Angscht a Schrecken eng weider Keiher an enger relativ versiffter Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht

Et gin Situatiounen am Liewen, do weess en net, wat en soll maachen. Zum Beispill wann en sech entscheede muss zwëschen enger Clubnuecht mat zweiwelhaft Oflaaf an der Aussiicht ob eng waarm Kummer mat eventuell engem gudde Whisky.
Wann en sech dann einfach zu dem éischten iwerzeege léisst, muss en sech ob en Owend mat Angscht a Schrecke gefaasst maachen.


Eigentlech sollt en als Gonzojournalist jo emmer ob Angscht a Schrecke gefaasst si. Mee heinsdo ged en eben och äiskaler erwëscht – virun allem dann, wann en mengt, et wier en ob der gewonnener Säit. Ech waar jo schon eng Keier an der relativ versiffter Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht, (Fir puristen: cf. Episode #32) also wosst ech, wat geif ob mech zou kommen. Mee trotzdem ënnerschätzt en emmer erem, wat do ob en zou kennt.

Fir déi Leit, déi déi Folg, wou ech des speziell Location schon eng Keier behandelt haat, nach net héiren hunn, eng kleng Zesummefaassung: Iwerbleibsel aus den 60er Joeren, Hippien an hir geeschteg Nofolger, Drogenkonsum, LSD-gedränkt Fallschiermer an dat flott Wuert polytoxikomaneschen Tripp. A genee dohinner sollt et zeréck goen.

Wéi och meng lescht Rees an déi relativ versifften Hippiedisko ass et och dess Keier op enger Bushaltestell lassgaangen. An erem eng Keier net, fir de Bus ze huelen, mee fir ob den Auto ze waarden, den mech sollt sichen kommen. Den ass och zu mengem Gleck relativ séier komm. Et waar nämlech batter kal dobaussen, an wann ech et nach laang hätt misse waarden, wier ech wahrscheinlech un der Bushaltestell ungefrueren. Datt wier en séiert an kaalt Enn vun menger Diskotour gewierscht.

Mee den Auto ass komm, an hannert dem Stéier souz meng beschte Frëndin, déi den Nolauschter net onbekannt ass. Mir sinn da relativ gemittlech bis an den wellen an onbekannten Oste vum Land gefuer.
Wann een an déi Hippiedisko well, kennt en eigentlech net wirklech dovunner ewech, duerch d’Brousse ze fueren. An esou sin mir och dess Keier duerch den onbekannten Oste gefuer an hunn dobäi Dierfer mat esou wonnerbaren Nimm wéi Eppelduerf passéiert. Vun Eppelduerf wees ech eigentlech guer näischt, ausser dat et do eng Keier am Joer eng grouss Spaghettisfriess ged. Wahrscheinlech ass Eppelduerf déi Uerschaft mat dem héichste Pastafari-Undeel am Land.

Dat meng zween aal Bekannter Angscht a Schrecke mat vun der Partie wieren, ass mir spéitstens du bewosst ginn, wéi mir laanscht en Scheld gefuer si, ob dem stoung, dat d’Stross weinst Bauarbechte gespaart waar. Riets vun mir ass et an en déiwe Gruew eroof gaangen, den ongeféier 5 Meter méi déif loung wéi den Deel opgerappten Buedem, ob dem mir gefuer si. En waar voller Kallek. Ech hun mir virgestallt, wéi den Auto vun der Streck voller Steng an Lächer ofkennt an mir an den Gruew an den Kallek falen. Da geif wahrscheinlech eng gigantesch wäiss Steppswollek rondrëm eis entstoen an mir geifen am wäisse Kallek begruewe gi. En séiert an steppegst Enn vun eiser Diskotour.

Angscht a Schrecke si méi grouss ginn, wéi meng beschte Frëndin, dat den Nolauschterer net onbekannt ass, gemengt huet, dat et wuel keng esou gudd Idee gewierscht wier, déi lei, am grousse ganze relativ onfärdeg Stross ze huelen. Den Auto ass allerdengs nach emmer gefuer. Lues zwar, mee ëmmerhin. Anerersäits hunn ech mir gewënscht, en hätt Allradundriw, dat hätt vill Saache wesentlech méi einfach gemaach.

Irgendwann hate mir den onfärdegen Strossenabschnett dunn awer ouni gréisser Zweschenfäll passéiert an konnten eis Rees Richtung versifften Hippiedisko fortsetzen.

Déi hun mir dun och relativ schnell ereescht. Als eischt. Ech haat daat nach nie. Normalerweis sin mir emmer vill méi speit an déi Hippiedisko gefuer, wou d’Stemmung esou geint 12 lues ufänkt opzekommen, geint Eng den Climax ereescht an dann fir déi meescht bis Zwou oder Drai weidergeht.
Ech haat mer erwaard, daat op manst déi puer aal Hippien, déi schon an den 60er Joeren net zu denen jengsten Hippien geziehlt hun, schon geifen do setzen – oder, an daat huet mer méi wahrscheinlech geschengt, danzen. Ech hun do Leit gesin, déi nie opgehaalen hun, ze danzen. Okay, normalerweis geif en et „an Trance rondremtorkelen“ nennen, mee fir déi Leit waar et wahrscheinlech danzen.
Mee nee, et waar komplett eidel an der berühmt-berüchteger Hippiedisko, déi awer esou daischter an versifft waar wéi emmer.

Mir hun eis also op en vun denen Descher gesaat, wou soss emmer déi Stammclienten kommen, déi offensichtlech just weinst der flotter .. ehm… Atmosphär kommen an net danzen wellen. Daat ass jo och esou eng Saach bei Diskoen. Et gin och Leit ran, déi net danzen wellen.
Meng beschten Frendin, daat den Nolauschter net onbekannt ass, huet also ungefaangen, mir seng lescht Wochen ze erziehlen. Ween hat wéi ech e bessi méi perseinlech kennt, wees, daat dat laang daueren kann. Trotzdem muss ech fair an journalistesch korrekt bleiwen an därf net vergiessen ze erwähnen, daat ech während der Zait keng Spueren vun mengen zwee aalen Bekannten Angscht a Schrecken gesin hun.

Daat sollt sech awer mat der Arrivé vun verschiddenen Leit déi mir vague an menger beschter Frendin, daat den Nolauschter net onbekannt ass, besser bekannt waaren, änneren. Sie hun sech un eisen Dech gesaat an hun ungefaangen hier Geschichten ze zielen. Dobai ass et haaptsächlech drems gaangen, aaner Leit op irgendeng Art an Weis erof ze maachen. Net, daat ech eppes dogeint hätt: ech muss et just net andauerend heiren. Ausserdem sin ech mir ziemlech fehl op der Plaatz virkommen, well ech déi Leit, iwert déi geschwaat gin ass, all net kannt hun. Angscht a Schrecken waren also dach am Raum. Wahrscheinlech haaten sie et sech fir eng knapp Stonn um Contoir gemitterlech gemaach an waaren elo erem do. Dofir awer mat duebeler Kraaft.

Irgendwann hun ech missen op d’Toilett. Daat waar eng gudd Geleegenheet, ewech vun denen komeschen Leit ze kommen an e puer normal Momenter op enger roueger Plaatz ze verbrengen.

Op der Toilett dunn stoungen e puer komesch Leit, déi gesoot hun, et wier alles besaat. Ech sin mir direkt virkomm wéi op den Toiletten am „Breat Easton Ellis“ sengem Roman „American Psycho“. Do ged emmer mat irgendwelchen Drogen gedealt an et spillen sech déi verrecksten an eklegsten Szenen do oof. Bis elo waar mir esou eppes nach nie passéiert.
Mee déi Leit, déi do stoungen an komesch Witzer gemaach hun, hun den Androck vun Drogenverreckten op mech gemaach. Net déi Zort vun gemittlechen Junkien, déi den ganzen Daag op der Gare setzen an eng Keier all puer Deeg austicken an sech geigensaiteg unjaizen. Sie hun och net gewierkt wéi e puer Kifferen, déi drop an drun waaren, sech och nach déi lescht puer Gehierzellen wechzedämpen.
Nee, daat lei waaren geiferlech Drogenverreckter. Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Waat geif elo mat mir passéiren? Geifen se mech mam Kapp an en Pissoir drecken, bis ech keng Loft méi kriit? Oder geifen se den Doftsteen am Pissoir ufänken an déi toxesch Dämp anotmen, fir dann op engem giganteschen Horrortrip Amok ze laafen an déi zwee LSD-getränkt Fallschirmer op d’Leit erofzezeien?

Ech wollt net erem goen. Engersaits wollt ech net, daat se weissten, daat ech weisst, daat sie gefeierlech Drogenverreckter waaren, aanersaits hun ech wirklech missen op d’Toilett. Main mettlerweil mettleren Alkoholspiggel huet net wirklech gehollef, eng Entscheedung ze treffen.

Zum Gleck ass een vun den Drogenvereckten aus enger Kabin gesprong komm an ass erausgelaaf. Seng Akoliten sin him hannen drun gaangen. Ech konnt mech erliichteren.

No enger gewesser Zait ass et dun esou lues lassgaangen mam danzen. Mee irgendwéi huet et des Keier net esou geklappt. Ech waar ziemlech midd an menger beschter Frendin, daat den Nolauschter net onbekannt ass, ass et ähnlech gaangen.
Mir hun also relativ schnell erem opgehaalen an sin bis virun d’Dier gaangen.

An der versiffter Hippiedisko ass daat en normalt Ritual. Do stinn dann Hollänner, déi d’Elben-Sprooch aus Herr der Ringe schwätzen (oder eben letztebuergesch, waat bei denen Leit keen Ennerscheed meescht) oder irgendwelch komesch Kiffer, déi virun der Dir en Joint femmen, wéi wann et daat normalst vun der Welt wier. Daat steiert absolut keen.
Anscheinend sollen och schon Leit en Kuch voller komescher Substanzen virun der Dier verdeelt hun. Daat ass awer just en Gerücht.

Ech hun mech gefroot, op den Rastamann och heinsdo geif an der komescher Disko optauchen. Oder ob den Toni eppes mat denen geiferlechen Drogenverreckter vun der Toilett ze din hätt. Vlaischt geif och en Skandaljournalist mat engem botaneschen Nonumm optauchen an mat sengem pyschedeleschen Fotoapparat komesch Biller vun den aalen Hippien maachen, déi schon zenter 40 Joer an der komescher Disko danzen an nach nie opgehaalen hun…

Angscht a Schrecken sin méi an méi grous gin. Irgendwou ass eng Persoun rondremgesprongen déi haard gejaut huet „Ech sin den Praktiker, de Praktiker! Ass daat net wonnerbar!“

Angscht a Schrecken haaten mech. Ech wosst, daat dest defintiv den falschen Daag waar, fir an deser versiffter Hippiedisko aal ze gin. Virun allem, well en wahrscheinlech en polytoxikomaneschen Doud stirwen geif, well den LSD-getränkten Fallschirm op en geif faalen.

Daat enzegt, waat elo nach Bliwen ass, waar d’Flucht…

3 thoughts on “Angscht a Schrecken eng weider Keiher an enger relativ versiffter Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht

  1. Wéi aal bass du? Mäi léiwen houre Wouscht, waat ass daat do e Blödsinn.
    Wann et winstens witzeg wier, mee ´t ass einfach nemmen aarmséileg an en plus grotteschlecht virgelies, resp. getuddelt.
    LSD-Fallschirmer? A soss geet et? Einfach en Trauerspill di Säit hei.
    De Flying ass eben sou wi en ass, eng Cultdisco, alternativ zun deenen aneren Clubs (an der Stad zB)
    Do gett eben mol heinsdo eng gekifft, mee am Muko oder Melu etc. gi bestemmt mi haard Droge geschmass!
    Rastaleit begéint een am Fly, ass dach cool, deene Leit gefällt et eben do. Néirewou soss ass de Public sou vermescht wéi ze Beefort an denger ominéiser versifftener Disco.
    Amplaaz de Gäck ze maachen solls de doheem bleiwen. De Fly leeft och ouni dech an deng domm Remarquen!
    Net fir näischt ass all Freideg d´Bud quasi voll, et ginn also genuch Leit deenen et do gefällt!
    A propos, Friday is Flyday, den Owend ginn ech endlech rem eng Kéier op Beefort danzen a mech amuséiren, an ech se secher datt et e flotten Owend gett!
    Nuecht
    Houre Wouscht

  2. Ech wees net, ob ech elo soll erklären, waat Satir ass oder ob ech den Kommentar héi lo einfach soll ignoréiren. Mee ech sinn jo fir Interaktivitéit mam Nolauschtrer, dofir e puer Erklärungen:

    Ech ginn immens gären an de Fly an fannen alles, waats du beschriwen hues, wouer. An trotzdem kann ech héi de Geck domadder maachen. An jo, vill Saachen déi héi an dem Text stinn sinn iwerdriwen. Jo, villes vun dem waat ech héi huelen fir de Geck mam Fly ze maachen ass eppes, waat ech als positiv emfannen an mecht, daat ech gären dohinner ginn.

    Vir de Recht géif ech dech bieden dech vlaischt nach bessi méi mat A&S ze beschäftegen, dann wärs de gesinn, daat zB. den Melu vill méi schlemm wechkomm ass. An ween den Rastamann ass.

    Nie vergiessen: “Humor ist, wenn man trotzdem lacht!”

Comments are closed.