Angscht a Schrecken am Iwerwaachungstaat

Oft froen mech Leit, op ech Angscht a Schrecken net och kéint politesch maachen. Ech kucken dann emmer e bessi komesch.
Ech sinn der Meenung, daat des Serie, desen Podcast, nennt et wéi der wellt, per se politesch ass.
Wann daat lo engem net anliicht: einfach wéider driwer nodenken. Politik huet net emmer mat Parteien ze dinn. Heinsdo huet Politik esouguer mat dem Croissant um Kaffisdesch oder den Drogenverreckter am Zuch ze dinn.

Mee haut, haut ass den Daag fir all déi leit, déi eng Kéier en „politeschen“ Angscht a Schrecken wollten hun. Well haut geht et em den Iwerwaachungsstaat.
Den Hunter S. Thompson soot eng Kéier, daat et esou eppes wéi Paranoia net géif ginn. Se sinn hannert dir, sait emmer, an wärten et emmer sinn. Ech wees net, ob daat stemmt, an ech ech wees och net, ween „sie“ sinn, mee ech kréien Angscht.

Et geht jo net Drogenverreckter am Zuch an Arschfueren vun komeschen Leit op Konzerten, déi mir Angscht maachen. Mir mescht den internationalen Terrorismus och relativ weineg Angscht. Vill méi mescht mir Angscht, daat ech mettlerweil op Schratt an Tratt gefilmt ginn

Ech sinn an der Stadt an kommen wéi esou oft – Ökohellegenschain ahoi – mam Zuch un. Wann ech mat engem vun denen néien Modeller gefuer sinn, sinn ech schon déi ganzen Zait gefilmt ginn, wéi ech telefonéiert, gelies, an der Nues gewullt, Podcasten gelauschtert oder Angscht a Schrecken geschriwen hunn.

Op manst virun der Gare ginn ech erem gefilmt, wéi ech probéiren mat dem néien onduerchsichtegen Bussystem vun der Staat Letzebuerg eenz ze ginn, waat ech dann opginn an verzweifelt an irgendeen Bus sprangen, an der Hoffnung, hien brengt mech dohinner, wou ech hinwell.

Klammen ech um Aldringer eraus, ginn ech do schon erem gefilmt – net nemmen vun der Police, mee och vun der Post an wahrscheinlech och nach vun e puer aaneren Leit an Firmen, déi em hier an eegenen Aussoen och em meng „Secherheet“ besuergt sinn.

Ech ginn wahrscheinlech méi oft gefilmt wéi Bewunner vum „Big Brother“-Haus. Anscheinend ged et déi Serie nach emmer. Ech hun irgendwann eng Kéier opgehall, Fernseh richteg ze kucken. Wann ech an Reim sinn, an denen en Fernseh leeft, probéiren ech, auszeblenden, waat do alles geschidd. Probéiren Leit mat mir iwer Fernseh ze schwätzen, kann ech endweder net matschwätzen oder just soen, daat ech déi Serien schon am Original gesinn hun, well Internet an Piratenbucht asw.

Angscht a Schrecken kommen op, wann een sech virun Aan féiert, waat do graad geschidd. Den George Orwell ged jo oft genuch zitéiert, mee hien haat sech einfach nemmen em e puer Joer verschaat. Elo sinn mir voll dran am Iwerwaachungsstaat – et sief dann, mir wieren eis dogéint, nach ass Zait.

Angscht a Schrecken kucken aus all Kamera, déi opgehaangen ged, se kontrolléiren all Nummer, déi ech ungeruffen hun an liesen main maschinnenliesbaren Pass aus.

Ech fillen mech manner secher sait iwerall Kameraen hänken, déi mech mat hiren mechaneschen Aan unglotzen an op denen eng Falsch Bewegung direkt registréiert ged.

Paranoia kennt op, wann ech mir ausdenken, wou daat alles hinféiert… Gesond kann et op alle Fall net sinn.
An Letztebuerg hänken baal esouvill Kameraen op den Awunner wéi zu London. An do sinn se jo bekanntlech Iwerwaachungsweltmeeschter.

Ech stellen mir fir, wéi e puer gelangweilt Polzisten hannert de Bildschirmer setzen an sech d’Biller vun den Kameraen ukucken. Leit déi sech um Aldrenger mat hiren Frenn treffen, Leit wéi se besoff iwert d’Gare treppeln. Vlaischt kann en am Park och nokucken, wéi Leit matneen knutschen?
Heinsdo, awer nemmen ganz heiansdo hun se dann och d’Gleck, een Drogendealer kennen ze erweschen.
Mee wéi fillt en sech, wann en am Fong nemmen kann nokucken, wéi d’Liewen vun deenen aaneren passéiert, während en selwer virun Monitoren setzt?
Ech froen mech eeschthaft, op et eng Art vun Muechtgefill ass oder op een sech an Wierklechkeet guer net esou mächteg virkennt, eischter schlecht, wéi en Voyeur?

Wéi oft soll ech schon gefilmt ginn sinn, wéi ech mir an der Nues gewullt hun? Ech maachen daat relativ oft an well ech esou ziemlech oft vergiessen, en Nueschnappesch ze huelen…mee daat well jo keen wessen. An et mescht mer Angscht, daat et Leit ginn, déi daat awer vun mir wessen, well se hannert Monitoren setzen an den ganzen Daag soss naischt maachen wéi nozekucken, wéi d’Leit sech an der Nues wullen.

An daat mat den Kameraen ass jo nemmen eng Saach. Wann ech lo eng vun denen schicken néien e-go-Kaarten hätt, kéint en och relativ fex nokucken, wou ech dann meeschtens mam Zuch hin an hier fueren. Daat ass zwar net wirklech eng Iwerraschung, wann ech soen, ech wunnen un der nördlescher Front vum Gutland an fueren relativ oft an d’Haaptstadt, mee trotzdem: ween geht daat eppes un, wéi oft an zu waat fir engen Zaiten ech hin an hier fueren?

Angscht a Schrecken ginn méi an méi grouss. An och d’Flucht helleft naischt, well wouhinner well een flüchten? Daat enzegt, waat vlaischt helleft, ass, wéi esou vill Leit an Europa den 11. Oktober… op d’Stross goen an seng Meenung soen.
­

An och do ass en dann anscheinend op Leit getraff, déi an hirem Arbeschtfetischismus net verstinn, daat en sech net nemmen all 5 Joer politesch engagéiren an Sätz kommen lossen wéi „Déi missten mol schaffen goen, dann hätten se keng Zait fir esou en Blödsinn“

3 thoughts on “Angscht a Schrecken am Iwerwaachungstaat

  1. Grousst Kompliment fir deng Sait an Texter. Ech hun an deene leschte puer Deeg baal alles gelauschtert waat et vun dir gett an si begeeschtert. Endlech mol een dee genau daat waat ech fillen wann ech a Letzebuerg um Tour sin op de Punkt brengt!

    An ech fannen et net gud dass sou vill Leit neicht geint den Iwerwachungsstaat soen. Flaicht well et se net wirklech interesseiert oder well se Angscht hun eppes ze son- ech wees et net. Ech op jidde Fall fillen mech emmer beobacht a kann net mei ech selwer sin an der Sadt.

  2. Majo ech schleissen mech dem Kompliment vu firdrun un well ech fannen et och selwer gudd dat et na leit hei zu Letzebuerg gin dei de Baak kennen opdoen!!

    Mee, obwuel ech net wees op dee Verglach mat London stemmt, muss ech trotzdem soen dat ech frou sin fier all Kamera dei mech verfollegt a souguer dann wann ech mer an der nues bueren!! Also ech wees et jo net mee fier mech an och aanerer gin dei Kameraen awer ee gefill vu secherheet op enger gare oder engem aldrenger dei emmer mei multik… gin!!?? A sws soulaang see mech net graad an mengen 4 Wänn filmen, kennen se dat roueg maachen well ech! hun neischt ze verstoppen!?

  3. Angscht a Schrecken mat Léit déi op A&S.lu kommentéiren.
    Kameraen hëllefen iwwerhaapt näischt, et brengt vill méi Hecken ze schnéiden an Luuchten un ze maachen. Interessant, dat s du dech mat Kameraen méi secher fills – ech fille mech eischter verfollegt. Du hues näischt ze verstoppen? Wiesou kommentéiers de dann net mat vollem Numm an Adress?

Comments are closed.