Angscht a Schrecken um Chrëschtmaart

Eigentlech hunn ech jo schon vill ze vill iwert daat Thema geschwaat. All Joer am Dezember ass et daat selwescht. Kaum hunn sech d’Leit domadder ginn, sech opzereegen, daat „all Joer méi fréih!“ Chrëschtartikelen am Supermarché stéingen, ass och schon Advent an meng ganz perséinlech Hell deet sech op. Net nemmen an Form vun Chrëschtdaagsdekoratioun an Grande-Surfacen, ganz schrecklechen Chrëschtdaagslidder oder op Chrëschtféiren, déi schon am November sinn – nee, all Joer am Dezember hunn ech d’Gefill, daat op verschiddenen Plaatzen meng perséinlech Hell ze gesinn ass.

Chrëschtmaart nennt sech daat ganzt dann. Op onschellegen Plaatzen wéi der Pless oder der Gare an der Stadt, déi soss soss eng ganz normal Statioun op ganz normale Weer sinn, stinn op een mol onmosseg vill hellzen Buden, déi just engem eenzegem Zweck dengen: Angscht a Schrecken verbreden. Op manst wier daat esou, wann ech den eenzegen wier, den op denen Chrëschtmäart géif passéiren.

Den Max Goldt huet an engem vun sengen Bicher vum „Zauber des Seitlich Daran Vorbeigehens“ geschwaat, wéi en vun Chrëschtmäart geschriwen huet. An en haat natirlech Recht: daat enzegt, waat wirklech helleft, ass esou, wéi wann naischt wier, laanscht den ganzen Zauber ze goen.

Mee daat ass op der Pless zum Beispiel guer net méiglech. Et kann en am Dezember net iwert d’Pless goen, ouni den Chrëschtmaart op manst ze gesinn. Daat ass einfach onméiglech. An alleng Daat ass schon en Grond fir Angscht a Schrecken.

Wann een sech dann traut, en ganz klengen Tour iwert oder ganz no laanscht – bei lëtzebuerger Dimensiounen ass daat jo daat selwescht – den Chrëschtmaart ze maachen, tauchen meng zwee aal Bekannten mat Secherheet bei dem zweeten, wann net schon bei dem eischten Stand op.

Et ginn zwou Zorten vun Buden: Déi, déi Kreemschen verkaafen an d’Friessbueden. D’Friessbueden sinn esou ziemlech d’selwescht wéi déi op der Fouer, just daat hei nach vill méi oft mam Adjektiv „original“ rondrem sech geworf ged. Ausserdem ginn et natirlech vill méi Budden, déi Mazipan an Liewkuch verkaafen wéi op der Fouer, mee daat ass jo normal.

Angscht a Schrecken kommen op, wann een sech déi Stänn, déi keng Iesssaachen verkaafen, méi genee unkuckt. Do gesait een dann Ethno-Kreemschen, den wahrscheinlech enner NACH méi menschenonwierdegen Conditiounen wéi soss Kleeder hiergestallt ged an dann als „Original Inka-iPodtäsch“ verkaaft ged.

Daat ass och esou eng Saach, déi Inkaen. Ween schon eng Kéier an engem Müslirayon vun engem Biobuttek waar, deen wees: D’Inka sinn deen gréißten Werbeträger fir Biomüslien wait an breed. An all exotesch Kärren ginn als „Das Wunderkorn der Inkas“ verkaaft an ungepriesen. Do freet een sech dach: Wann se esou vill Wonnerkären haaten, wiesou hunn se net emol d’Rad erfonnt?

Op aaneren Stänn den selweschten Ethnokitsch, mee eischter an enger afrikanischer Ausrichtung. Mee haaptsächlech bemierkt een déi Stänn well een kuerzfristeg keng Loft méi kritt, well eng Dampfwollek aus 26 verschiddenen Räucherstäbchen engem d’Otemweer blockéiert. Wahrscheinlech sinn schon Leit, déi esouwiesou schons Problemer mat hiren Longen, Bronchien, Loftréier oder Mondschleimhait haaten, un esou enger Dampfwollek ersteckt.
Angscht a Schrecken maachen sech breed, esoubaal sech déi wahrscheinlech canzerogen Doftstoffer an der Nues bemierkbaar maachen.

Ech hunn op dem Chrëschtmaart oft d’Gefill, vill Leit géifen mat engem gudden Gewessen Saachen do kaafen, well sech irgendwéi am kollektiven Gediechniss festgesaat huet, daat alles, waat een op esou Plaatz keeft, „fir en gudden Zweck“ ass. Well et ass jo Chrëschtmaart.
Dobai ass daat zum gréißten Deel iwerhaat net wouer. Chrëschtdaag ass wahrscheinlech den enzegen Grond, firwaat d’Weltwirtschaft nach irgendwéi leeft. Och wann ech nach nie von Börsenmakler héiren hunn, déi sech geigensaiteg Cadeauxen an Form vun enger Millioun Lehmann-Brothers-Aktien gemaach hunn, mee anscheinend soll jo och nach den „Joe the Consument“ een Wuert an der Weltwirtschaft mat ze spillen hunn.

Angscht a Schrecken ginn méi an méi grous, je méi laang een sech op dem Chrëschtmaart ophällt. Déi schrecklech Schunkelstemmung mat „mir maachen eppes fir den gudden Zweck“, Schelder déi original Inka-afrikaneschen Kreemschen oder kanadesch Ploveren unpreisen, den Geroch vun schlechtem Glühwain an fettegem Iessen, daat alles schengt wéi eng wéider Manifestatioun vum Lëtzebuergeschen Draam, den an mengen Aan awer esou schrecklech an grausam ass, daat ech d’Gefill hunn, meng zwee aal bekannten Angscht a Schrecken wieren vun hirem graissleschen Cousin Terror opgefriess ginn. An genee deen géif Godzilla-ähnlech duerch d’Strossen vun der Uwerstadt wanderen an aus sengem Mond géingen schlecht Versiounen vun Chrëschtdaagslidder kommen…

Daat enzegt, waat elo nach helleft, ass d’Flucht. An eng aaner Galaxie, am beschten.­