Angscht a Schrecken beim Joereswiesel am Süde vum Land

Silvester ass déi gréisste Party vum Joer. Dat gesinn op mannst vill Leit esou. Als Gonzojournalist kann ech doriwwer natierlech just laachen. Mëttlerweil sinn ech esou gutt, dat einfach esou Freides owes ass, wann ech dat behaapten. Och wann deen aneren Daach da Mëttwochs ass, den Owend ass Freides Owes an ech behuele mech och deementspriechend.


Mä ech verstinn och de Wonsch, um Enn vum Joer nach eng Kéier esou richteg ze féieren an ze probéieren, déi béis Geeschter vum leschte Joer mat Alkohol a Knupperten ze verdreiwen. Esou war ech dëst Joer op eng Party am Süde vum Land agelueden. Ech hunn e puer Leit rose gemaach, well ech net ob hier Party gaange sinn, mä leider sinn ech nach net esou gutt, dat ech mech an dräi deelen oder teleportéiren kann. Dofir hei nach eng Kéier eng offiziell Entschëllegung un all déi Leit, mat deenen ech net geféiert hunn.

Wéi ech aus dem Zuch geklomme sinn, ass mir e Grupp vu laachende Jugendlecher opgefall. Ech hu mir natierlech näischt geduecht, mä nodeems ee Knuppert viru mir explodéiert ass, wosst ech, wisou si gelaacht hunn. De Wee bei déi Wunneng, an der ech sollt féieren, ass net laang, et geet een eng Véirel Stonn laang laanscht Caféen, Brëllegeschäfter an soss ominéis Boiten.
Mä ech wosst net, ob ech géif ganz ukommen. Natierlech hunn ech probéiert, méiglechst cool ze wierken. Dat ass awer zimlech schwiereg, wann vun all Säit Knupperten explodéieren an een all Moment domadder rechne muss, d’Nuecht am Amputatiounstrakt vun engem Spidol am Süde vum Land ze verbréngen.

Klengen Exkurs: Am Norde vum Land gëtt et eng Uertschaft mat e puer medizinesche Gebaier. Wann een do „am Spidol“ ass, ass een an der Psychiatrie. Also op de Vocabulaire oppassen. Enn vum Exkurs.

Iergendwéi hunn ech de Wee duerch de Schwefelniwwel fonnt an sinn op der besooter Party ukomm. Eng hallef Stonn ze spéit, mä als Éischten. Ech hat mech awer am Viraus entschëllegt. D’Etiquette wat „ze spéit“ ukommen ugeet, ass komplizéiert. Menger Meenung no ass et bei ugekënnegten Zäiten zwëschen 20 an 22 Auer absolut ok, och annerhallef Stonn „ze spéit“ ze kommen, ouni grouss Bescheed ze goen. Alles virdrun oder duerno ass sou serieux oder op Zerstéierung ausgeluecht, dat et wichteg ass, seng Verspéidung matzedeelen. Ze fréi kommen ass iwwregens ni gäre gesinn, well d’Chance grouss ass, dat een gesäit wéi de Gaaschtgeber oder d’Gaaschtgeberin staubsaugt oder eng Läich an Portiounen, déi an den Frigo passen, zerseet.

Mir hunn gutt giess, gedronk, eis Geschichten erzielt an sinn emmer erëm iwwert déi Zoustänn ëm Mëtternuecht gewarnt ginn. Angeblech waren d’Nooperen an dëser Strooss esou begeeschtert vun der Pyrotechnik, dat een menge géif, éischter an engem klengem Biergerkrich ze sinn. Wat, wann een bedenkt, dat zu Lëtzebuerg dach net esou man Leit sinn, déi een Biergerkrich materlieft hunn an vläicht net dorunner erënnert wëlle ginn, net onbedéngt déi allerbeschten Idee ass.

Et ass ëmmer méi no u Mëtternuecht gaangen an ech krut matgedeelt, dat Leit vun eiser Party sech och mat Knupperte bewaffnet hätten, fir net ganz ongeschützt do ze stoen.
10 Minutte virum Joreswiessel ass et lues a lues lass gaangen. Knupperte sinn geflunn, Schwefeldamp huet d’Stroossen ageniwwelt an déi éischt Rakéite sinn aus dem Keller geholl ginn.
Meng zwee al Bekannter hunn genee hei Silvester geféiert.

Mir hunn eis deemno och op d’Strooss gemaach. Präsenz weisen, soss kënnt eng Aluedung duerch de Bréifschlitz erageflunn.
Vis-à-vis vun eis stoung eng ganz Groussfamill op der Strooss an huet hiert ganzt Arsenal an d’Loft geschoss. Well dat mat de Rakéiten a Fläschen net kamoud genuch war, hunn si eng aner Technik entwéckelt: Si hunn d’Rakéite ganz einfach an d’Hand geholl, ugefaangen an réischt lassgelooss, wann den pyrotechneschen Marschflugkörper genuch Schub hat. Also genee dat Verhalen, dat herno am Amputatiounstrakt endegt. Angscht a Schrecke sinn opkomm. Schwiefelniwwel an der ganzer Strooss, all puer Sekonnen e Knuppert, eng Rakéit, e Féierrad, all Minutt een Baal-Accident.

Eng Rakéit ass an eng oppen Hausdier geflunn, een Hobby-Fussballspiller huet se zum Gléck mat Zäiten erëm rausgekickt. E puer Mëller hu versicht, mam Auto duerch d’Strooss ze fueren, wat och liicht hätt kéinte mat enger Explosioun ophalen. Verschidde Rakéiten hunn d’Diecher getraff. Angscht a Schrecke sinn méi a méi grouss ginn.

Wou war eigentlech meng schossséecher West, ob där „PRESS“ steet?
Wisou hunn d’Leit esou wëll geschoss? Kennt dat vum villen Dioxin an der Loft? An firwat hunn si all Sécherheetsmoossnam mat Glanz a Gloria ignoréiert?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht an d’neit Joer.