Angscht a Schrecken mam »Project Chanology«

Ech sin als Weblogger, Podcaster an erfuerenen Internet-“Benotzer“ jo net onbedengt daat, waat en onwessend geif nennen, wann et em Trends am Internet geht. Normalerweis kreien ech déi hipp Saachen wéi Myspace, Facebook, last.fm, Qtrax an esou weider schon e puer Joer virun denen „normalen“ Leit mat, denken mer dann „waat en Blödsinn“ an irgendwann schwätzen mech Leit dorobber un.


Mee verschidden Saachen waaren och mir emmer en Rätsel. Wou zum Beispill all déi Videoen an Biller hier kommen, déi durno joerenlaang duerch den Internet an eventuell och duerch déi real Welt turnen. Et ged do zum Beispill déi sougenannten LOL-Cats, den Introsvideo vun engem schlecht iwersaatzen japaneschen Videospill, den Badger-Song, an esou weider, an esou weider. Anscheinend schengt Quell vun all dem Blödsinn d’Sait 4chan ze sin. Daat ass un sech en groussen Forum, wou jiddereen Biller dropsetzen kann. Daat do allerlee Blödsinn dobai ass, versteht sech vum selwen. Wéi ech de Site entdeckt hun, ass et mir kaal den Reck erof gelaaf. Wéi konnt sech esou eng gigantesch Unsammlung vun komeschen Biller an blödsinnegen Kommentaren esou laang virun mir verstoppen? Wiesou huet nie irgendeen mir gesoot, daat den Site geif existéiren? Ech waar mir ziemlech secher, daat meng zwee aal Bekannten Angscht a Schrecken des öfteren op den Site gin, fir sech Inspiratioun ze sichen.

Op alle Fall ass op dem Site och irgendwann en Group enstaanen, den sech konsequenterweis „Anonymous“ nennt. Eng Reih Leit, déi eigentlech jidderengem symphatesch misst sin: Sie hacken myspace-accounts, jooen Pädophiller an verbreeden och soss relativ vill Onrou an Verwirrung am Netz. Ech kann daat alles novollzeien, mee trotzdem sin déi Leit esou… komesch, daat Angscht a Schrecken och bei mir opgetaucht sin, wéi ech déi eischten Keier vun hinnen heiren hun.
An engem komeschen Video huet eng elektronesch Stemm de Krich erklärt. Angscht a Schrecken sin méi grous gin.

Virdeischt hun ech net verstaanen, wourems et gaangen ass. Komesch Wierder sin gefall, an d’Bild vum Video huet eigentlech just aus enger Staadt bestaanen, wou Wolleken laanscht gezun sin. Un sech hun ech mer erwaard, all Moment geif irgendeppes um Bildschirm passéiren, waat mech furchtbaar erfeiren geif an main duerch de ville Gonzojournalismus schon extremt nervöst Härz geif mat engem Cou stoen bleiwen. An dann geif ech doud emfaalen. Mam Kapp op d’Tastatur. Keen extrem schéinen Doud. An op main Grawsteen geifen se schreiwen „Gesturwen, wéi en geliewt huet: mat Angscht a Schrecken“.
Wann ech bessi iwerleen, klengt daat guer net emol esou schlecht als Sproch um Grawsteen. Emmerhin besser wéi „Endlech hällt en de Baack!“, waat wahrscheinlech um Grawsteen vun. gewessen. pseudo-investigativen. Journalisten. Hei. Am. Land. Wärt. Stoen.

Op alle Fall hun ech dunn relativ schnell rausfonnt, em waat et gaangen ass. Anonymous huet der Sekte Scientology den Krich erklärt. Einfach esou. Also, vlaischt net graad einfach esou.
Ech wees net, ob daat en bekannten Fakt ass, mee den Tom Cruise, den jo bekanntermossen an der Sekte Member ass, ass an engem Video opgetaucht, wou en esou ziemlech egal waat geziehlt huet. Also, den Video ass am Internet opgetaucht. An den Tom Cruise huet doranner wirklech ausgesin wéi wann en graad op engem firchterleechen Meskalin-Drogentrip wier an probéiert hätt, mat Speed dovunner roofzekommen an vun sengem Produzent nach eng Taas Kaffi mam Kokain dran servéiert kritt hätt, fir daat d’Wierder besser aus dem Mond rutschen. Ausserdem ass am Hannergrond dauernd d’Titelmelodie vun Mission Impossible gelaaf, déi iwregens en furchtbaaren Ourenwuerm ass.

Angscht a Schrecken. En Video vum Tom Cruise, den sain Gehier am Wäschsalon net nemmen mat enger ordentlecher Portioun Lenor an Calgon gewäsch kruut, mee et anscheinend och nach direkt do vergiess haat.
An als Reaktioun dorobber vun engem Group, den sech „Anonymous“ nennt, en Video mat enger mechanescher Stemm, déi der Scientology-Sekt de Krich erklärt.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin.

Ech wosst, daat Scientology eng komplett verreckt Sekt ass, déi dorunner glewen, daat d’Seilen déi an den Menschen stierchen duerch eng Atombommenexplosioun AN engem Vulkan op engem aaneren Planéit vun hirem richtegen Kierper getrennt gin sin. Ausserdem sin sie geint Psychatrie an brengen och schon mol Leit em, wann et muss sin. Immens onbequem an onsymphatesch Leit also, déi net zu normalen Verreckten geziehlt kennen gin. Wann en Mensch dorun glewt, daat irgendeen Typ, den virun 2000 Joer op zwee Stecker Holz houng, vun enger Fraa op d’Welt gesaat gin ass, déi nie Sex haat (bzw. Sex mat engem Geescht, mee daat ziehlt anscheinend net!), dann ass en vlaischt e bessi verreckt. Och wann en dorunner glewt, daat d’Welt vun engem giganteschen Spaghettimonster erschaafen gin ass, huet en vlaischt eng kleng mat der Broutscheiss. Mee et ass en net gefeierlech. An daat ass de Problem mat Scientology. Et ass een Grupp vun gefeierlechen Verreckten, déi d’Leit mat komeschen Gedankenstreimmießinstrumenter traktéiren.

Ech hun mech op engem komeschen, düsteren Wiki, deen en Pokemon als Logo haat, schlau gemaach. Do waaren déi net esou geheim, mee trotzdem düster Pläng vun der „Operation Canology“ opgeschriwen, an daat an engem komeschen Internet-Slang, den quasi net ze verstoen waar, wann en net graad all 2. Beleidegung als Ersatzwuert fir irgendeppes furchtbaar Banales geholl huet. An do stoungen d’Waffen vun desem Krich: Ungreff op de Site vun Scientology, Telefonsunriff, endlos Faxen mat schwaarzen Saiten, Fluchblieder, Veröffentlechen vun internen Dokumenter, an esou weider, an esou weider.

Virun e puer Minuten waar ech nach en ganz normalen Internetbenotzer gewierscht. An elo waar ech zweschen d’Fronten vun engem Krich gerooden, wou op der enger Sait eng onheemlech, anonym Mass stoung, an op der aanerer Sait en Sekt vun geiferlechen Verreckten.
Angscht a Schrecken haaten mech. Daat léi waar gefeierlech, an net op déi normal Art an Weis. Daat léi waar keng Kaffifahrt vun Drogenverreckten, daat léi waar… Krich. Also, anscheinend.

Ech hun mech dorunner erennert, wéi ech eng Keier zweschen d’Fronten vun enger Verschwörung gerooden waar, wou op der enger Sait en Grupp vun anarchisteschen Informatiounsterroristen an de Geheimdengscht stoungen an op der aanerer Sait déi roud-riets-Pol-Pott Brigaden, déi aus dem Keller vun enger letztebuergescher Zeitung eraus operéiert hun.

Naasen Schwees ass mir de Bockel erofgelaaf. Ech wosst net méi, waat ech maachen sollt. Daat enzegt, waat elo nach bliwen waar, waar d’Flucht. Mee och op en virtuellt Kraiz ze drecken, fir vun engem Site erof ze kommen, netzt naischt méi. Ech haat meng Spueren hannerloss, an wann eng vun denen zwou Partéien wollt, konnten sie mech kreien, do waar ech secher …