Angscht a Schrecken no Bréissel

Et ass scho komesch. Do stierwe Leit an engem terroristeschen Attentat am Häerz vun Europa. An fir verschidde Leit ass den éischte Reflex, ob Facebook ze posten, datt dat alles d‘Schold vu „Multikulti“ wier. An datt een elo nach manner Refugees an Europa loosse sollt. Dat Leit, déi viru Krich an islamisteschem Terror vun Daesh flüchten, iergendeppes mat den Attentater zu Bréissel ze dinn hätten, ass zwar absurd, mä dat ass egal. Déi meecht Rietspopulist*innen vun der AfD, der Front National oder der ADR, déi och ëmmer méi engem Ouschterhues (bausse brong, bannen huel) gläicht, wosste scho genee, ween d‘Attentäter wieren, do wosst d‘Police et mol nach net.

Et ass fir ze katzen.

D‘Rietspopulist*innen hunn an deene leschte Joeren an Méint a ganz Europa staarken Opwand kritt. An net nëmmen an dee Parteie wéi ADR, FPÖ, AfD, FN, an sou weider sinn d‘Hetzer*innen ze fannen. Och an den Parteie vun der sougenannter „Mëtt“ gëtt sech ëmmer weider no riets beweegt, wéi een um Beispill vun der éisterräichescher Regierung gesäit. Déi zitt een Ofschottungsprogramm duerch, datt d‘FPÖ wuel net besser hi kritt hätt. Mä och zu Lëtzebuerg ginn et verschidde CSV-Granden, déi stänneg duerch hir penibel Kommentaren opfalen, wou se Refugees, den Islam an Terror an een Dëppe werfen an zum Beispill behaapten, Mosleme kéint een wéinst hirem Fraebild net gutt integréieren.

Dobäi ass dat chrëschtlecht oder westlecht Fraebild net wierklech besser. Virun net all ze laanger Zäit huet de Chefredakter vu RTL.lu an enger Diskussiounssendung probéiert, seng sexistesch Pin-Up-Rubrik ze verteidegen. Dat ënnert anerem mam Argument, déi Rubrik wier eben „historesch entstanen“ an dofir kéint een se lo schlecht läschen. An och wann sech dat verschidde Leit net virstelle kënnen: Et ginn natierlech vill moslemesch Feminist*innen, mat Kappduch, an ouni. Mä mol ganz ofgesinn dovunner: Integratioun ass keng Sens-Unique.

Lo wëllen eis tatsächlech déi Leit, déi an deene läschte Joeren an grousser Majoritéit Europa regéiert hunn, nämlech Konservativer an marktliberal „Sozialdemokrat*innen“, erzielen, et wier bei der Integratioun eppes schif gelaf. Jo, sécherlech ass dat geschitt. Mä u weem läit dat dann? Un deene Leit, déi all Dag eng nei Method erfannen, fir de Sozialstaat méi kleng ze maachen, déi stänneg mat rassistesche Ressentimenter spillen, fir an dem Ëmfroen besser do ze stoen? Läit et vläit un deene Leit, déi engersäits mat Regimer wéi dem Qatar, deene Menschenrechter egal sinn, Geschäfter maachen an am nächste Moment erëm erzielen, datt een Leit aus enger „anerer Kultur“ net kéint integréieren?

An et ass och net sou, wéi wann Terror eng reng moslemesch Geschicht wier. Rietsextremen Terror wéi den Breivik oder den NSU gëtt gäre vergiess, genee sou wéi déi brennend Asylheemer an eisem Nopeschland. En plus ass den Terror an Europa an deene leschte Joerzéngten erof gaangen. Deemols hu virun allem Seperatisten Bomme geluecht a Leit ëmbruecht.
Wisou hunn mir dann haut méi Angscht virum Terror wéi deemools? Déi logesch Äntwert ass: Well mir der Meenung sinn, datt en vu „bausse“ kënnt, datt et Friemer sinn, déi eis do an d‘Luucht sprengen wëllen. Do spillt Rassismus mat an do spillt Haass an Oflehnung vum Islam mat. An et wéist, wéi wéineg déi wäiss europäesch Bevëlkerung bereet war, Integratioun ze liewen, wa mir Leit, déi zënter Joerzéngten an eiser Mëtt wunnen, nach ëmmer als friem a geféierlech wouer huelen.

Jo, et muss eppes gemaach gi géint den Terror. Géint den vu rietsextremen, déi Asylheemer verbrennen an Refugees op der oppener Strooss zerklappen. An géint den islamisteschen Terror, dee wéineg mat Relioun ze dinn huet. Mä Terror bekämpft een net mat Haass, net mat manner perséinleche Fräiheeten an net mat Ofschottung an zouene Grenze fir déi, déi am meeschte brauchen. Ech weess och net d‘Léisung fir all soziale Problem. Mä eng éischt Pist wier vläit, mol erëm wierklech Sue vu räich no aarm ëmverdeelen an Perspektive fir eng Jugend ouni Zukunft ze bidden.

Vun 2001 bis 2014 sinn iwwer 100.000 Leit weltwäit duerch Terrorismus ëmkomm. Déi meescht vun hinne waren aus dem Irak, Afghanistan, Pakistan, Nigeria, Indien an Syrien. Denkt dorunner, wann dir iwwert Festung Europa liest, déi hir Grenzen ëmmer méi zou mécht. Denkt dorunner, wann dir äert Facebookprofilbild vum belsche Fändel zeréck op är Vakanzefoto stellt.

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: