Angscht a Schrecken am Grand-Duché vun den Alpdreem

Et klengt e bëssen wéi een iwwerschätzten Actionfilm mat enger gudder Idee a vill deieren Effekter: an enger méi wéi komplizéierter Affaire, wou et virun allem dorëms geet, ween wat wéini zu weem gesot huet, dreemt den Direkter vun der Spuerkeess nach eng Kéier den exakten Contenu vun engem Telefonsgespréich. Wéi wann dat net schonn komesch genuch wier, stierzen sech d’Medien net drop, mä maachen éischter esou, wéi wann dat dat normaalst vun der Welt wier.


Ech hunn d’Lescht Kéier gedreemt mir géifen bei mir doheem e Grillfest organiséieren an de Rudi Carell géif kommen. Ech sinn mer zimlech sécher, dat de gudde Mann elo scho länger doud ass an op keng nach esou grandios Grillfester méi kennt.

Do stellt sech da natierlech d’Fro, wat de Monni Freud dann zu esou Saachen géif soen. Net onbedéngt zu mengem Rudi Carell-Dram, mä zu dem ominéisen Telefonsgespréich vum Här Bankdirekter. Ech mengen net, dat ech scho mol vun Telefonsgespréicher gedreemt hätt. Awer schonn dacks vun Internetsite, wat komesch genuch ass.

Een aneren nationale Alpdram ass guer keen Dram gewiescht: „Eise Fränk“ war gedoppt. Oder et huet ëm een eppes an d’Iessen gemaach. Virun der schrecklecher Noriicht gouf et schonn allerlee Gerüchter, dat déi lëtzebuergesch Superequipe sech géif opléisen, hier Lizenz verléieren oder nach eng drëtt Firma a de Numm misst huelen. Natierlech wosst ganz Lëtzebuerg dat scho virdrun an natierlech sinn „mir“ trotzdem alleguerten op senger Säit. Ween „mir“ ass ass eng interessant Fro. Liest een sech op engem vun deenen komeschen Noriichtesite d’Commentairen duerch, dann bleiwe net vill Leit iwwreg, déi „richteg Lëtzebuerger“ sinn. Wat déi Vergëftungstheorie ugeet: Vläit huet eise nationale Wonnerdremer vun der Spuerkeess do jo demnächst och eng Erleuchtung?

Dann bleift natierlech den F91, deen géint d’Kommerz-Equipe vun Red Bull zu Salzburg verluer huet, mä duerch iergendeen arithmeteschen Trick trotzdem gewonnen huet. Den Alpdram dorunner sinn alt erëm d’Kommentaren am Internet. Op lëtzebuergeschen Siten gëtt gezielt, wéi schlëmm et wier, de Futtball esou ze verkafen an dat Diddeleng eng „Kommerz-Equipe“ wier. An Eisterräisch steet dat selwescht do, just eben mat Red Bull Salzburg amplaz vum F91. Wat am Grand-Duché den Combel vun der Schlechtegkeet ass, gëtt an Éisterräich grouss geféiert.

De Retour op Lëtzebuerg ass fir mech och ëmmer eng Aart Alpdram. Et weess e ni, wat een dovunner hale soll, dat d’Banken elo erëm all anescht heeschen an op ee mol Gebaier rondrëm stinn, wou soss Lächer am Bueden waren. An ech hat och den Androck, si hätten d’Gëlle Fra poléiert. Oder hunn ech just gedreemt, dat se esou blénkeg ass?

Dann schéngt d’Wierder nach e groussen Alpdram gewiescht ze sinn. Mat bal 40° am Schied zu Wien hunn ech mech éischter an déi aner Richtung beklot, mä Lëtzebuerg schéngt jo vun engem schrecklechen 20°-mat-Wolleken-a-Reen-Wierder geplot gewiescht ze sinn. Wou dach soss all Joer 300 Sonnendeeg huet an am Fong hätte mer och e Mier, wann d’Belge net … Nujee, et ass jo dann dach nach waarm ginn. Vill ze waarm. Onerbettlech huet d’Sonn mat der Hëtzt vun dausend Atombommenexplisiounen op de klengen Grand-Duché erofgeschengt. De Mouselwäin ass verdréchent, d’Mëllech ass an de Kéi sauer ginn an d’Leit hu geschweesst. An sech beschwéiert. Dunn sollt een Donnerwieder kommen, an amplaz sech iwwert d’Ofkillung vun deenen Merkur-ähnlechen-Wiederverhältnisser ze freeën hu vill Leit bedauert, dat et elo erëm géif reenen an mir hu jo ni ee richtege Summer. Och ouni Summer gëtt et Summerlecher, déi gewieft Journalistinnen mat Kommentaren iwwert dat schrecklecht Wierder zu Lëtzebuerg gefëllt hunn.

D’Apokalypse ass komm, mat Blëtz an Donner. Angscht a Schrecken hate mech. Wat soll all dat gedreemt? Ween huet „eise Fränk“ vergëft? A vrun allem: Hunn se d’Gëlle Fra poléiert?
Dat eenzegt, wat elo nach bliwwen ass, war sech an de Reen ze stellen an hoffen, aus dem Alpdraam ze erwäschen …

2 thoughts on “Angscht a Schrecken am Grand-Duché vun den Alpdreem

Comments are closed.