Angscht a Schrecke mam Trifolion

Endlech mécht een eppes fir de Nationbranding. Dat deen éischten Impuls, fir Lëtzebuerg als provinziell Kloak mat flotten Tankstellen a Banken ze verkafen, ass jo net sou gutt ukomm. Dofir muss dat ganzt mat e bësse Kultur garnéiert ginn. Dofir hunn mir jo schliisslech de Mudam an d’Philharmonie op de Kierchbierg gestallt. Déi kann een dann ukucken, wann een mat sengem Auto am Stau steet, fir bei enger Bank oder Fiduciaire seng steierlech Situatioun optiméieren ze loossen.

Mä dat geet net duer, fir sech een weltwäite Ruff vu Lëtzebuerg als ZOUVERLÄSSEGT DYNAMESCHT an OPPENT LAND ze verdéngen. Dofir muss een schonn aktiv Kulturpolitik bedreiwen. An zum Beispill berühmt Leit alueden. Déi stellt een dann op een Podium, vun deem soen déi berühmt Leit dann eppes gescheites. An wa mir Chance hunn, soen se och nach wéi gären si de lëtzebuerger Schokla oder déi berühmt lëtzebuerger Täschemesseren hunn. Dat kann een dann direkt an de nächsten Imagevideo mat abaue.

Sou eng aktiv Kulturpolitik geschitt lo awer net nëmmen an der Stad, mä als ZOUVERLÄSSEGT DYNAMESCHT an OPPENT LAND huet Lëtzebuerg natierlech méi wéi een kulturellen Hotspot. Zum Beispill wier do och nach Iechternach ze nennen. Iechternach huet e bësse méi wéi 3000 Awunner*innen. An eng Abtei, déi 698 een iresche Migrant gegrënnt huet, fir déi lokal an traditionell europäesch Relioun duerch eng aus dem noen Osten ze ersetzen. Dofir danzen se och op Päischtdënschdeg sou komesch do.

Mä zeréck bei eist Thema: Den Trifolion, deen als Kulturzentrum der Stad Iechternach gehéiert, huet dat mat der aktiver Kulturpolitik elo dann och gemaach. An den Thilo Sarrazin agelueden. Dir hutt sécher scho vun dem Mann héieren. Hie war Finanzsenator an der Berliner SPD. Seng Politik huet virun allem aus Kierzunge vu Sozialmossnahmen bestanen. An dunn huet en e Buch doriwwer geschriwwen, datt Däitschland ëmmer méi domm an méi aarm géif ginn. An Schold dorunner wieren d’Türken. Et géifen nämlech just domm Türke kommen an déi krite méi Kanner wéi déi Däitsch.

Dat ass natierlech alles Blödsinn. Denkt einfach mol un iech selwer: Sidd dir méi gescheit wei är Eltern? Egal wei d’Äntwert ass, se ass wahrscheinlech net „Ech sinn genee esou gescheit wei meng Eltern an all meng Geschwëster, Monnien, Tattaen, Cousinnen an Kosenge sinn all genee d’selwecht intelligent“. Den Här Sarrazin huet dat mat der Genetik nämlech net verstanen. Mol ganz ofgesinn dovunner, datt et keen „Intelligenz-Gen“ gëtt, dat sech verierft: Et ass enorm schwiereg, Intelligenz objektiv ze moossen an déi biologesch an soziologesch Fakteuren ze trennen. Elo ze soen: „Déi tierkesch Kanner sinn all méi schlecht wéi déi Däitsch an der Schoul“ an ze mengen, domadder hätt een eppes bewisen ass zimlech blöd.

Wisou? Ma kommt mir maachen een klengt Beispill, an fir kengem op d’Zéiwen ze trëppelen huele mir Kanner aus dem Éislek an Kanner aus dem Guttland. Stellt iech fir, et géif eng Etude gemaach ginn an do géif erauskommen, datt Kanner aus dem Éislek am Duerchschnëtt méi schlecht an der Mathe wiere wéi Kanner aus dem Guttland. Lo kéint een natierlech domm Witzer iwwer Inzucht an domm Bauere maachen, mä wann een eng genetesch Ënnersichung géif maachen, géif een keng signifikant Ënnerscheeder zwëschen den Kanner aus dem Éislek an deenen aus dem Guttland feststellen. An net nëmmen dat: d’Ënnerscheeder zwëschen den Éisleker Kanner ënnertenee wier méi grouss wéi deen zwëschen den Gruppen.

Wann also lo déi Éisleker Kanner méi schlecht an der Schoul sinn, wouru läit dat? Vläit dorunner, datt hir Eltre manner räich sinn an si sech keng Nohëllef leeschte kennen. Oder dorunner, datt den Zougang zur Educatioun am Éislek méi schlecht ass? An dësem Fall ass d’Beispill just fiktiv, mä d’Beispill ass genee d’selwecht wéi dat, wat den Här Sarrazin iwwert Türke schreift: wëssenschaftlech net haltbar. Dat seet zum Beispill den däitsche „Verband Biologie, Biowissenschaften und Biomedizin“. Et gëtt och een Buch, deen d’These vum Sarrazin als längst iwwerlieft entarnt: virun 150 Joer war den Francis Galton schonn der Meenung, d’Gesellschaft géif ëmmer méi domm ginn, well déi domm méi Kanner géife kréie wéi déi Gescheit. Et huet sech erausgestallt: Intelligenz an Dommheet hunn vill méi mat engem gudden, ugepassten Access zur Educatioun ze di wéi domadder, wéi gescheit meng Eltre waren.

An zu gudder Läscht huet och nach d’UN Däitschland gerügt, well se den Sarrazin wéinst sengen Aussoen net strofverfollegt hunn.

Den Trifolion weess déi Saachen also alleguerten. Oder spéitstens no der initialer Ukënnegung, no där déi leite Fakten hinnen dacks genuch op hir Facebookwall geschriwwe gi sinn. Um internationalen Holocaustgedenkdag huet den Trifolion dunn eng Pressekonferenz gehalen, wou se hire Programm virgestallt hunn. An nach eng Kéier betount hunn, datt si den Thilo Sarrazin op alle Fall géifen alueden. Dobäi sinn dräi Saache betount ginn.

Engersäits wier et jo méiglech mam Här Sarrazin ze diskutéieren. Dat ass, fir datt et net, Zitat „ze chaotesch“ géif ginn, awer just méiglech an deem s een an der Paus d’Fro op een Ziedel schreift. Ween déi onbequem Froen dann aussifft, ass net gesot ginn. Mä et kann een sech jo virstellen, wéi sou een Debat ouni Nofroen an Austausche vun Argumenter ausgesäit. Ech perséinlech géif dat éischter Monolog nennen.

Zweetens ass betount ginn, et géif een mat der Police zesummen oppassen, datt een net Zitat „um lénke Fouss“ erwëscht géif. Ween also net just op engem Ziedel géint dem Här Sarrazin säi Rassismus protestéiere wëll, muss domadder rechnen, Tréinegas oder de Knëppel ze spieren. Och eng effektiv Method fir den Discours ze förderen.

Drëttens huet de Ralf Britten, den Direkter Trifolion betount, den Här Sarrazin wier jo ni veruerteelt ginn. Dat ass natierlech een immenst Argument: „Mä et ass jo net illegal“. Bravo, dat ass dat schlechst Argument fir een anzelueden, dat ech kennen. Oder fir iwwerhaapt iergendeppes ze soen. Den Trifolion ass een ëffentlecht Kulturinstitut. Et ass ganz normal, datt si näischt illegales maachen.

Zesummegefaasst: Den Trifolion schéngt et als seng Aufgab ze verstoen, een Rassist schwätzen ze loossen an verteidegt et, deem een Podium ze ginn. Noutfalls mat Polizeigewalt an Virzensur vun de Froen, fir datt den Här Sarrazin seng Thesen och nëmme gutt verbreede kann.

Lo kann een natierlech vill iwwert Grenze vun der Meenungsfräiheet diskutéieren. Verschidde Leit sinn der Meenung, et misst een alles soe kënnen, soss géif een „d’Leit“ (ween och ëmmer „d’Leit“ sollte sinn) fir domm halen, sou nom Motto „muss een d’Leit virun sech selwer schützen?“.

Et geet net dorëms. Et geet engersäits dorëms, datt een engem Rassist een Podium gëtt an een seng Meenung souzesoe gesellschaftsfäheg mécht. An anersäits ginn et Leit, déi vu Rassismus betraff sinn. Deenen hiert Liewe gëtt aktiv méi schlecht, wann se sech dem Sarrazin säi rassistesche Bulli ulauschtere mussen. An wann dir iech frot, wéi dat fir eng Persoun ass, déi … soe mer mol italienesche Migratiounshannergrond huet an aus enger kannerräicher éischter-Ënnerschicht-Famill kënnt domadder konfrontéiert ass, datt Leit dem Här Sarrazin seng Eugenik-Theorien aktiv am Trifolion wëllen héieren, kann ech iech dat gäre soen: Et ass fir ze katzen.
An ech sinn mat mengem lëtzebuergesche Pass an aus e puer anere Grënn dach éischter privilegéiert an der lëtzebuerger Gesellschaft. Et kann also gutt sinn, datt aner Leit nach vill méi katze mussen.
An Däitschland brennt all Nuecht een Flüchtlingsheem. Um Weekend hunn se an Süddäitschland eng Granat op een Flüchtlingsheem geworf. Amplaz Rassist*innen wéi den Thilo Sarrazin op een Podium ze stelle wier et besser, mir géifen een Cordon sanitaire zwëschen eis an den rietse Bulli zéien. Just well et erlaabt ass, eppes ze soen, heescht dat nach laang net, datt een dem och eng Bühn muss bidden. Mir luede jo och keng Verschwörungstheoretiker an den Trifolion, déi dorunner gleewen, datt d’Welt vu Reptilienwiesen beherrscht gëtt, déi eis mat Chemtrails vergëften. De selwechte Reflex vun „Sou een Blödsinn“ sollte mir och bei Rassismus entwéckelen. Da kënne mir och eng gesellschaftlech Debatt féieren.

Zum Beispill doriwwer, datt Integratioun keng sense unique ass oder wisou Kanner aus räiche Famillen dacks eng besser Bildung hunn wéi déi aus aarme Famillen.

Foto: cc-by Meffo

2 thoughts on “Angscht a Schrecke mam Trifolion

  1. kanner déi neischt léieren,wësse manner , wann et leider Türke sin
    géindeniwer Deitschen ,déien vill geléiert hun

    daat huet neischt mat Rassismus ze din.

  2. Merci fir Äre Kommentar! Wéi ugeschwat ginn et vill Grënn, wisou verschidden gesellschaftlech Gruppen manner Erfolleg am Bildungssystem hunn wéi anerer. Dir hutt Recht: dat festzestellen ass net rassistesch. Ze mengen, et géif awer an der Natur vun den Tierken léien, manner ze léieren wéi déi Däitsch (wat den Här Sarrazin mécht), ass awer ganz kloer rassistesch. An menger Meenung no muss een Bildungssystem, dat een Grupp benodeelegt, sech eescht Froen stellen.

Comments are closed.