Angscht a Schrecken op der Sich nom Rastamann

Et huet en jo heinsdo, daat en Leit begeint, die engem vague bekannt virkommen. Ech begeinen relativ oft esou Leit. An heinsdo stellt een sech eben d’Fro, ween dann deen berühmt-berüchtegen Rastamann soll sinn …


Et huet en jo heinsdo, daat en Leit begeint, die engem vague bekannt virkommen. Ech begeinen relativ oft esou Leit. Oft kucken dei mech awer net an soen och net Moien, also kennen ech se net.
Ech hun mol d’Theorie opgestallt, daat et an eisem Liewen just en Pool vun e puer Honnert Leit ged, an de Recht entsprecht emmer engem aanerem. Wei wann en Computerprogramm duerch Zoufall geif auswielen, ob mir lo eisem beschten Kolleg begeinen oder just engem Typchen, den eisem beschten Kolleg ähnlech ass.

Well ech awer net allezvill vun “mir-liewen-all-an-der-matrix”-theorien haalen, hun ech obgehaalen, esou Gedankespillercher ze entwecklen. Ob manst, wann ech gefohr gelaaf sin, se aaneren Leit ze erziehlen.

Ech sin des lescht also och engem Medschen begeint, daat mir vague bekannt vir komm ass. Op manst vun waitem. Vun noem hun ech dun geduercht: “Ma daat ass jo mol guer kengt esou ellent!”

Dobai hätt alles kennen bleiwen. An Zaiten vun H&M an C&A gesait souwiesou all zweeten aus wei en aaneren, an die Leit, dei net esou ausgesin, gesin sech op manst ähnlech. Doriwer hätt ech mir keng Gedanken missen maachen. An doriwer, daat et net ellen waar, schon guer net. Ech hätt main Liewen esou keinten geneissen, wei et waar. An ech hätt daat Medschen no op manst 2 Stonnen komplett vergiess gehaat.
Mee et sollt alles anescht kommen.

Hat huet mech gekuckt an soot “Moien!”
Iert main Gehir irgendeppes konnt dogeint maachen, huet main Mond schon reflexarteg geäntwert:
“Moin!”. Net gaanz haart, an och e bessi ze speit. Mee op manst haat ech och Moien gesoot.

Ech denken, irgendwou zweschen Mond an Gehier ged et en Organ, irgendeng Drüs, dei fir esou Fäll zoustänneg ass. Sie leist eis “Moien” soen, iert mir iwerleen. An op d’Fro “Wei geht et?” leisst se eis en “Gudd, a bei dir?” erausrutschen, iert d’Fro bei eis am Gehir unkomm ass.
Wahrscheinlech huet just nach keen die entdeckt, well se irgendwou an engem Eck zweschen Gehier an Mond verstoppt ass.

Ech sin dun e puer Schreck weider gaangen an dun huet et ungefaangen an mengem Gehier ze ratteren. All Zännriedschen an mengem Kapp huet sech an Bewegung gesaat an ech hun mir verzweifelt d’Fro gestallt: WEEN waar daat? An virun allem: WOUHIER kenns du daat?
Ech wosst vun virereran, daat ech net geif drop kommen. Mee genausou wei ech reflexarteg “Moin” gesoot haat, sou hun ech och missen doriwer nodenken, ween daat wuehl wier.

Waat mech erem op een gaanz aaneren Gedanken bruecht huet. Ech hun missen un dei vill Reaggelidder denken, wou emmer vun engem Rastamann gesongen ged.
WEEN ass daat? An wiesou sangen se emmer vun deem? Leeft den eigentlech och rondrem?
Vlait geif ech dem jo och eng Keier begeinen. An hien geif mir och “Moien!” soen, an ech geif mech durno och froen: WEEN der Daiwel waar daat?”
Daat wier jo quasi de Fehler vum Liewen. Daat ass wei wann en virun 2000 Joer dem Jesus och just “Moien” gesoot hätt an weidergaangen wier. An domadd d’Chance verpasst hätt, en Hellegen ze gin. Oder sou.

Waat sollt all dei Angscht an de Schrecken op der Sich nom Rastamann? Endweder begeint en em eng Keier, oder eben net. Ech denken net, daat en daat beanflossen kann. Vlait gesin ech en jo eng Keier an zielen dovunner…