Angscht a Schrecken an der Rockhal

Mat der Rockhal kann en seng Problemer hunn. Daat därf en einfach, well et bezillt een jo schließlech Stéiren dofir. D’Rockhal ass quasi esou eppes wéi den ADR oder ZDF vun den Konzertshaalen. Ech wees net, ob een doweinst lo onbedengt déi ganzen Zait meckeren muss, mee ob manst e bessen kritiséiren wärt en jo secher dirfen.

An ech, ech kann jo emmer nach soen: Ech sinn Gonzojournalist, ech därf daat, nee, ech MUSS daat esouguer!

D’Rockhal lait, fir déi, déi et nach net sollten wessen, am renereschen Süden (cf. Episoden 2 an 85) vum Land. Zu Bieles. Verschidden Leit géifen och soen: Um Escher Dreckstipp. Ech fir main Deel well mech lo net dozou äußeren, wéi dreckeg oder net et do ass, mee ob den Buedem esou dioxin-frai soll sinn, woen ech alt mol ze bezweifelen.

Ob alle Fall ass schon mol een positiven Punkt deen, daat een ouni vill Problemer mam Zuch kann bei d’Rockhal fueren. Durno muss en zwar kilometerwait goen. Daat awer och nemmen doweinst, well do, wou en fréier einfach konnt riicht Richtung Rockhal treppelen, elo en Akaafszentrum steht, daat keen Mensch wollt an wahrscheinlech och vill manner Lait brauchen.

Ausserdem sinn ech eng Kéier gefall, well ech op den Zuch gelaaf sinn an den wonnerschéinen Briederiwerdaach een Moment laang opgehaal haat. Op déi Brieder iwert dem net méi existéirenden Briederiwerdaach haat et natirlech gereent an déi waaren ruschteg. Waat geschidd, wann een ruschteg nass Brieder um Bueden am en laafenden Gonzojournalist addéiert, kann sech jo jiddereen selwer ausmolen.
Déi schlemmsten Verletzung waar en agerassenen Nool. Den deet elo nach emmer wéi. Daat kéint awer och drun léien, daat et ereischt virun 2 Deeg geschidd ass.

Op jidder Fall waar ech an der Rockhal fir den Konzert vun enger isländescher Band. Daat ganzt waar en ziemlech grous ugekennegte Event, wann och net ausverkaaft. Den ganzen Daag waar ech ziemlech opgereegt duerch d’Hauptquartéier vum Radio ARA gesprongen, well bis irgendwann Mettes 15 Auer net kloer waar, op mir elo géifen eng Accrediatioun kréien oder net.
Woumadder mir bei engem wéideren Kritikpunkt un der Rockhal wieren: Egal wéivill Méint oder Joeren een am Virraus eng Accrediation unfreet, et kritt een emmer nemmen 3 Deeg bis Stonnen virum Konzert Bescheed gesoot, op een se och kritt.
Waat relativ blöd ass, well een sech drai Stonnen virum Konzert oft just nach schlecht en Ticket kann besuergen goen, wann een net nemmen aus professionellen, mee och aus perséinlechen Grenn well goen.

Den Problem mat den Accrediatiounen ass dann un der Kees wéider gaangen. Virun mir stoung en Fraa vum Point24, déi nach schnell virum Konzert en Interview mat der isländescher Band maachen wollt. Dozou sollt et awer net kommen. Een Moment wollt ech zur Frau soen: „Schreiwt einfach deen aus dem l’essentiel vun haut oof“, mee d’Madame haat eng Posch dobai, an ech wollt den Konzert awer ouni blo Flecken geneißen.

Wéi et dunn un mir waar, hunn ech main Numm an den Numm vum Radio ARA gesoot. Ech sinn dunn gefroot ginn, ob ech „Andreiw Ben“ géif heeschen. Ech hunn dunn déi ganz Geschicht erklärt an gesoot, mir hätten virun 3 Stonnen nach eng Mail kritt, an der gestaanen hätt, daat mir ganz secher eng Akkrediatioun kritt hätten.
Daat huet offensichtlech iwerzeegt. Ech sinn op d’Lescht geschriwen ginn. Allerdengs sollt déi Persoun, déi main „+1“ waar, herno erem eng Kéier ordentlech Problemer hunn, der Madam an der Kees daat ze erklären. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Wiesou waar daat esou schwéier, eng Lescht mat denen Leit, déi eng Akkrediatioun hun, ze schreiwen? Luch et dodrunner, daat d’Rockhal virun kuerzem den System geännert haat?

An der Rockhal selwer hunn ech mech virdeischt mol em en Béier gekemmert an hunn probéiert, Leit ze fannen, déi ech géif kennen. Ech wosst jo, daat eng net onkleng Somm vun Leit misst héisinn, déi wéi ech déi islännesch Band ziemlech gären haat an demno misst ech jo op manst eng Persoun treffen, déi och héi op den Konzert géif waarden.

Komescherweis gouf et net mol Enegkeet doriwer, wéini den Konzert géif ufänken. Op den Ticketen stoung 20 Auer 30, um Internetsite vun der Rockhaal haat 20 Auer gestaanen. Ween dann elo Recht haat, konnt keen wessen. Wahrscheinlech géing den Konzert ereischt um 9 lassgoen, well sech d’Madame vum Point24 awer zu der Band duerchgekämpft hätt an d’Islänner esou laang belästegt hätt, bis endlech drai Äntwerten op 5 Froen ginn hätten.

AmFoyer vun der Rockhaal huet et ausgesinn wéi op der Fouer. An zwaar den Deel vun der Fouer, op dem et all meiglecht an onmeiglecht fettegt Gefreißt ged. Séier hunn ech en Schlack Béier geholl, fir den Schock ze verdauen.

Würschtercher an Sauerkraut.
Angscht.
Panngeschter.
Schrecken.
Wahrscheinlech vum Damien Klein aus all enzeel Molekül zesummengesaaten Nudelen. ANGSCHT.
Popcorn.
SCHRECKEN

Wou ass dann do den Rock bliewen? Firwaat ass et just nach em Friessen gaangen?
An virun allem: Wou waar d’Fra vum Point24 drunn?

Zum Gleck ass den Moment d’Musek vun der Virband ugaangen…