Angscht a Schrecke mam Tour de France

Den Tour de France fiert haut den 3. Juli also duerch Lëtzebuerg an wäert muer den 4. Juli zu Mondorf starten. D‘Gemengen an de Staat loossen sech dat uerdentlech kaschten, sou soll eleng Esch 60.000 Euro dofir bezuelt hunn, datt den Tour duerch fiert. Zu Mondorf huet een just dofir, datt muer den Tour do start, 120.000 Euro op den Dësch misse leeën. De ganze Budget fir den Evenement huet sech Gemeng a Staat awer bal dat duebelt, also 210.000 Euro kaschte gelooss.

Et schéngt wéi wann dat ganzt Land elo am Tour-Féiwer wier. All Duerf, wou den Tour duerch fiert, ass extra „gerëscht“ ginn. An dat natierlech op eng enorm kitscheg Manéier – et konnt een sech awer net ganz entscheeden, ob een misst d‘Nationalfaarwe rout wäiss blo benotzen oder ob dat traditionellt Tour-Giel dominéiere sollt – elo ass et een zimlech ellene Potpourri aus deenen zwee ginn.

De Combel ass awer d‘Staumauer vun eisem wonnerschéine Stauséi. Natierlech ass et zimlech spektakulär, datt d‘Vëloen do driwwer fueren. Ech gesinn d‘Helikopteropnahmen op der Tëlee schonn, déi da ronderëm déi ganz Welt ginn. A wat huet sech Lëtzebuerg afaale gelooss, fir dat Bild nach méi spektakulär ze maachen? Richteg, et hänkt e risege Banner drop, op deem déi véier Lëtzebuerger Tour de France-Gewënnner ze gesi sinn. An da steet do „They made it happen“, eng Ofwandlung vum hellegen Nationbranding-Slogan „let‘s make it happen“ also. Ech weess net, wat mech méi verwonnert: Datt een hei vum eigentleche Slogan ofwäicht oder datt een tatsächlech mengt, mat esou engem plompe Versuch iergendeppes ze erreechen. Sollen elo wierklech Banker_innen, Investor_innen oder soss Leit mat vill Frick den Tour kucken an sech da soen „Ahjo, de Charly Gaul an den Andy Schleck hunn den Tour gewonnen. Deen een ass duerno a de Bësch wunne gaangen, deen aneren huet gewonne well deen Typ virun him gedoppt war. An dat Land wëll ech elo meng Suen investéiere goen!“

Mat vill guddem Wëllen ass den Tour zu Lëtzebuerg eng Reklamm fir den Tourismus. Wann d‘Leit just d‘Episod vun haut kucken an net de Recht vun der Staffel, wou gewise gëtt, wéi flott Frankräich ass. Mä et hätt een och einfach manner fest op den Tüb drécke kënnen. Da géif een vläicht och net bei all Geleeënheet esou provinziell wierken.

Quellen:
Wort zu Käschten
Foto vum Banner op der Staumauer