Angscht a Schrecke mam Referendum

Nächste Sonnden, de 7. Juni 2015, ass et esou wäit: Lëtzebuerg stëmmt per Referendum iwwert dräi Froen zur Verfassung of. An wann ech soe „Lëtzebuerg“, da mengen ech deen Deel vun der Populatioun, deen de richtege Pass dofir huet. An zwar gëtt ofgestëmmt iwwert een fakultativt Auslänner_innenwahlrecht fir Leit, déi op mannst zéng Joer am Land wunnen an schonn eng Kéier bei enger Europa- oder Gemengewahl matgemaach hunn,
iwwert een fakultativt Wahlrecht fir Leit zwësche 16 an 18 Joer an iwwert eng Mandatsbegrenzung vun 10 Joer fir Membere vun der Regierung.

An elo wollt ech iech, meng Nolauschterer_innen, net ouni ee leschte Kommentar zu der Cause an d’Wahlkabinne loossen. Net, well ech net mengen dir kéint dat net alleng, mä well ech d’Gefill hunn, datt ech mir zanter Dezember de Mond fusseleg schwätzen an d’Leit elo drop kommen, datt dat vläit alles net esou blöd war, wat ech – a vill aner vill méi gescheit an kreativ Leit wéi ech – do gesot hunn.

De Magazin Forum, déi jonk Kënschtler_innen vu Richtung22, den Facebooksite „Villverspriechend Volleksvirbereedung“ hunn schonn immens laang drobber higewissen, datt de Referendum eng Farce ass an sech net mat deene wierkleche Froe vun der Verfassung beschäftegt. En freet net, wat fir eng Staatsform mir wëllen, wat fir Grondrechter mir wëllen hunn an wat zum Beispill mam Staatsrot oder der Cour Suprême ass.

An genee esou eng Farce wéi de Referendum war och den Debat dorëm. D’Parteien hunn et mat wéinegen Ausnahmen net gepackt – oder net gewollt, wierklech een Statement ze ginn an d’Campagne vun der Chamber ass quasi inexistent gewiescht. D’Regierung huet einfach näischt gemaach. Wann de Mars di Bartolomeo sech histellt an seet, en wier stolz op den Discours, deen déi lëtzebuergesch Communautéit gefouert hätt, dann ass dat fir Angscht a Schrecken ze kréien. An fir sech firchterlech opzereegen. Esouguer iwwert den EU-Verfassungs-Referendum viru knapps zéng Joer gouf besser informéiert wéi iwwert dat, wouriwwer mir den Sonnden ofstëmmen.

An esou ass et kee Wonner, datt de populärrassismus vum Nee-Lager den Discours – op mannst online – komplett iwwerholl huet. An do mierkt een dann och, wéi domm et war, déi 4. Fro aus dem Referendum ze sträichen: „Dräi mol Nee, e mol Jo!“ ass eng vill manner gutt Parole wéi „Dräi mol Nee!“.

Dräi mol Nee, datt ass souwisou esou eng Saach. De Referendum schéngt sech zu enger JO JO JO oder NEE NEE NEE-Fro entwéckelt ze hunn. An egal zu wéi enger Fro iergendwou eppes steet, et dauert ni laang, bis iergendeen kënnt an „Et bleift bei dräi mol NEE NEE NEE“ schreift. An dat war eigentlech virauszegesinn. Hei ass wisou:

Vill Leit si nach ëmmer rosen, datt et no den virgezunnenen Neiwahlen 2013 eng Dräierkoalitioun, respektiv „Gambia“, wéi si et nennen, ginn ass, an net wéi gewinnt d’CSV+1. Déi Roserei loossen se elo beim Referendum of. Dozou kënnt, datt se de komeschen „Mir verkafen eist Land“-Verschwörungstheorien gleewen oder denken, datt do op mannst eppes dru wier. Dofir Totalofleenung. Wann déi zwou aner Froen „Soll et all Daach gratis Schokla ginn?“ an „Solle mer ee gigantesche Futtballstadion bauen?“ wieren, géifen déi Leit wahrscheinlech trotzdem dräi mol Nee stëmmen. Mä dat ass falsch. Also, engersäits ass et falsch well gratis Schokla all Daach wonnerbar wier. An anerersäits ass et falsch, d’Regierung wëllen ze bestrofen, wann et net dorëms geet.

Ween dräimol mat Nee stëmmt, bestrooft virun allem interesséiert Jugendlecher an interesséiert Auslänner_innen, déi matschwätze wëllen. De Moment fir d’Regierung ze bestrofe sinn déi nächst Chamberswahlen. Oder Demonstratiounen. Oder eng Revolutioun. Just saying.

Mä genuch opgereegt iwwert de Facebook-Stammdësch. Meng onheemlech kompetent Wahlempfehlung fir de Sonnden:

JO zum Auslänner_innenwahlrecht: Come on. Datt et Lëtzebuerg iwwerhaapt gëtt, ass een historeschen Zoufall. Datt Lëtzebuergescht eng Sproch ass, hu mir 1984 per Gesetz beschloss. Genee esou kënne mir och beschléissen, datt interesséiert Auslänner_innen mat vill Duerchhaalverméigen däerfe matbestëmmen. Soss gi mir dat éischt Land op Welt, dat sech eng Demokratie nennt, an wou trotzdem eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit bestëmmt. Da kréie mir een Wikipediaartikel nieft Nordkorea.

JO zum Wahlrecht ab 16: Dat ass en Nobrainer. Jonk Leit, déi interesséiert sinn, si manner liicht ze beaflosse wéi Leit déi ënnert all Facebookpost vun déi gréng „dräi mol Nee!“ mat 10.000 Ausruffzeeche schreiwen an dobäi eng Orthographie benotzen, déi op party.lu als schlecht gegëllt hätt. 17.000 jonk Léit sinn d’läscht Joer op d’Stross gaangen. Mir sollten alleng scho JO stemmen, fir de nächste Verkéierschaos vun där Gréisstenuerdnung ze verhënneren …

An schlussendlech: Mir hunn et jo, JO zur Mandatsbegrenzung. Déi Fro ass zwar esou wéi an de Prüfungen am Lycée, wou een Bonusfroen hat: net Fësch, net Fleesch, net Tofu. Mä zesumme mat dem Wahlrecht ab 16 kéint se am beschte Fall dozou féieren, datt net nëmmen al wäiss Männer a groe Kostümer Politik maachen. Am beschte Fall kéinten d’Parteien drop kommen, datt se hire Nowuess fuerdere mussen. An dann hunn d’Jusoen déi nächste Kéier vläit T-Shirten un, wou een Numm vun enger Persoun drop steet, déi wierklech een vun hinnen ass.

Also: Denkt net ze vill iwwert Parteien, d’Sprooch oder Schokla no, mä iwwert de Sujet. Denkt dorunner, zu weem dir do NEE sot. Zu äre Kolleg_innen, Matarbeschter_innen, Schoulkomeroden, klenge Geschwëster, a sou weider.

Zum Schluss nach eng gutt Nouvelle: 26 Prozent vun de Koppelen, déi sech am Joer zu Lëtzebuerg bestuede sinn Letzebuerger*in-Auslänner*in. Mat dem Fakt am Hannerkappt: Bonne Chance an der Kabinn.

Referendum Luxembourg 2015 Posters Cessange 1” by Bdx – Licensed under CC BY-SA 4.0 via Wikimedia Commons.