Angscht a Schrecke mat der Police op twitter

Leschten Mëttwoch, den 5. Oktober, hat déi lëtzebuergesch Police hiren Dag vun de soziale Medien. Dat heescht, datt den Twitter- an Facebookaccount vun der Police de ganzen Dag live getickert huet, wat d‘Police sou de ganzen Dag mécht. Wahrscheinlech dengen sou Aktiounen dozou, den Ruff vun der Exekutiv e bëssi besser ze maachen. Besonnesch no der Këssen-Kallef-Affaire hat een jo den Verdacht, datt et bei der lëtzebuergescher Police u Fangerspëtzegefill, Verhandlungsgeschéck, an awer och vläicht einfach Manéieren géif fehlen.

Mä dat sollt sech dann alles änneren, an pünktlech um Siwen Auer Moies huet d‘Police dunn och hiren Liveticker ugefaangen. Zwielef Stonne laang konnt een matliesen, woumatter sech d‘Staatsgewalt de ganzen Dag beschäftegt. Vir datt et net ze langweileg géif ginn, haat d‘social media-Spezialunitéit och e puer preparéiert Fotoen gepost, virun allem aus der Policeschoul vun Dikrech, wou Rekrut_innen Sport maachen oder duerch de Bulli robben.

Lëtzebuerg ass een Autoland, also waren déi meeschten Meldungen och einfach Accidenter oder och just een Stau. Zimlech alldeeglech a banal. Dofir brauch een_t net onbedéngt een Liveticker, dofir geet et och duer, déi sougenannt „Noriichten“ all Dag ze kucken oder ze liesen, well e groussen Deel vun der nationaler Berichterstattung sinn einfach Autosaccidenter. Mä verschidden Autoen stinn och einfach falsch, zum Beispill an engem „Dringlichkeitsreglement“. Wat ass dann een „Dringlichkeitsreglement“? Dat ass een komescht Wuert, dat mir zu Lëtzebuerg erfonnt hunn, an et geet wuel iergendwéi ëm een Parkverbuet.

Nieft den Autoen sinn awer och Déieren spannend. Mir wëssen alleguerten, dat Fotoen vu léiwen Déieren wéi Kazen aus dem Internet net ewech ze denken sinn. Et hätt een gemengt, d‘Police géif bei hirer virtueller Charmeoffensiv vläicht och op déi Weisheet zeréckgräifen an besonnesch vill léif Drogenhënn weisen. Leider ass des Erwaardung enttäuscht ginn, d‘Hënn stoungen – op mannst op twitter – net am Mëttelpunkt. Ween Fotoen vun der Hondsstaffel wollt gesinn, huet missen op facebook.

Dofir gouf et op twitter awer e puer Déieren-relevant Meldungen, zum Beispill iwwert een Hond an engem Auto, iwwert een fräilaafenden Hond zu Recken an iwwert een Hond, deen zu Lëntgen e Sträit mat enger Gees hat. „Bissiger Hund VS zahme Ziege. Patrouille zwecks Verstärkung angefordert.“, huet d‘Police getwittert, ouni awer ze verroden, ob Verstäerkung fir den Hond oder fir d‘Gees war.

Och Kéi schengen eng gréisser Menace fir d‘ëffentlech Sécherheet ze sinn. Dräi mol huet d‘Police iwwert Rëndvéi, dat op der Strooss stoung oder probéiert huet, auszebéchsen, getwittert.

Och Halloween huet d‘Police beschäftegt. Een Mann hat Kürbissen geklaut, wat d‘Police mam Hashtag „#VorfreudeHalloween“ kommentéiert huet.

Kuerz virun Schluss huet da nach e mysteriéisen Déif d‘Police an zum Rätslen bruecht. Batterien am Wäert vun iwwer 1000 Euro sinn geklaut ginn. D‘Police freet sech „Wofür sollten die wohl gebraucht werden?“. Bon ech géing jo soen, wann et net d‘Zil war, déi Batterien ze verkafen, hat den Déif wahrscheinlech eng zimlech grouss Sammlung vun Täscheluuchten oder Vibratoren.

Zéng Minutten viru Siwen war dunn Feierowend. Zu Käerjeng hunn sech „zwei Trunkenbolde“ gestridden, d‘Police geet mam gudden Beispill vir an wënscht deskaléierend „Prost“

Wat léiere mir aus dem Social Media Dag vun der Police? Engersäits, datt et och bei der social media-Spezialunitéit vun der Police keng Persoun gëtt, déi dat komescht Beamtendäitsch, an dem d‘Police hire Bulletin schreift, an eng Sprooch iwwersetzen kann, déi all Mënsch versteet. An anerersäits, datt Lëtzebuerg een enorm séchert Land ass, an dem op villen Deeg déi gréisste Geforen Kéi op der Strooss sinn. Dat ass fir déi Leit, déi stänneg behaapten, et géif alles ëmmer „méi schlëmm“ a „méi geféierlech“ ginn, vläicht eng gutt Lektioun an Realismus. Mä wann d‘Zil war, datt d‘Police een Dialog mat de Bierger_innen ufänkt, dann ass se – op alle Fall op twitter – gescheitert.

Fir een Dialog misst een_t nämlech Äntwerten, Froen stellen an vläicht och einfach mol reagéieren, wann een_t e Crime gemeld krut. Op den Tweet vun „jonk lénk“, deen op Kanner, déi virun der Philharmonie mat Kräid gemoolt hunn, opmierksam gemaach huet, huet d‘Police nämlech net emol reagéiert.

Ma dann: Prost!