Angscht a Schrecken an engem Fraizaitpark no bei Freiburg

Wann een als Gonzojournalist iwert een Fraizaitpark schwätzt, muss een virdeischt mol klären, waat esou een Fraizaitpark iwerhaat ass. Also, mir wessen jo am Fong alleguerten, daat et heibai em eng Zort stationär Fouer geht, dh. En Fläch mat allerlee Spiller wéi Achterbunnen, Karuseller, asw. An natirlech eng net kleng Zuehl vun Friess- an Gedrenksbuden.

Mee wiesou heescht esou eppes Fraizaitpark? Wann et elo Parken geif, déi een net an der Fraizait geif besichen, géif ech daat jo verstoen. Mee déi mannsten Leit schaffen an engem Park, mol ofgesinn vun denen méi düsteren Beruffer wéi Parkwierchter oder Drogendealer. Et besicht een also en normalen Park mat Beem an Blummen (B&B) och nemmen an senger Fraizait.
Do ass den Terme „Vergnügungspark“ och net besser, well an engem Park mat B&B kann een sech och ameséiren.

Erem eng Kéier stoussen mer also un d’Grenzen. Net nemmen vun denen, waat een menschlechen Kierper aushaalen kann, mee och un deenen vun der menschlecher Sprooch. Mir kennen Gebidder mat Achterbunnen, Karuseller an Friessbudden bauen, mee mir fannen keen bessert Wuert dofir wéi daat nichtssoend „Fraizaitpark“.

Freiburg lait méi oder wéineger 3 bis 4 Stonnen vun Lëtzebuerg wech, wann een mat engem Automobil ennerwee ass. Waat jo normalerweis déi üblech Betruechtungsform ass, well déi weinegst Leit hun een Helikopter zur Verfügung. Ech denken, et geif domadder och schwéier gin, eng Parkplatz bei engem Fraizaitpark ze fannen.
Obwuehl een wahrscheinlech kéint AM Park landen an esou maachen, wéi wann daat ganzt Deel vun enger Show ass. Blöd just, wann um Helikopter dann „Air Rescue“ steht.

No enger relativ laanger Zait am Auto waaren mir dunn no ongeféiher 20 Kilometer verfueren och endlech ukommen. Mir haaten an der Geigend vun Strossbuerg d’Opfahrt verpasst, mee esou eppes kënnt vir. Schon um Parking hun mir gesin, daat den Park wuehl relativ voll wärt sin. Et ass jo och eng immens Idee, op engem Samsden an der Vakanz an den Park ze fueren an ze mengen, do wier en dann quasi ganz alleng, well Samsdes an der Vakanz hun déi meescht Leit jo aaner Saachen ze din, zum Beispill de Wues méinen.

De Park waar voll mat Leit, déi keen Heichdaitsch konnten an alleguerten ausgesinn hun, wéi wann se net ganz wéißten, wiesou se eigentlech do wieren. Am Fong ass daat ganzt jo eppes komesches: Esou een Park ged sech immens Kanner-frendlech, mat engem Maskotschen den rondrem leeft an soss Geschir, mee am Fong sin déi wéinegst Achterbunnen wierklech fir Kanner geduercht – mol ofgesinn dovunner, daat déi wéinegst Kanner grouss Achterbahnfreaks sin.
Do kann et also schon sinn, daat een e bessi verwirrt ass ob dem Ausgesin an denen villen aarmen Studenten, déi an engem decken Plüschkostüm mussen rondremlaafen.

Mee vlaischt sinn daat jo der berühmt-berüchtegeter „Furs“. Daat sin Leit, déi en Fetisch fir Plüsch hun, sief daat fir Illustratiounen vun Déiren an Menschengestalt oder fir Menschen an Plüschkostümer. Daat ass natirlech eng komesch Saach, mee et geif erklären wiesou sech Leit bei enger Lofttemperatur vun 30 Grad Celsius fraiwelleg an en Plüschkostüm sperren lossen.

Mir hun eis dann op de Wee duerch den Fraizaitpark, dem seng enzel Deeler all en Land aus Europa sollen repräsentéiren, gemaach. Déi enzel Deeler gesin aus wéi Karikaturen vun den Clichéen vun denen enzelen Länner. Zum Gleck hun se drop verzicht, Lëtzebuerg ofzebilden. Banken an Tankstellen sin fir Kanner eben nemmen mettelmeisseg interessant, an eng Attraktioun kann een och net dozou bauen.

Een interessante Fakt: Et sin quasi just Länner aus Westeuropa duergestallt, daat enzegt Osteuropäescht Land ass Russland.

Angscht a Schrecken sin opgetaucht, wéi ech d’Schlang vun der eischter Achterbunn, op déi mer sollten goen, gesin hun. Virdeischt hun ech eigentlech geduercht: Okay, daat geht jo, eng Veirel Stonn waarden an dann ass et gudd, mee dem waar net esou. Nodeems mer an d’Gebai gaangen sin an eis ongeféiher eng Millioun mol d’Wierder „Formel 1“ an „Mercedes“ hun missen unhéiren, hun ech missen feststellen, daat d’Schlangen an dem ganzen Park emmer immens kuerz ausgesinn hun, mee et nie waaren. Et stoung an an der Moyenne zweschen 30 an 60 Minuten do, ze denken „Ah, lo ass et direkt un eis!“, waat natirlech nie gestemmt huet.

Ech sin jo am Fong en Frend vun Achterbunnen, heichem Wellengang an Turbulenzen am Fliiger, well ech den Ausstouss vun Adrenalin an kierpereegenem Opiad immens schwätzen. Ech wees net, waat daat eigentlech vir eng Funktioun huet, wann een irgendwou rooffällt, fir de Kierper mat engem Stoff ze fellen, deen een sech gudd spierne léisst. Mee d’Evolution huet sech bestemmt eppes dobai geduercht, wou se sech daat zesummen mam Darwin ausgeduercht huet.

Ech hunn en leschten Ofsaatz net ouni Grond mat „am Fong“ ungefaangen. Et waar nämlech esou, daat déi allermeeschten vun denen Achterbunnen endweder net schlemm genuch oder ze unstrengend waaren, esou daat een sech méi drop konzentréiert huet, irgendeppes géint déi villfaach Graviatiounskräfte, déi op een gewierkt hun, ze reagéiren, wéi daat ganzt genéissen konnt. Mee vlaischt sinn ech och einfach nemmen aal ginn.

Mee richteg Angscht hun mir vill Leit an dem Park gemaach. Si hun ausgesin wéi Karikaturen vun sech selwer, vun Leit, déi haard schaffen, fir endlech eng Kéiher en Daach können Spaß ze hun, an alles, waat se dovunner lo kruuten, waar en komeschen Fraizaitpark mat Karrikaturen vun europäeschen Länner, Achterbunnen, op déi een vill ze laang waarden muss an déi e bessi, mee net esou wirklech Spaß maachen an eng Arméi vun Freaks an Plüschkostümer.

Angscht a Schrecken sinn méi an méi grous gin, je méi ech vun dem ganzem Park gesin hun, deen net nemmen furchtbaar voll waar, mee och gepeffert Praiser haat.

Natirlech sinn mir och aaneren Lëtzebuerger begéint. Wéi emmer, wann een am Emkress vun ongeféiher 700 km vun Lëtzebuerg ass. Normalerweis mescht en jo dann esou, wéi wann en daat net gemierkt hätt, et geht een e puer Schrett wéider an seet zu sengen Begleeder: Passt op, héi sin nach méi Lëtzebuerger. Vill Leit hun nämlech déi schlecht Ungewunnescht, sech am Ausland e bessi opzeféiren (Héi kennt mech jo keen!) an d’Leit ze beschaissen (Et versteet jo dach keen Lëtzebuergesch!).

Angscht a Schrecken haate mech. Waat hun ech héi gemaach, an engem Fraizaitpark irgendwou an der Geigend vun Freibuerg? Waat sollten all déi Freaks an den Plüschkostümer? An virun allem: Wiesou huet mir keen vun denen Spiller Spaaß gemaach?

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht…
Mee dofir huet een virdeischt mol missen den Auto ennert den Dausenden, déi do geparkt waaren, eremfannen…