Angscht a Schrecken am MUDAM, den vun verschiddenen Leit och Péimusée genannt ged

Nachdem eine ganze Generation mit Diskusionen über Pläne, alte Architektur, teuere französische Steine und ewige Bauzeit des sogenannten Péi-Museums aufgewachsen ist und es dann nie besucht hat, hatte ich beschlossen, mir das mal anzusehen. Angst und Schrecken waren nicht weit, ausserdem gab es ein unheimliches Wiedersehen mit Wim Devolye …


[Das Stück davor war handgeschrieben, ich tippe das bei Gelegenheit mal ab.]
Um enneschten Stack gouf et eng Ausstellung vun portugieseschen Kenschtler. Haaten mir gesoot kritt.
Waat mir net wossten: Den Raum virum Vestiaire waar net Deel dovunner, mee eng Austellung, déi emmer ass. Un sech huet et ausgesin wéi en Raum an dem en kéint mat komeschen Geigenstänn spillen. Mee déi waaren all ungepescht oder hun esou zerbriechlech ausgesinn, daat ech mir net getraut hun, se unzepaacken.
Irgendwéi huet daat mir alles naischt gesoot. Ech hun net erkannt, waat déi Konscht waar, ausser „komesch“. En Fläch huet ausgesin wéi Kresser am Sand, mee daat waar och alles aus irgendenger gedrechenter Modelléiermass, sou daat et keng Interaktivitéit gouf.

Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Geifen eis elo just esou komesch Raim mat naischtsoenden Installatiounen erwaarden? Geifen mir eis herno fillen wéi déi greißten Idioten, well mir absolut naischt verstaanen hätten?

Zum Gleck ass et anescht komm. Mir sin an den greißten Sall vum MUDAM gaangen an hun do eng gigantesch stoften Installatioun gesin, déi ausgesin huet wéi eng grous Breimenheck, déi irgendwéi erschlafft waar. Wéi wann de Saaft erausgepresst gin wier. Et waar immens hell, well déi déier Steng an daat villt Glaas immens gestrahlt hun. Et huet wéi gedoo an den Aan.
Mee ob manst konnt ech déi Breimenheck e bessen interpretéiren. Mee trotzdem ass en ongudd Gefill bliwen.

An dem nächsten Raum stoungen Konstruktiounen aus Glas an Stohl, déi ausgesin hun, wéi wann se beim Baum vum Musée iwreg bliewen wieren. Vlaischt huet sech einfach keen getraut, se wechzeraumen, well se schon ausgesin hun wéi Konscht. An et wollt en jo net einfach e puer „Betz“ wechraumen an herno als Konschtbanaus vernannt gin.

Den ganzen Musée waar voller Secherheetspersonal, sou daat en stänneg d’Gefill haat, irgendeppes falsch gemaach ze hun an sech alles méi scholdbewosst ungekuckt huet, wéi en hätt missen. Et waar keen gudd Gefill, sech hallew obzön Biller unzekucken an dobai vun engem 2 op 2 Meter Mann iwert d’Scheller gekuckt ze kréien. Irgendwou ass och en Trupp Kanner duerch den Musée gehopst, déi en giganteschen Kaméidi veranstalt hun, waat d’Atmosphäre net onbedengt verbessert huet.

Et ass weider gaangen an eng Katakomb, déi an MUDAM-Sprooch als „Medialab“ bezeechet gin ass. Komesch technesch Zeechnungen an onlieserlech Zitater op komeschen Sprochen sin an enger Aart visueller Kakophonie ofwieselend op 43 verschidden Bildschirmer an Leinwänn projezéiert gin. Meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken haaten daat gären. Irgendwann sin Leit komm, déi daat offensichtlech immens interessant fonnt hun an op denen komeschen Setzgeleegenheeten baal emgefall sin.

Mir hun eis weider gemaach an sin an komeschen Alkoven geland, wou Videoen un d’Wänn projzéiert gin sinn, an denen Léit op Luuchtepoten geklommen sin oder geturnt hun. Un den Maueren hungen Biller vun phallusgehörnte Fraen, denen kleng Apache-Kampfhelikopter aus dem Mond geflunn sin an déi sechs Brescht haaten. Um Bueden huet irgendeen Kenschtler der Baustell an dem hallewfärdegen gehuldegt an huet Zillen an Neonstuben an den Raum gesaat.

Den iwreschten Stack waar eng Austellung vun Objekter aus der Sammlung vum MUDAM. En Raum waar voll mat Biller vun engem kenschtler, den unisfarweg Flächen mat emmer 5,6 decke farwegen Stricher drop molt. Der Erklärung, déi op d’Mauer gepescht waar, no, hun des Stecker dozou gedenkt, en Bild duerzestellen. En Konschtobjekt, den einfach nemmen en Konschtobjekt waar, also.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. An engem aanerem Raum waar modern Konscht, déi méi no eppes ausgesin huet, och wann ech net verstaanen hun, waat. Ech haat en Bichelschen, an dem ech et noliesen konnt, daat huet missen duergoen!

An dun hun ech endeckt, daat den diaboleschen Wim Devolye (cf. Episode 45), den Erbauer vun den Kakasmaschinnen, eng Kapelle am MUDAM huet. An enger goteschter Kapell aus schwaarzem Stohl ged him an sengen Kakasmaschinnen gehuldegt. D’Kirchenfenstern sin Röntegenbiller vun Leit an obzönsen Positiounen an natirlech Konstruktiounszeechungen vun sengen Kakasmaschinnen. Angscht a Schrecken waaren esou grous wéi nie. An ech haat gemengt, et kéint em dem diaboleschen Wim Devolye einfach esou entkommen!

E bessen gehetzt an mat Schwees ob der Stiir sin ech dunn an den Keller gaangen, wou nach weider Wierker vun portugieseschen Kenschtler ze gesin waar. Allerdengs stoungen déi am Keller och schon richteg. Et waar ziemlech düster, an esou waaren déi Wieker och. Ech sin an een ofgedonkelten Raum gaangen an hun eng Filmprojektioun erwaard. En gigantescht Bild vun engem Kameraobjektiv huet mech ungekuckt. An irgendwann huet déi Kamera ungefaangen, sech ze bewegen. Ech sin erféiert. An ech hun geduercht, déi Kamera geif mech regelrecht duerchkucken, mech röntegen, alles vun mir rausfannen.
Falls der eng Kéier iwert daat Wuert „orwelleschen Alpdraam“ faalt, – ech wees elo, waat gemengt ass.
Angscht a Schrecken haaten ech. Ech hun probéiert, fortzelaafen, mee ech sin just an en aaneren Raum getrollt. Een schrecklecht Bild huet sech mier gebueden.
Do houng eng Usammlung vun menschlechen Skletter, matneen zu engem grotekten Bild verschmolz. Waat fir en Mellen Drogenverreckten haat sech esou eppes ausgeduercht? Huet den Mensch wirklech Leit dofir embruecht oder Griewer vun onschellegen ausgebuddelt fir un Schanken ze kommen?

Angscht a Schrecken waaren esou grous wéi nach nie. Modern Konscht, Baustelleniwerrechter, eng gigantesch Kamera, ofschreckend Schankenskulpturen an d’Kapell vum diaboleschen Wim Devolye… daat waar ze vill fir mech.
Daat enzegt, waat elo nach bliewen ass, waar d’Flucht. D’Flucht an d’trivialt. An déi ass um Kierchbierg just 5 Busminuten bis bei de Kino ewech…