Angscht a Schrecken mam beschten Frend vum Mënsch

Wann een mir d’Wiel geif lossen, wier ech wahrscheinlech eischter een Katzenmensch. Och wann main geeschtege Papp an perséinlechen Held mech eischter zu engem Pohunn géif verpflichten, esou fannen ech Kaatzen dach meeschtens ziemlech angenehm Déiren. Et muss en sech net vill em se kemmeren, et huet een eng schnurrend Wärmefläsch fir kaal Deeg an et kritt en heinsdo nach eng doudeg Maus oder soss Déiren virun d’Kichendir geluecht. Eng Saach, déi extrem praktesch ass, wann een Zeugen Jehovas oder soss Leit, déi ongefroot bei engem schellen, well verjoen. Daat geht ganz einfach: Et deet een sech schwaarz un, et schminkt een sech nach vill méi schwaarz an fächelt dann mat dem doudegen Déiren, daat een op en Spiess gestach huet, rondrem an schwaafelt e bessi Kichenlatein.

Ech haat beim Schreiwen lo eigentlech „Kaatzelatein“ am Kapp, vir erem de Bou op déi Déiren ze schloen, mee eischtens ged et just Katzengold an net Katzenlatein an eigentlech sollt et an dëser Episod vun Angscht a Schrecken zu Letzebuerg jo em Henn goen, déi esou oft als beschten Frend vum Mensch bezeechent ginn.

Eigentlech froen ech mech, ween ob esou eppes an d’Welt setzt. Wahrscheinlech déi selwescht Leit, déi vun der Police als „dein Freund und Helfer“ schwätzen. Wann daat léi lo een Video wier, gifft der lo en Biller vun Polizisten gesin, déi irgendwelche Hippien zerklappen, Wasserwerfer ansetzen oder Leit mat Tréinengas bombardéiren. Dir kennt ierch daat elo virstellen an e bessi laachen. Merci.

Ob waat ech eigentlech hinauswollt: An dem Haus, an em ech wunnen, wunnt zoufällegerweis och een Hond. Well aaner Leit, déi zoufällegerweis och an dem Haus wunnen, daat esou decidéiert hun. Ech hätt jo eng Kaatz geholl, mee daat hun ech mengen ech schons gesoot.
Lo sinn Henn net déi schlechsten Hausdéiren. Vill méi schlemm Hausdéiren sin ausgewuessen Aligatoren, Kakerlaaken, frailaafend Skorpiounen, waiss Tigeren oder Gremlins.

An lo, wou esou ziemlech all déi Leit, déi fir een Hond waaren, an der Vakanz sinn, därf ech natirlech op daat Déier oppassen. An Henn sin zwar heinsdo ganz angenehm Hausdéiren – zum Beispill wann se schloofen, mee daat maachen se eben net emmer.

Den Hond ass zum Beispill net gären alleng. Waat een an engem groussen Haus zu drai awer oft ass, wann en net graad bei engem aaneren am Zemmer ass. Den Hond kennt och emmer bis an main Zemmer, schnoffelt dann do e bessi an geht dann erem roof, wou en dann paift, well en alleng ass an et em langweileg ass.
Dann geht een den Hond erem sichen, et weisst en em den Teppech, den een eigentlech net voller Hondshoer hun wollt an hofft, daat en des Kéier do setzen bleiwt.

Daat mescht en dann och. Vir ongeféiher 2 Minuten. Dann leeft en erem roof an paift, well keen do ass.

Daat mat den Hoer ass och esou eng Saach. Den Hond huet sech aus irgendengem komeschen Grond ugewinnt, Hoer ze verléiren. An groussen Petsch. Aus irgendengem komeschen Grond kann den Hond daat wochenlaang, ouni irgendwéi sichtbaar un Pelz ze verléiren. Ausserdeem esst en seng eegen Hoer, wann een em se dohinnerhällt. Daat nennt een dann Recycling. Oder esou. Et mescht am Fong genausouvill Arbescht, d’Hoer opzeraafen an dem Hond ze friessen ze ginn wéi se wechzewerfen, mee wann et him schmaacht…

Angscht a Schrecken kommen op, wann een sech méi no mat der Verdauung vum Hond bzw. mat den Endprodukter befasst.
Normalerweis muss en mat esou engem Hond jo mol Gassi goen an dann kackt an pisst en an alles ass gudd. Bei dem Hond, ob den ech hu missen oppassen, ass en stonnen an kilometerlaang Gassi gaangen, ouni daat daat Véich irgendwéi och nemmen en klengen Keipschen Schaiss faalen geloss hätt.
Leiwer kackt et an de Gaard, waat den enormen Nodeel huet, daat den Gonzojournalist/Hondssitter deen herno erem därf propper maachen. Angscht a Schrecken waaren wahrscheinlech zwee Henn.

Henn hun vill komescht Gewunneschten. Oder ob manst deen Hond, ob den ech oppassen sollt. En knaat zum Beispill gären op Saachen. Dobai ass et ganz egal, waat. Haaptsaach en kann et an den Mond huelen an drop knaaen. Schong, eng Dier, den Deckel vun enger Gewürzmillen, Zillen, Bengelen, doudeg Raaten oder seng Lengt, et ass ganz egal, haaptsaach knaaen. Angscht a Schrecken kommen meeschtens reischt dann op, wann een d’Iwerreschter vun den 500-Euro Liederstiwelen erbleckt oder mierkt, daat den antiken Eechenschaaf irgendwéi ungeknaat ausgesait.

Nirwt knaaen dirft „Iessen“ wuehl den Lieblingshobby vun all Hond sin. Ganz uwem ob der Menüskaart stinn Nueschnapescher, déi am leifsten während dem Spazeiergang gefruppst ginn. Durno kennt „alles aaneres“, woubai et dem Hond ziemlech egal ass, ob en graad ze friessen kruut oder net. Soubaal irgendeen eppes an der Hand huet, waat fir den Hond vague iessbar ausgesait, setzt en sech dohinner, setzt sain allerschlemmsten „Hundeblick“ op an hechelt.
Wann daat net klappt, probéiert en engem d’Patt ze ginn, well en offensichtlech der Meenung ass, daat geif een esou beandrocken, daat en sain Iessen geif fir den Hond afferen.

Iwregens konnt den Hond schon vun Ufank un d’Patt ginn. Daat waar schon virinstalléiert. Oder d’Henn kennen daat mettlerweil wirklech schon, vun wegen Evolutioun an esou. Oder dem Hond seng Mamm huet em daat baibruecht, wou en nach ganz kleng waar.

Angscht a Schrecken haaten mech. Wiesou huet den Hond esou ondifferenzéiert op allem geknaat? Waat brengt een Déier dozou, seng eegen Hoer ze friessen? Wiesou konnt en schon vun Ufank un d’Patt ginn? Wiesou wollt en ennerwee nie Schaissen oder Pissen? An virun allem: Wiesou soll esou en Déier de beschte Frend vum Mensch sinn?