Angscht a Schrecken mat computergestetzen Präsentatiounen

Et ass oft schwéier, virun Public eppes virzedroen an eppes virzestellen. Zum Beispill, wann en net wees, wéi en schwätzen soll. Oder wann en abstrakt Ideen muss konkret erklären. Wann dann och nach déi eventuell beruflech Zukunft oder engem sain Liewen dovunner ofhängt, wéi gudd en daat mescht, dann deet en besser drun, sech hellefen ze lossen.


Op alle Fall waar daat freier esou. Ier ech gebuer waar. Oder soen mer esou: Ier Laptops an Beamer esou belleg gin sin, daat en all Konferenzraum, Klassenzemmer, Salle des fêtes, Kulturzentrum, Pomjeesbau, Scoutschâlet oder Bushaischen domadder ausstatten konnt an sech mat computergesetzten Präsentatiounen hellefen konnt lossen. Ob ee mol waar et net méi neideg, ordentlech schwätzen ze kennen, och nemmen eng Grimmel rethoresch Fähegkeeten oder Austrahlung ze besetzen. De Computer huet, mat engem klengen Punkt voller Muecht, des Aufgab fir een iwerholl.

Als Gonzojournalist kennt en oft mat esou Präsentatiounen an virun allem hiren Präsentatoren an Bereireung. Virun allem ass en oft peinlech bereiert, wann Leit hir neisten ultra-hip Präsentatioun virstellen – oder hätt ech lo sollen soen, präsentéiren?
Ech sin der Meenung, daat et normalerweis duer geht, wann en en Ziedel mat e puer Stechwierder huet an dann sain Speech hällt. Eng gudd Geschäftspräsentatioun soll innerhalb vun enger Liftfahrt erklärt kennen gin. En Pitch nennt en daat. Mee anscheinend huet de Beamer och des wonnerschéin Traditioun, déi regelmeisseg fir néi Klientel fir Kokain-Dealer gesuergt huet, verschwannen geloss.

Mee déi méi oder manner schlecht oder heinsdo och ganz gudd Rethorikkentnisser vun den Präsentatoren sin net daat schlemmst un denen computergesetzen Präsentatiounen. Daat schlemmst sin déi Präsentatiounen selwer.

Do maachen sech d’Dieren vun der typographescher Hell ganz grous op. Den Schwefeldamp vum schlechten Geschmaach mescht sech mat de Flaamen vun den schlechten Kontraster an pixelegen Biller.
Kuerz: Wou „computergesetzt Präsentatioun“ drop steht, kennt ennen „Angscht a Schrecken“ eraus. Op alle Fall an denen meschten Fäll, an daat ass vill ze vill oft.

Normalerweis leeft daat esou of: Et setzt an an engem relativ hellen Raum, woubai schon den Desktop vum Computer schon projezéiert ged. De Raum fellt sech lues an lues, an déi präsentéierend Persoun fängt un, de Programm fir d’Präsentatioun opzemaachen an se schon eng Kéier ze testen. Dobai ged ganz einfach de Fakt ignoréiert, daat d’Leit daat net wellen gesin. Wann ech an den Theater gin, well ech och net gesin, wéi d’Schauspiller nach eng Keier op d’Toilett laafen oder eng Nues Kokain huelen, iert d’Steck ufänkt.

Angscht a Schrecken fängt also schon bei der blatzeger Projektioun vun den Virbereedungen un. Wameiglech heiert en och nach iwer grous Lautsprecher Fehlermeldungssoundeffekter. Dann geht et weider, d’Präsentatatioun fänkt un mat denen üblechen Wierder: „Kann mol wannechgliwt irgendeen d’Luucht ausmaachen?“.
Déi nächst 3 Minuten verbrengt en Fraiwellegen domadder, alleguerten d’Knäppercher an irgendenger idiotescher Reihenfolg ze drecken, sou daat an denen zwou eischten Reihen drai Leit eng elleptesch Crise kreien, well d’Luuchten esou séier un an aus gin. Bei den drogéierten Journalisten an denen zwou leschten Reihen kucken 4 faszinéiert de Bewegungen vun hiren Hänn no, déi ennert dem Stroboskopeffekt ganz bizar ausgesait.

De Rescht vun de Leit erfreet sech einfach nemmen enger gudder Portioun vun mengen zwee aalen Bekannten Angscht a Schrecken. Glaichzaiteg froen ech mech emmer, op et wirklech esou komplizeiert ass, an engem groussen Sall d’Luuchten aus ze maachen. Normalerweis maachen Elektriker nämlech eng relativ gudd Arbescht, ob manst waat d’Schalten vun Luuchten ungeht. An vue daat et an esou Reim och meeschtens just een Knäppchen ged, mussen déi och just alleguerten op déi selwescht Positioun bruecht gin.

Dann lait den Raum am Daischteren. Et ass esou daitschter, daat en den eischten Moment voller Angscht mengt, et wier en blann gin. Dann realiséiert een, daat et engem vlaischt just schwaarz virun Aan gin wier. Well en awer no e puer Sekonnen nach net weinst schlechter Loft oder ze vill Angscht a Schrecken schwaach gefall ass, mirkt en, daat et einfach nemmen daischter am Raum ass.

Ausserdem kann en net blann sin, well en vum grellen Liichten vun der Projektioun aus dem extra-staarken Projektor, den ongfeiher mat enger Millioun Lumen Liichtkraat liicht, verblend ged. Et huet en also déi eenmoleg Chance, glaichzaiteg naischt an alles ze gesin.
Angscht a Schrecken gin méi staark. Bei mir fänken se un, d’Been ropzeklammen wéi Personagen aus engem schlechten LSD-Trip, bei dem en Disneyfilmer kuckt.
Et erennert en sech un Biller vum Hieronismus Busch, Erziehulungen vun Liicht un Enn vun engem Tunnel bei Patienten mat Nahtodeserfahrungen an un Filmer, wou kleng Kanner soen „they came from the blackness…“

Dann geht et lass. Irgendwou aus der Daischtert fänkt en un ze schwätzen. (oder ze tuddelen, je nodem, wéi gudd en ass) An selwer kann en just op déi Präsentatioun kucken. An oft sin déi furchtbaar schlecht gestalt. Kursiv, fettgedreckt an ennerstrachen hellmauve Schreften op grellrosa Hannergrenn, déi engem Netzhaut vun den Aanappeln schielen. (Ech fannen, daat waar lo eng immens gelongen Metapher.)

Een Moment laang denken ech dann emmer, déi hell Projektiounsfläch wieren an wirklechkeet d’Dieren vun der Typographiehell, déi grous opwieren an an déi ech elo geif eranfaalen. Mee dann wees ech erem, daat et „just“ eng computergesetzen Präsentatioun ass, wou irgendeen am daischteren tuddelt an de Recht vun de Leit seng Notizen an Stechwierder muss kucken.

Bei denen Präsentatiounen ass den Timing och nie gudd. Endweder et geht vill ze schnell, oder den Präsentator ass eng Schlofpell an hällt sech vill ze laang bei denen eenzelen Punkten op. Et erwaard en dauernd, et misst elo eppes total opreegendes gescheien, mee daat geschidd net.
Dann gin et aaner Leit, déi mengen, sie missten jiddereen mat hiren ultra-hippen an un sech furchtbaar peinlechen Iwergangsanimatiounen beandrocken. Normalerweis beandrockt daat bei mir just Angscht a Schrecken, déi Ping-Pong an mengem Mo spillen.

Wann d’Luuchten dann erem uginn an et heescht, et kéint en lo Froen stellen, ged et meeschtens just nach en Auswee, fir net ze froen, wiesou en sain Produkt/seng Idee/waat och emmer en graad virgestallt huet, mat esou schlechten Präsentatiounen verschaisst: d’Flucht ergraifen.
Waat oft guer net emol sou einfach ass, well en vun dem onerwaardten Liichtwiesel nach esou verblend ass…