Angscht a Schrecken no Bréissel

Et ass scho komesch. Do stierwe Leit an engem terroristeschen Attentat am Häerz vun Europa. An fir verschidde Leit ass den éischte Reflex, ob Facebook ze posten, datt dat alles d‘Schold vu „Multikulti“ wier. An datt een elo nach manner Refugees an Europa loosse sollt. Dat Leit, déi viru Krich an islamisteschem Terror vun Daesh flüchten, iergendeppes mat den Attentater zu Bréissel ze dinn hätten, ass zwar absurd, mä dat ass egal. Déi meecht Rietspopulist*innen vun der AfD, der Front National oder der ADR, déi och ëmmer méi engem Ouschterhues (bausse brong, bannen huel) gläicht, wosste scho genee, ween d‘Attentäter wieren, do wosst d‘Police et mol nach net.

Et ass fir ze katzen.

D‘Rietspopulist*innen hunn an deene leschte Joeren an Méint a ganz Europa staarken Opwand kritt. An net nëmmen an dee Parteie wéi ADR, FPÖ, AfD, FN, an sou weider sinn d‘Hetzer*innen ze fannen. Och an den Parteie vun der sougenannter „Mëtt“ gëtt sech ëmmer weider no riets beweegt, wéi een um Beispill vun der éisterräichescher Regierung gesäit. Déi zitt een Ofschottungsprogramm duerch, datt d‘FPÖ wuel net besser hi kritt hätt. Mä och zu Lëtzebuerg ginn et verschidde CSV-Granden, déi stänneg duerch hir penibel Kommentaren opfalen, wou se Refugees, den Islam an Terror an een Dëppe werfen an zum Beispill behaapten, Mosleme kéint een wéinst hirem Fraebild net gutt integréieren. Read More

Angscht a Schrecke mat de Radaren

Lëtzebuerg ass am Ausnamezoustand. De Grand-Duché ass vu kalen, emotiounslosen Maschinnen a Geiselhaft geholl ginn. Zanter läschte Mëttwoch sinn déi zéng stationär Radaren aktiv an blëtzen net nëmme fläisseg, mä verschécken duerno dann och Protokoller inklusiv flotter Erënnerungsfoto.

Nodeems d‘Radaren 48 Stonnen – also zwee Deeg – gelaf sinn, sinn schonn 3750 Leit erwëscht ginn, déi ze séier ënnerwee waren. An lo ass d‘Opreegung grouss. D‘Lëtzebuerger_innen fuere gären Auto. An lo kënnt raus, datt se dat och gäre méi séier maache wéi et erlaabt ass.

D‘Léift zu der Vitesse geet esouguer sou wäit, datt verschidde CSV-Politiker_innen fuerderen, et sollt een d‘Toleranz vun den Radargeräter dach bësse méi héich astellen, fir dat Leit, déi net all ze vill ze séier fueren, net géife geblëtzt ginn.

D‘Propose, sech entweder iwwert een aalt CSV-gestëmmte Gesetz (Edit: Okay, anscheinend war et een Reglement vun engem DP-Minister, mä dat ännert näischt) ewechzesetzen an d‘Radaren illegalerwéis op eng Toleranz vu méi wéi 3 Prozent anzestellen oder eben déi Toleranz ze änneren, gëtt och domadder begrënnt, datt d‘Leit sech jo net op hiren Tacho verloosse kéinten an de Radar och scho blëtze géif, wann een nach guer net ze séier wier.

Wann dir 70 km/h fuert an ären Tacho wéist just 65 km/h, dann ass ären Tacho futti oder net richteg agestallt. Et gëtt nämlech eng EU-Direktiv, déi festleet, datt een Tacho ni méi eng lues Vitesse uweisen däerf wéi tatsächlech gefuer gëtt. Wann dir 65 km/h fuer, däerf den Tacho zwësche 65 an (110 % vu 65 + 4km/h =) 75 km/h uweisen. Read More

Angscht a Schrecke mam Generatiounekonflikt

Ech schrummen sou lues awer sécher Richtung Drësseg. Dat ass dee Moment, wou een op de klengen, perséinlechen an leider och wuessende Scholdebierg vun der CEDIES kuckt (Merci fir näischt, Claude!) an sech net méi sou ganz jonk fillt. An ech ziele mech lo awer nach zu den Jonken an muss meng Generatioun verteidegen.

An der US-amerikanescher Soziologie ginn et fir Generatiounen sou flott Bezeechnungen. Meng Eltrengeneratioun wieren d‘Baby-Boomers, also d‘Leit déi nom zweete Weltkrich an virun 1964 op d‘Welt komm sinn. Duerno koum d‘Generation X, wou déi läscht an den fréien 1980er gebuer gi sinn an an hirer Jugend Nirvana gelauschtert hunn. Alles wat bis elo duerno komm ass, ass d‘Generation Y (I-Grec, Ypsilon).

An op d‘Generatioun Y gëtt gäre geklappt. Mir kucken de ganzen Dag just op eis Handyen. Oder setze virum Computer. Mir sinn net politesch, engagéieren eis net, denke just un selwer, maachen de ganzen Dag Selfien oder diskutéieren iwwert vegant Iessen. An liddereg si mir och nach. Read More

Angscht a Schrecke mat der Fro, wou d‘Éislek ufänkt

Bierger. Schnéi. Alles Baueren. An d‘Leit schwätzen all sou komesch. Dat ass keng Opzielung iwwer Éisterräich, mä eng Réi vun de Klischeeën, déi een ze héiere kritt, wann een d‘Wuert „Éislek“ seet. An et sinn net nëmmen déi komesch Virstellunge vun engem héijen Norden, deen eng romantesch Phantasiewelt voll mat seelenen Déieren an Schnapsbrennereien soll sinn, déi een beschäftegen. Et ass virun allem d‘Fro, wou d‘Éislek dann ufänkt, déi dacks zu hëtzegen Diskussioune féiert.

Hanner Walfer. Hanner Beetebuerg. Dat sinn déi klassesch Äntwerte vu Leit, déi entweder rondrëm d‘Stad oder am Minett wunnen. Natierlech ass an deene Äntweren eng gewëss Portioun Humor, mä sou richteg kloer schéngt d‘Äntwert net ze sinn. Dofir schwätze mir haut serieux iwwert dat Thema. Read More

Angscht a Schrecke mat der Mobilitéit am Grand-Duché

Lëtzebuerg ass en klengt Land. Sou kleng, datt een am Fong menge géif, dat mam Transport, dat misste mir jo hikréien. Et kann op 2500 an e puer zerquetsche Quadratkilometer jo net esou schwéier sinn. Virun allem, wann een engt vun deene räichste Länner op de Welt ass. Bon, falsch geduecht.

Déi bescht Mobilitéit wier déi, déi een verhënnere kéint, huet virun zwou Wochen den gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch an engem Interview gesot. Hien huet domadder gemengt, datt et besser wier, wa Leit zu Fouss op d‘Schaff kënne goen amplaz den Auto mussen ze huelen. An jo, dat ass besser. Manner Verkéier, manner CO2, manner Feinstaub, NOx, an gesond ass et och nach. Mä et ass awer falsch ze soen, Leit déi net mam Auto ënnerwee sinn, wiere net mobil. (Méi doriwwer, wisou déi Ausso blöd ass, héi.)

Et ass scho komesch, wann ee grénge Minister „Mobilitéit“ esou versteet wéi den Automobilsclub: nämlech als „mam Auto rondrëm fueren“. Dat ass natierlech Blödsinn. Read More