Angscht a Schrecken op enger Chreschtdaagsfeier, déi schon am November waar

Wéi mir alleguerten wessen, fänkt d’Chreschtzait schon Enn September un, – speitstens awer no Halloween, dem Fest also, daat fréier mol Allerhellegen/Allerseilen geheescht huet. Dann sin d’Buttiker net nemmen voller Liewkuch an Lametta, mee et fänkt och déi wonnerbar Zait vun den Chreschtdaagsiessen, Chreschtdaagsfeieren an Enn-des-Joeresfeieren un.


Déi dauert, wéi déi gesamt Chreschtzait, net nemmen den ganzen Advent (1. bis 26. Dezember), net nemmen bis zum Enn vun Joer, och mol net bis Draikinnegsdaag, mee ongeféier bis d’Fuesend. Et sin allerdengs och schon Enn-des-Joeres-Feieren am März oder Abrell ofgehaalen gin. Gerüchter no.

Ech vermudden, daat déi Feiren an engem Keller geféiert gin. Oder vun Leit, déi sech souwiesou fir naischt schummen. Ech muss lo do keng Nimm nennen, mir wessen alleguerten, ween esou Saachen mescht.

Wann en an villen Cluben oder „Clibb“ ass, kann en während der Chreschtdaags-an EnndesJoeresfeierzait op villen Plaatzen fir weineg Geld relativ gudd iessen an och oft nach vill besser drenken. Saufen an Friessen sin jo bekanntlecherweis zwou vun eisen Nationalsportarten, an denen awer komescherweis nie en „Sportler vum Joer“ gewiehlt ged. Och esou een tradionellen Rendezvous um Enn vum Joer. Wann en Journalist ass, kann en eigentlech vun Dezember bis Mett Januar den Frigo ausmaachen an esou vill Stroum spueren. Et brauch en en souwiesou net. Gerüchterweis ass den „Café de la Presse“ am Dezember och schon einfach zou gewierscht, well esouguer déi schlemmsten Alkoholiker ennert de Journalisten an dem Joer emmer genuch ze drenken hun.

Wann en Gonzo-Journalist ass, kann en während deser Zait quasi all Daag Angscht a Schrecken erliewen. Net nemmen weinst pervers blenkender Chreschtdaagsbeliichtung, bei där en färt, daat all Moment irgendeen geif eng Elleptesch Krise geif maachen, an dann misst en och nach hellefen oder op manst ruffen: „Ass irgendeen héi Dokter?“
Iwregens liicht et mir net an, wiesou en daat esou oft an Filmer gesait, daat irgendeen emfällt an schon rifft en Passant: „Ass héi irgendeen Dokter?“
„Jo!“, äntwertert irgendeen mat heldenhafter Stemm!, „Déirendokter!“.
Waitaus méi realistesch, mee manner witzeg: Zänndokter. An Letztebuerg gin et 2,9 Dokteren op 1000 Anwunner. Op manst waar daat 2005 esou. Vlaischt sin et der mettlerweil 3 op 1000.
Mee wiesou sollt graad dann, wann en aarmen Daiwel weinst enger Chreschtdaagsbeliichtung, bei der all Stroboskopseffektgerät neidesch gin wier eng elleptesch Krise huet, een vun denen ennert de Passanten sin? An virun allem: Geif eng Infirmiére net duer goen?

Op alle Fall waar ech dann kuerzfristeg, quasi zweschen Dir an Aangel, opgefuerdert gin, matzekommen op esou eng Chreschtdaagsfeier. Daat waar Enn November. Chreschtdaag ass, just fir déi Leit, déi daat net méi esou genee wessen, nach eng Keier dorob hinzeweisen, Enn Dezember. An ech haat emmer gemengt, et soll en Gebuertsdeeg net vir-féieren.

Ech hun mer geduercht: Waat soll et? An ech sin dunn einfach mol matgaangen.
Daat ganzt waar an engem Café, den et elo net méi ged, well mam Enn vum Kulturjoer quasi sain Exitus angelaud gin ass. An op der Plaatz, wou en waar, muss elo virdeischt mol alles renovéiert an sanéiert gin, well de Buedem anscheinend voller Dreck ass. Also, Uelleg, Pnöen, geiferlech, wahrscheinlech radioaktiv Substanzen an soss Gedrecks. Wann en daat mat dem Wessen verbend, daat den populären bloen Schampes och méi oder manner gefteg waar, bleiwt vun dem ganzem Kulturjoer en séierlechen Nogeschmaach.

Ech waar also mat der Persoun, déi mech dohinner geschleeft haat, op enger Chreschtféier, déi schon am November waar, an daat an engem Kulturjoerscafé. Et waar iwregens d’Chreschtdaagsféier vun engem Jugendservice héi am Land. An well mir vun Graffiti alt heinsdo bei Aktiounen vun denen matgemaach hun, hun mir eis alt geduercht, mir kéinten eis op der Chreschtféier gudd duerchfidderen lossen an e bessi eppes drenken.

Et waar voller Leit, déi daat selwescht geduercht haaten an sech an den klengen Café gedreckt haaten. Nach ass et naischt gin. Weder Iessen nach Drenken, just vill Leit, déi een dem aaneren Moien gesoot hun. Mech huet een heige Regierungsbeamten (fir Puristen: cf. Episode #6) mat „Herr Angscht a Schrecken“ begreißt, waat mir extrem geschmeischelt huet. Aanersaits waar ech mir elo secher, daat sech meng zwee aal Bekannten Angscht a Schrecken och geifen ennert den Gäscht befannen.

D’Feier huet ungefaangen, wéi esou féiren eben ufänken. An zwaar mat enger Ried. An dunn ass en Film gewissen gin. An well et bei dem Service wirklech vill Spezialisten an Saachen Film gin, waar den Film net nemmen extrem gudd gemaach, nee, et sin och nach ongefeier 23 Problemer beim Ofspillen vun dem Film gin. Et ass jo net esou, wéi wann en daat virdrun probéiren kéint. Mir hun also den Intro vum Film ca. 5 mol gesin, bis en dun endlech gelaaf ass. Angscht a Schrecken hun lues an lues de Wee bei mech fonnt duerch d’Gedrecks fonnt.
Dunn ass nach eng Ried komm. An dunn nach eng.

An all déi Leit op der Bühn hun emmer daat selwescht geziehlt. Déi eng hun sech just méi laang Zait geholl, fir daat ze soen, waat déi Persoun virdrun an 5 Minuten gesoot huet. Iwerhaat sollt et vir esou Rieden, déi gehaalen gin, wann d’Leit drop waarden, eppes ziessen an ze Drenken ze kreien, een international gültegen Zaitlimit vun maximal 7 Minuten gin. Ech denken, daat misst en als Zousaatz zu der Genfer Konventioun anféieren.

Irgendwann huet eng Persoun, déi ech nie op der Plaatz erwaard hätt, mech op d’Scheller geklappt an mech an engem verwonnert-agressiven Toun gefroot, waat ech dann hei geif maachen. Ech hun dun eis Beweggrenn ouni den Deel mat „fir hei gudd ze friessen an ze saufen“ erklärt, waat déi Persoun offensichtlech zefridden gestallt hat. Oder si haat haut ganz einfach keng Salzseier dobai.

No all denen Rieden ass et dunn endlech lass gaangen. Dh., am Fong ass guer naischt geschidd. D’Leit hun ungefaangen, manner lues matneen ze schwätzen an ech stoung matzen an dem Bruhahaha, Pfötchengegins an Gedrecks an hun e puer Flyeren verdeelt. Mee ech hun net wirklech
gesin, wou et dann elo eppes fir ziessen oder ze drenken geif gin. Et huet ausgesin, wéi wann daat ganzt eng relativ drechen Féier geif gin. Vlaischt wollt en heimadder der selecherlech ziemlech heiger Donkelziffer vun Alkoholiker am Staatsapparat Rechnung droen. Vlaischt waar d’Organisatioun awer och vun e puer Drogenverreckten ausgeduercht gin, déi op engem Kokain-Trip eng verreckt Verdeelungsstruktur fir d’Schnitterscher an d’Gedrenks erfonnt haaten.

Irgendwann, no ongeféier 150 verdeelten Flyeren an nodeems ech mech ongeféier 20 Leit op d’Feiss getreppelt waar, hun ech en Plateaux mat Schnitterscher gesin. Glaichzaiteg sin Angscht a Schrecken op mech gesprongen an hun mech ungegraff.
Irgendwann huet d’Welt entscheed, daat et keng normal Schnitterscher méi därf gin. Eriwer waaren dun d’Zait vun waissem Brout mat Keis an Ham. Elo mussen et Bonsai-Kohlrabbi, konschtvoll gefaalten Mini-Steaks oder Origami-Mozarella sin. Je méi ondefinéierbar, emsou besser. An dann ged alles nach eng Keier mat enger Schicht Gelatine oder eppes ähnlechem blenkegem, cellophanähnlechem iwerzunn, fir daat et och schéin blenkt an glimmert. Mir hun jo schliesslech geschwen Chreschtdaag.

D’Gedrenks ass dun och irgendwann komm. Nämlech nodeems meng Begleedung dono froen waar. Anscheinend waar den Verdeelungsystem wirklech vun engem Grupp Drogenverreckter ausgeduercht gin.
Angscht a Schrecken haaten mech.
Wou sollt daat ganzt hiféiren? Wéi laang geifen déi vill douschtereg an hongereg Leit et nach aushaalen, nemmen all Veirelstonn gefroot ze gin, op se een vun den Heichglanz-Schnitterscher weilten? Waat geif passéiren, wann irgendeen geif erausfannen, wou den geneen Zougang zu der Alkoholquell wier? An virun allem: Waar irgendeen an dem Raum Dokter?

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht iwert déi neonblo beliicht Passarelle…