Angscht a Schrecke mat Satire

Satire däerf alles, heescht et. Ech fir mäin Deel denke mir vill ze dacks: Se dierft virun allem witzeg sinn. Ech well mech haut kuerz halen, mä als eng Persoun, déi Texter, déi net ëmmer sou ganz eescht gemengt sinn an d‘Leit zum Laache solle bréngen, verëffentlecht, well ech awer eppes zu der Debatt soen, déi sech grad duerch d‘Land zitt.

Ech hunn et schonn eng Kéier gesot: Satire däerf guer net alles. Mir hunn an eiser Gesellschaft Linne vun der Meenungsfräiheet gezunn. Munchmol sinn dës Linnen a Gesetzer gegoss, heiansdo sinn et „just“ gesellschaftlech Facteuren, déi dozou féieren, datt dës Linnen seelen iwwerschratt ginn.

Sou géif deene wéinegste vun eis afalen, d‘N-Wuert ze benotzen, fir Schwaarz Persounen ze bezeechnen: et ass rassistesch, huet eng déif Verwuerzelung an der Kolonialgeschicht an déi betraffe Persoune wëllen an der Regel net sou bezeechent ginn. D‘Kënschtler*innenkollektiv Richtung22 huet virun e puer Joer een Film gemaach, an deem dat Wuert an engem satiresche Kontext immens dacks virkomm ass – vir eben de latente Rassismus vun den Personnagen duerzestellen. War dat okay? Ech si mir net sécher. Ech hunn Richtung22 an engem Interview deemools drop ugeschwat – an op mannst huet et deemools sou geklongen, wéi wann si sech vill Gedanken doriwwer gemaach haaten, wisou si dat Wuert agesat hunn.

Trotzdem ass et absolut legitim, Richtung22 dofir ze kritiséieren. Och lénk Kënschtler*innen aus Lëtzebuerg hunn – wéi mir alleguerten – Rassismen verënnerlécht an kënnen déi net einfach sou ofleeën. D‘Fro, wéi wichteg d‘Benotze vu krass diskriminéiernde Wieder ass, fir Personnagen iwwerspëtzt duerzestellen, ass éischter komplex.

An do sinn ech scho beim Punkt: Et ass legitim, Satire ze kritiséieren, wann se Schäiss baut. Et kann een „Dat ass Satire!“ net wéi een Schutzschëld virun sech halen, fir sech viru Kritik ze schützen. Ween mat senger Satir diskrimnéirend Gedankengut verbreed, sollt sech am beschte Fall mat där Kritik ausernee setzen. Et geet net duer, ze soen „Dat ass Satire, an Satire däerf alles“. Ech brénge mäi blöd Beispill mat der Kalaschnikow an der Groussgaas lo net eng zweete Kéier, mä dir wësst schonn: Satire däerf guer net alles.

Heiansdo kënnt dann och d‘Argument, datt jo och Blanner géife Witzer iwwer Blanner maachen oder Judde Witzer iwwert den Holocaust. Den Hoken un där Argumentatioun ass: Iwwert sech selwer laachen an ausgelaacht gi sinn zwou ganz ënnerschiddlech Saachen. A wann dir zu enger Grupp gehéiert, déi gesellschaftlech méi privilegéiert ass wéi déi Grupp, iwwert déi dir Witzer maacht, sinn är Witzer weder subversiv nach iergendwéi witzeg. Dir laacht da just iwwer Leit, déi méi schwaach sinn wéi dir. Wéi sou een richtegt Aaschlach.

Keen*t vun eis ass perfekt. Mir liewen an enger Gesellschaft mat ville Muecht- an Diskriminéierungaxen. Et ka scho mol virkommen, datt een Wieder oder Ausdréck benotzt, déi fir aner Leit diskriminéierend oder oofschätzeg sinn. Oder et schéisst een iwwert säin Zil eraus an mécht einfach e Witz, dee just domm a blöd an iwwerhaapt net witzeg war. Ech si mir sécher, datt mir dat och dauernd geschitt.

De Clou ass: Wann een drop opmierksam gemaach gëtt, wann een kritiséiert gëtt, gëtt et méi wéi eng Handlungsméiglechkeet.
Et muss een guer net de Charlie oder de Böhmermann sinn.
Et muss een sech guer net fillen, wéi wann een de Mond verbuede kritt hätt oder an enger Diktatur liewe géif.
Et muss een och guer net „Satire däerf alles!“ blären.

Et kann een Kritik och einfach unhuelen, driwwer nodenken an et déi nächste Kéier besser maachen.
Oder dat op mannst probéieren.