Angscht a Schrecken am reenegen Süden

Déi zweet Episod vun Angscht a Schrecken behandelt een Deel vum Land, deen zwar ville Leit bekannt ass, vun deem een wichtege Punkt awer oft vergiess ged: beim Süden vu Lëtzebuerg handelt et sech em den schwaarze Fleck op der Klimakaart. Dementspriechend suergt en Ausfluch an déi sougenannt Minettemetropole Esch och fir Angscht a Schrecken …

mp3 download Angscht a Schrecken am reenegen Süden


Samsdes mettes. Ech waar schon op, wei d’Pizza bruecht gin ass. Awer nach net laang.
Demno hun ech mech nom Iessen gefillt wei een, den erwäscht, eng Pizza esst an eng Bloody Mary braischt. E bessi grogy vun dem laangen Schloof, den mir net bekennt, mee soss naischt. Ech huelen un, daat dat bei mir de Problem ass: Ech sin vill ze oft niichter.

Ech haat awer nach een ganz aanere Problem. Un sech hätt den Samsdennometten jo ganz relax kennen gin. Ech sin definitiv en Amateur von rouegen, vereenten Samsdesnometteger wou en et sech gudd goen leisst – ouni ze vill Action. Ech hun och naischt geint Reen, esoulaang ech en vun bannen kann kucken…

Main Problem waar folgenden: Ech sollt en Workshop iwert Internetsaiten haalen. Mei genee: En Workshop doriwer, wei en Internetsaiten mat Joomla mescht. Joomla ass den Content Mangament System, mat dem zB. Och d’Hompage vu Graffiti realiseiert ass.

Wei déi mescht Leit net wessen, ass d’Minette mat denen westlechen Regiounen vum Eisleck die reeneregst Regioun am Land. Quasi de schwaarze Fleck op der Klimakaart.
An geene dohin hun ech missen.

Ech hun mech also an den Zuch gesaat, net ouni ze konstateiren daat bei den CFL nach emmer Angscht a Schrecken regneiert, des Keier zweschen Lorentzweiler an Dommeldange, an hun mech a Richtung reenergesche Süden transporteiren geloss.

Am Zuch hun ech mir nach e puer Notizen geholl, well ech waar mir bis elo nach net kloer, waat ech denen Leit dann lo genee iwert Joomla zielen sollt. An der Staadt hun ech missen emklammen an do hun ech den Fehler gemaach, den nemmen ech konnt maachen.
Ech hun mech nirwt die falsch Persoun gesaat.

Ech maan esou eppes oft. Meschtens lauschtren die Leit esou haart Musek, daat ech de Sänger nach verstinn, streiden sech per Telefon mat hierer Frendin oder zielen hirem Nope vun digitalen Aueren, mat denen een e Flieger fernsteiren kann. Kee Witz!
Mee haut sou ech nirwt der schlemmsten Sort vun falschen Leit, nirwt dei en sech sëtzen kann. Die Sort, dei mat engem schwätzt.

Virdeischt huet en mech gefroot, waat fir en Daach et wier. Ech hun em et gesoot. Genausou, wei ech em gesoot hun, wei main Buch geif heeschen. Daat wollt ech jo eigentlech liesen. Mee doraus ass naischt gin. Den Typ huet monter weider gefroot an mir gezielt, en weilt an dei selwescht Schoul goen wei ech. Dun huet e mech gefroot op do vill Leit geife femmen.
Ech wollt schon äntwern, sait dem neie Gesetz eigentlech keen mei, mee ech wosst jo, daat hien net vun Zigaretten geif schwätzen.

En huet mir einfach weider geziehlt. Vun sengen Pflanzen, die 2 an en halwen Meter grous wieren an rieseg Knospen hätten an sou weider.
Den Typ waar mir onangenehm. Ech wollt mech net an engem Zuch mat engem Friemen iwert dem seng Cannabispflanzen ennerhaalen. Oder sengen flapsegen Bemierkungen iwert Fraaen nolauschtren.

Ech haat en Workshop ze haalen, an daat wollt ech hannert mech brengen, ouni daat et Doudeger oder Verletzter gouf. Esou vulgär d’Liewen och ass, ze vill Blutt misst och net sin.

Wei ech dun endlech zu Esch waar, wosst ech, wiesou d’Minette de schwaarze Fleck op der Klimakaart ass. Et huet riicht eran gereent.
Ech sin zu Fouss an d’Kulturfabrik getrollt, wou ech baal vun engem Camioun vum “Festival du film italien” iwerrannt gin wier. Gleckerlechweis hun ech et awer nach bis an main Workshop gepackt.

Den waar net sonnerlech spektakulär an do gouf et och weineg Angscht a Schrecken. Dofir lossen ech deen mol einfach aus. Dei spannend Geschichten sin souwiesou durno geschidd.

Et war mettlerweil zwar vill mei daischter, mee net mei drechen am reenegen Süden gin. Et waar nass an kaal. Ech sin nach engem Bekannten begeint, den op de Wee dohinner waar, wou ech graad hierkomm sin an wou ech och net zereck wollt. Hien waar zwar wei en Faackel am Daischtren an huet mech en Moment vun mengen düstre Gedanken ofgehaalen, mee mir ass kloer gin, daat et just eng eenzeg Strategie gouf, fir ze Iwerliewen. An daat war d’Flucht vun desem schwaarze Fleck op der Klimakaart, zereck an daat op manst e puer Graad Joeresmetteltemperatur mei waarmt Gutland.

Esou schnell sollt daat awer net goen. Esch waar nass, kaal an virun allem haart. Ech hun während puer Minuten op main Handy gekuckt, well ech amgaangen waar, eng SMS ze schreiwen an sin hallew blann iwert die laang an chique Strossen getrollt. Mee wei ech dun erem opgekuckt hun, hun ech all Auto heiren. Ech sin wei en Zombie do gaangen an hun just nach mat zwee Senner, den Ouren an den Aan, meng Emwelt enregistreiert.
An ech haat wirklech d’Gefill, wei wann een bei mir den “RECORD”-Knäppchen gedreckt haat, well ech waar zu kenger Iwerleung mei fäheg, hun just nach alles matkritt, waat graad geschidd ass. Mei wait wei een Schraat virun mir konnt ech net denken.
En Auto, erem en, deskeier en mei aalen. Irgendwou tuut en.

Demols, wei ech um Enn vum Summer zu Lyon waar an do eigentlech stänneg mam Bus oder Tram duerch d’Staadt gefuer sin, huet andauernd irgendeen getuut. Ech hun mir do emmer d’Fro gestallt, op daat an grousse Stiedt eben esou wier oder op daat nemmen zu Lyon esou wier. Un all Kraizung huet irgendeen nervösen Franzous sech net mei gepackt an ass net nemmen mat zwee Feiss op Brems, mee och mat denen zwee Hänn op d’Tutt gesprongen. Esou huet die ganz Staadt geklongen.
Dofir hun ech esou oft wei meiglech de Metro geholl, och wann daat heinsdo en Emwee waar. Besser daat, wei stänneg daat Getuuts ze heiren.

Mee ech war am Moment net zu Lyon, an zu Esch huet just een getuut. EN Policeauto ass lanscht mech gefeuer, mat voller Siren an blooer Luucht. Ech haat d’Gefill, daat net ech elleng op der Flucht waar. Hei waar jidereen op der Flucht. D’Leit hun esou fest wei se konnten op de Gas gedreckt, fir rauszekommen.
An sin an der Mett vun all der Angscht an dem Schrecken am reengen Süden wei een Zombie getorkelt, zu kengem kloeren Gedanken mei fäheg.

Wei ech dun endlech am Zuch souz, ass mir nach eppes kloer gin: Ech hun missen unfänken, daat ganzt opzeschreiwen. An daat ouni d’Fro ze stellen nom wiesou an virwaat. Ech hun einfach geschriwen, bis ech erem doheem waar.