Angscht a Schrecke mat den Noriichten

Net all Woch huet een grousst Evenement, iwwert dat ech mech opreege kéint. Oder een speziellt Thema. Mä all Woch huet Noriichten. Also schwätze mir haut einfach e bëssen iwwert dat, wat sou an de Noriichte war.

Ee grousst Thema waren „Déi Liberal“. Dat ass sou eng politesch Sekt, déi mengt datt et sou mann Staat wéi méiglech sollt ginn. Also am Prinzip sinn dat Leit, déi einfach keng Stéiere wëlle bezuelen an der Meenung sinn, dat mam Sozialsystem géif da schonn iergendwéi klappen. De Staat soll sech just nach ëm d‘Sécherheet këmmeren. Do muss een sech scho Froe stellen. Zum Beispill, ob „Déi Liberal“ wierklech der Meenung sinn, datt een zum Beispill d‘Stroossebauen privatiséiere soll. Well am Fong ass dat jo eng streng stalinistesch Planwirtschaft, wann de Staat decidéiert, wou Stroossen gebaut ginn. Wisou soll dat net de Marché decidéieren? Do, wou vill Leit hifueren, ginn et dann Autobunnen an do, wou kee wunnt muss een entweder einfach iwwert Wiss fueren oder eng Firma dofir bezuelen, datt se engem eng Strooss baut. Et géif sou engem ultra-liberale Staat och just privat Kliniken an Pompjeeë ginn. An ween aarbechtslos géif ginn, géif just Arbeitslosegeld kréien, wann en sech privat dofir verséchert hätt. Dat klengt wierklech no engem wonnerschéinen anarchokapitalistesche Paradäis, wou et jidderengem gutt geet. Also jidderengem, de Frick huet. Read More

Angscht a Schrecke mat Ëmfroen

Déi läscht Woch war et alt nees esou wäit: déi zwee gréisste Medienhaiser am Land hunn zesumme mat TNS ILReS den sougenannte PolitMonitor verëffentlecht. Dat ass eng Ëmfro, bei där 1024 Awunner_innen verschidde Froen aus dem Beräich vun der Politik gestallt kréien. An da maachen d‘Medien sou, wéi wann d’Resultat vun deenen Ëmfroen lo dat wier, wéi d‘Land denke géif.

An et ass jo och praktesch: Mat sou engem PolitMonitor léisst sech relativ liicht eng ganz Woch mat Noriichte fëllen, ouni dat iergendeppes geschéie muss. An virun allem loossen sech aus relativ banalen Zuelen oder Resultater schéi knackeg Headlines bastelen. Sou huet d‘Lëtzebuerger Wort d‘läscht Woch direkt dräi mol flott titele kënnen: „Klare Präferenz für Schwarz-Grün“, „Breite Akzeptanz für Radargeräte“ an „Klares Ja zum Burka-Verbot per Gesetz“. Dat klengt alles sou enorm wichteg an groussaarteg, mä et sinn trotzdem just 1024 Leit gefrot ginn, wat dann awer een relativ klengen Ausschnëtt aus der hallwer Millioun sinn, déi am Grand-Duché liewen. Read More

Angscht a Schrecke mat Gentechnik

Den däitsche Pharmakonzern Bayer iwwerleet aktuell, den Gentechnik-Konzern Monsanto ze kafen. Wann ech Monsanto lo „Gentechnik-Konzern“ an Bayer lo „Pharmakonzern“ genannt hunn, dann ass dat schonn e bëssi manipulativ. Och lo schonn schafft Bayer am Beräich vun der Gentechnik an Monsanto huet och nach e puer aner Geschäftsfelder. Mä meeschtens geet et beim Thema Gentechnik jo net drëms, besonnesch exakt oder genee ze sinn,

Vill Leit hunn Angscht viru Gentechnik. Als éischt ass et dofir vläit guer net sou schlecht, sech virun Aen ze halen, datt Gentechnik zu eisem Alldag gehéiert. Also Techniken, mat deenen d‘Gene vun Déieren, Planzen an Mënschen analyséiert an deelweis och manipuléiert kënne ginn, sinn längst keng Science Fiction méi, mä an der Realitéit ukomm. Wann dir Leit kennt, déi Diabetes hunn an dowéinst Insulin musse sprëtzen, da liewen déi Leit wéinst Gentechnik. Hautdesdaags gëtt den Insulin nämlech net méi vu Schwäi geholl, mä vu genmanipuléierte Bakterië produzéiert. D‘Verfahren existéiert zanter den 1980er, mä réischt 1999 konnt déi éischt Produktioun an den USA ulafen. Dat och, well et an Däitschland aus Angscht virun „de Genen“ keng Erlaabnis fir eng Versuchsanlag ginn ass. Mëttlerweil ginn awer och Vitaminnen an eng ganz Rëtsch aner Medikamenter mat Hëllef vun der sougenannter „rouder“ Gentechnik produzéiert. Read More

Angscht a Schrecke mat Satire

Satire däerf alles, heescht et. Ech fir mäin Deel denke mir vill ze dacks: Se dierft virun allem witzeg sinn. Ech well mech haut kuerz halen, mä als eng Persoun, déi Texter, déi net ëmmer sou ganz eescht gemengt sinn an d‘Leit zum Laache solle bréngen, verëffentlecht, well ech awer eppes zu der Debatt soen, déi sech grad duerch d‘Land zitt.

Ech hunn et schonn eng Kéier gesot: Satire däerf guer net alles. Mir hunn an eiser Gesellschaft Linne vun der Meenungsfräiheet gezunn. Munchmol sinn dës Linnen a Gesetzer gegoss, heiansdo sinn et „just“ gesellschaftlech Facteuren, déi dozou féieren, datt dës Linnen seelen iwwerschratt ginn.

Sou géif deene wéinegste vun eis afalen, d‘N-Wuert ze benotzen, fir Schwaarz Persounen ze bezeechnen: et ass rassistesch, huet eng déif Verwuerzelung an der Kolonialgeschicht an déi betraffe Persoune wëllen an der Regel net sou bezeechent ginn. D‘Kënschtler*innenkollektiv Richtung22 huet virun e puer Joer een Film gemaach, an deem dat Wuert an engem satiresche Kontext immens dacks virkomm ass – vir eben de latente Rassismus vun den Personnagen duerzestellen. War dat okay? Ech si mir net sécher. Ech hunn Richtung22 an engem Interview deemools drop ugeschwat – an op mannst huet et deemools sou geklongen, wéi wann si sech vill Gedanken doriwwer gemaach haaten, wisou si dat Wuert agesat hunn. Read More

Angscht a Schrecke mat schlechtem Goût (Poll-Fabaire)

Lëtzebuerg huet an de leschten Deeg eng Diskussioun iwwer Sexismus gefouert. Wéi ëmmer, wann am Grand-Duché iwwert Diskriminéierungen diskutéiert gëtt, war de Niveau zimlech am Keller, fir net ze soen: Sou déif, datt net emol de Jules Verne een Roman doriwwer geschriwwen hätt. Poll-Fabaire huet also een neie Cremant erfonnt. Deen ass dofir gemaach, fir „on ice“, also mat Äiswierfele gedronk ze ginn. Well dat nach net genuch schlechte Goût war, hunn se versicht, dat ganz mat enger sexistescher Pub ze verkafen. Ze gesinn ass eng jonk Fra am Bikini, déi an enger Äiswüst steet an eis hiren Hënner wéist an sech sou verdréint, datt se eis och nach kucke kann. Read More