verschollen. Also, déi eeler Fraa haat sech verfuer an irgendeen huet si jo missen retten goen. Waat geheescht huet, daat ech relativ onbehollef do stoung an net wirklech wosst, waat ech sollt maachen. Meng Aufgab waar erfellt an elo sollt sech meng Belounung kreien: D’Feier. Friessen an Saufen. Sou oder sou ongefeiher.

Um Grill huet d’Feier gebrannt, den Club des Jeunes huet alles, waat irgendwann eng Keier Punkto Geschier an symetreschen Musteren opgestallt gin waar, op aaner Descher gestallt, fir den Schampes ze serveiren. Eigentlech waar et no der Hochzait op der Gemeng schons Schampes an engem Café gin. Mee daat sollt keen drun henneren, es nach méi ze drenken.

D’Glieser waren ruck-zuck gefellt an mir stoungen an dem Zelt, wou ech nemmen e puer Stonnen virdrun d’Wänn mat Moosgummihärzen verziert haat. Leider haat irgendeeen d’Wänn eropgediebelt, sou daat keen méi d’Moosgummihärzen gesin huet. Waat definitiv schued waar.

Irgendwann ass meng bescht Frendin an déi eeler Fraa dann och ukomm. Ongefeiher eng hallew Stonn nom Recht vun der Hochzaitgesellschaft, den sech quasi an der Gesamtheet anescht ugedoen huet, iert et Schampes gouf. Ech mengen, daat waar déi eischt Hochzait, op der ech Leit an Turnschlappen an Buerfeiß gesin hun. Mee ech waar och nach net op besonnesch vill Hochzaiten.

Fir elo nach eng Keier déi Aventure mat denen 2 fehlenden Autoen ze resuméiren: Déi eeler Fraa ass relativ lues gefuer an huet laang net gemierkt, daat sie falsch gefuer waar. Ongefeiher wéi se zu Diekrech waar, ass se dun ofgefaangen an emgedreint gin. Op enger bekannter Autobunn ass si mat ganzer 70 Stonnenkilometer gefuer. Wahrscheinlech waar daat déi eischten Keier, daat sie am 4. Gang gefuer ass.

Op allen Fall waar d’Hochzaitsgesellschaft elo vollstänneg an huet sech drun gemaach, den Schampes sou wait wéi meiglech eidel ze maachen, waat net onbedengt déi liichsten Aufgab waar. Ech sin verschiddenen Leit virgestallt gin an hun mech missen zesummenzeraissen, fir net haard ze soen “Ahh, daat ass DEEN!” an dann eng méi oder manner peinlech Geschicht ze resuméiren.

Verschidden Leit hun sech mir och virgestallt. Ech hun daat deelweis immens komesch fonnt. Vlaischt louch daat um Alkohol, den hei ganz secher an Streim gefloss ass. “Ech sin den XY. Laach net!”. Wann en Mensch sech esou virstellt an keen witzegen Numm huet, muss ech trotzdem laachen.
Mee daat eischter, fir mengen aalen Bekannten Angscht a Schrecken ze weisen, daat se mech nach net ganz hun.

Waat waar daat fir eng komesch Famill? Wiesou waar esou vill Alkohol ankaaft gin?
Mee iert ech meng méi intensiv mat denen Froen beschäftegten konnt, ass eng Wolek aus engem seisslechem Geroch an meng Nues gedrongen.
Drogen!

Ech haat beim Club des Jeunes Gerüchter heiren. Et wieren anscheinend Leit do gewierscht, déi gesoot hätten, et geif op deser Hochzaitsfeier relativ vill Drogen gin. Ech hun daat fir daat dommt Geschwätz vun engem Club des Jeunes gehaalen, mee lo haat ech d’Gewessheet. Virun net all ze laanger Zait waar en verdächtegen Pack aus brongem, onopfällegem Karton mat obskuren Inhalt geliwert gin.

Irgendwann ass et dozweschend och Ziessen gin. Eng Millioun Zaloten an ongefeiher déi selwescht quaniteit un Fleesch vum Grill. Glecklecherweis haat irgendeeen gudden Mensch un speziell Gonzojournalistenverpflegung geduercht, déi ech dunn och promt serveiert kruut.

Angscht a Schrecken hun sech méi an méi breed gemaach. Leit hun ugefaangen express schlecht englesch ze schwätzen. D’Bluesband huet gespillt, waat relativ gefall huet. D’Leit hun dorobber gedanzt. Verschiddener sin och vlaischt just e bessi getorkelt.

Wéi ech meng Senner mat engem klengen Zockerschock erem erwäschen konnt, well ech geduercht hun, mat kloeren Gedanken kéint ech Angscht a Schrecken an en daischteren Eck verdreiwen, sin ech mat engem Biesemstill bedreid gin. Ech wollt mir graad Limonade an main Glas schedden, do kruut ech déi Biischt zweschen d’Kneien gestouss an wier baal emgefall.
Et waaren definitiv ze vill Drogen am Spill.

Je méi speit an daischter et gin ass, emsou méi Angscht a Schrecken hun ech verspuert. All Beziehungsdramen sin do opgeweckelt gin, eng weider Dampwollek ass duerch de Raum geflunn, méi Alkohol ass gefloss an ech hun Leit missen begleeden fir den Wee fir op d’Toilett ze fannen.

Irgendwann huet d’Band opgehaalen mat spillen an en DJ sollt am Châlet selwer spillen. Daat ass dun och geschidd, mee keen vun der Hochzaitsgesellschaft huet sech vum Zelt an de Châlet bewegt. Vill Leit sin dun gefuer. Obwuehl ech mech bei verschiddenen Leit gefroot hun, ob sie wirklech nach kéinten Auto fueren.

Virum Scoutschâlet ass iwer Autoen an d’Arméi diskutéiert gin. Ech hun eng Fläsch Beier gedronk, well ech d’Impressioun haat, domadder keint ech alles besser erdroen, obwuehl Angscht a Schrecken doduerch just méi visibel gin sin.

Schlecht Musek ass aus dem Pubquiz komm. Irgendwou beim Zelt hun Leit gejaut an den Geroch vun Drogen louch an der Loft. Angscht a Schrecken haaten mech.

Daat enzegt, waat elo nach bliewen ass, waar d’Flucht. Virdrun hun mir awer nach missen eis Saachen zesummen paacken, mat der Band schwätzen, Bagetten klauen, ausdiskutéiren, ween wéi midd wier an mat waat fir engem Auto fueren kéint.

D’Flucht an engem Auto, an dem zwee Leit, dorenner de Chauffeuer, streiden, op den Chauffeuer lo voll wier oder net, ass net onbedengt déi scheinsten, déi en erliewen kann. Wann en awer bedenkt, waat hannert engem lait, verschwannen Angscht a Schrecken lues an lues am daischteren, wann och en komescht Gefill am Mo bleiwt…