Angscht a Schrecke mam Schoulsystem

Ech hat et läscht Woch jo schonn sou hallef ugedeit. Ee säftegt Thema hu mir eis haut virgeholl. Beim Schoulsystem ass jo jiddereen_t Expert. Souguer de Minister.

De Minister Meisch huet Mëtt Januar seng Lycéesreform an de graffen Linnen virgestallt. Et ass lo net sou, wéi wann et an deene Joeren an Regierunge virdrun ni Reformen am Lycée ginn hätt. Et gëtt wuel kaum een Politikfeld, wou et sou dacks Reforme gëtt wéi an der Educatiounspolitik. Leider gesäit een den Erfolleg oder Net-Erfolleg vun sou Reforme jo réischt, wann déi betreffend Schüler_innen fäerdeg mat der Schoul sinn. An dann ass et dacks schwiereg, nach Vergläicher ze zéien: Virun 13 Joer huet d’Welt nach ganz anescht ausgesinn.

Villes soll net geännert ginn, well verschidde Schoule wiere jo schonn innovativ, heescht et aus dem Ministär. Et soll keen eenheetleche Modell ginn, mä all Schoul däerf selwer innovativ sinn. Oder wéi een et op gutt Lëtzebuergesch nennt: se däerf selwer wurschtelen. Ah jo, an da gëtt e bëssi eppes um Premièresexame geännert an d’Sektiounen op Classique kënnen och méi flexibel gestalt ginn. Vun de Schoule selwer. An och de Redoublement, als d’Duerchfale soll net ofgeschaaft ginn.

Datt dat éischter eng Reförmchen ass, ass scho vu ville Leit gesot ginn. An dat ass och een strukturelle Problem an der lëtzebuergescher Bildungslandschaft: Et ännert sech einfach bal al Joer iergendeppes, sou datt Schüler_innen net wierklech Planungssécherheet hunn. Dat gëtt mat méi Flexibilitéit fir d’Schoule sécher besser, schliisslech ass et onvirstellbar, datt sech op een Mol een Schwéierpunkt vun enger Sektioun ännert. Da missten d’Schüler_innen ebe flexibel sinn, nediert?

Mä wou brennt et da wierklech an de lëtzebuergesche Schoulen? Ma komm mir kucke mol, ween do sou a wat fir eng Schoul geet. An der Grondschoul sinn ongeféier 50,3 % Net-Lëtzebuerger_innen, 49,7 % sinn Lëtzebuerger_innen. Fifty-Fifty also. Dat ass wichteg, dat verhale mir eis elo.


D’Zuelen sinn all aus dem Schouljoer 2013/14 an staamen vum MEN.

Am technique sinn et op 7e liicht aner Zuelen, nämlech 51,09% Lëtzebuerger_innen an 48,91 % Net- Lëtzebuerger_innen. D’Verhältnis Lëtzebuerger_innen zu Net-Lëtzebuerger_innen gëtt am Laf vun de Joeren ëmmer bësse méi schif a Richtung méi Lëtzebuerger_innen, bis op der 13e just nach 31,88% Net- Lëtzebuerger_innen sinn, dofir awer 68,12% Lëtzebuerger_innen. Op der 12e sinn et iwwregens nach 37,8% Net-Lëtzebuerger_innen. Dat gëtt eis een Indice dofir, ween wat fir Ausbildungen am téchnique mécht. Op de Klasse mat 14e sinn et iwwregens 84 % Lëtzebuerger_innen.


D’Zuelen sinn all aus dem Schouljoer 2013/14 an staamen vum MEN. NB: Net all Ausbildung am technique huet eng 13e, déi mannst hunn eng 14e!

Okay, kann een lo soen, wéi huet et da virun 12 bis 13 Joer ausgesinn am Primaire? Do waren et ëmmerhi 60 bis 61 % Lëtzebuerger_innen, vis à vis vun 68% op der 13e. Ee klengen Ecart, mä en ass do.

Mä da kucke mir lo mol an de Classique. Dir erënnert iech, 50:50 wann se aus der Grondschoul erauskommen. Ma am Classique setzen op 7e 76,9% Lëtzebuerger_innen an just 23,1% Net-Lëtzebuerger_innen. Op der Premiere sinn et der just nach 16,4%.


D’Zuelen sinn all aus dem Schouljoer 2013/14 an staamen vum MEN.

Reegt iech dat net op? Et sollt. Et ass nämlech een enorme Skandal. An wann et een Chantier zu Lëtzebuerg gëtt, deen d’sozial Kohäsioun massiv a Gefor bréngt, dann ass et dat. Net-Lëtzebuerger_innen hunn massiv manner Chancen op Classique ze kommen an se hunn och massiv manner Chancen, et bis op eng Première ze packen.

Et gëtt kee Grond, wisou net-lëtzebuergesch Schüler_innen sou vill méi dacks net de Sprong an de Classique packe solle wéi lëtzebuergesch Schüler_innen. Also keen, deen iergendwéi an hirer Natur oder sou wier. De rassistesche Bulli hu mir jo d’lescht Woch am Trifolion gelooss. Also ginn et e puer Erklärungen: De lëtzebuergesche Schoulsystem diskriminéiert entweder systematesch géint net-lëtzebuergesch Kanner. Dat kéint zum Beispill sinn, well en eng Prioritéit op Sprooche setzt, an deenen sech lëtzebuergesch Kanner méi liicht doe wéi déi aner. Oder awer déi meescht net-lëtzebuergesch Kanner kommen aus sougenannten „sozial schwaachen“, also aarme Famillen. Traditionell ass den Zougang zu gudder, héicher Bildung eppes, wat sech ganz staark „verierft“. Hei sinn awer net d’Gene Schold, mä den Zougang zu Ressourcë wéi Literatur, Habitus, an esou weider.

Wahrscheinlech ass eng Mëschung aus deenen zwou Erklärungen dat, wat der Realitéit am nooste kënnt. Mä egal wéi et ass: De lëtzebuergesche Schoulsystem huet een fatzege Problem. Wann et engem Schoulsystem net geléngt, an sechs Joer Primaire gläich Chance fir all d’Kanner hierzestellen, dann huet en versot.

Aus anere Länner wësse mir, datt et fir Kanner am beschten ass, wann si an hirer Éischtsprooch alphabetiséiert ginn oder déi och léieren. Et fält hinnen dann méi einfach, aner Sproochen ze léieren. Mir alphabetiséieren op Däitsch, Kanner mat engem däitsche Pass maachen awer just 1,7 % vun de Schüler_innen am Primaire aus. Et wier also wahrscheinlech derwäert, hei eng besser Léisung ze fannen. D’Konschtstéck misst sinn, eis Villsproochegkeet ze behalen an gläichzäiteg dofir ze suergen, datt mir méi eng grouss sozial Duerchlässegkeet kréien.

Et kéint een sech och ukucken, wéi sënnvoll d’Opdeelung an Classique an Technique ass. Ëmmerhi kann een mat enger Technique Generale och iwwerall studéiere goen. Et stellt sech och d’Fro, op d’Orientatioun mat der Decisioun nom 6. Schouljoer net ze fréi passéiert.

D’Fro, op sech Schoulen, déi elo schonns als „Eliteschoulen“ gëllen, sech duerch „innovativ Léisungen“ net weider an eng elitär Richtung beweege wäerten, muss een och stelle kënnen.

Dat sinn am Fong alles Froen, déi missten diskutéiert ginn. An dat dringend. Am Fong hätt een sech esou eng Diskussioun bei der Schoulreform vun enger Regierung, déi ugetrueden ass, fir d’Fensteren grouss op ze rappen, erwaard. Mä amplaz kréie mir just eng Reförmchen a wonneren eis iwwert Spaltung vun der Gesellschaft.

Zum Schluss da nach eng gutt Noriicht: Lëtzebuerg well an Zukunft op Asteroiden am Weltraum no wäertvolle Mineralie gruewen. Déi éischt Banken an Fiduciairë sinn schonn interesséiert, op deene betreffenden Asteroiden deep space tax-rulingen virzebereeden. Endlech mécht een eppes fir de Nationbranding!

Foto: Cayambe at lb.wikipedia [GFDL or CC-BY-SA-3.0], via Wikimedia Commons