Angscht a Schrecken ob enger Retroparty irgendwou am heigen Norden

Eine Retroparty im hohen Norden Luxemburgs. Muss man mehr dazu sagen?

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken07web.mp3]


Et ged Deeg, do mescht an alles richteg an trotzdem leeft alles schief. Esou och des lescht, wou ech op eng sougenannt Retroparty war. Also, ech sin net dohinner gaangen, fir do Spaß ze hun, mee fir do ze hellefen. Mee un sech haat geduercht, daat dat ganzt relativ flott geif gin. Ech haat also fir, mech e bessen ze amüseiren. Esouwait wei daat eben ob Retropartyen meiglech ass.

D’70er Joeren waaren ungesoot, daat ganzt huet sech Bloen Eck Revival genannt. Ech sin schon öfters lanscht de Bloen Eck gefuer. Ech mengen, do ass lo en Café dran. An irgendeppes mat Pärd hun ech och schon heiren. Ass och net esou wichteg. Wichteg ass: et ged haut nach en blot Strossenscheld, ob dem “Bloen Eck” steht.
Blo Strossenschelder sin seelen zu Letztebuerg. Jiddereen kennt dei giel, wou einfach d’Nimm vun der Staad oder dem Duerf dropsteht. Dann gin et och nach waiss Schelder, do stin Nimm vun Plaatzen drop, die keng Uertschaft sin, mee trotzdem en Numm hun, wei zum Beispill en Bauerenhaff, den ausserhalb vun engem Duerf leit.
Mee blo Schelder hun ech soss nach nie gesin, die gin et just beim bloen Eck, den et un sech jo net mei ged.

Ech kruut och schon Geschichten geziehlt vun Leit dei zu Fouß oder per Anhalter an dei Disco gaangen sin. Muss also eng zimlech grandios Plaatz gewierscht sin. Quasi den Zentrum vun der Hippie an Drogenkultur zu Letztebuerg an den freien 70er Joeren.
An d’Iwerechter vun genau der Kultur sollten eng Revival-Party irgendwou am heigen Norden hun.

An dohinner sollt ech dann och, fir ze hellefen.
Ech waar , wei gesoot, optimal virbereed. Ech haat dei richteg, politesch absolut korrekt Schong un, haat genuch Souen dobai, fir mir main Alkohol selwer ze bezuehlen an als allerwichtegst haat ech en Sonnenbrell dobai.
En Sonnenbrell ass emmer gudd, wann et ze hell ass zum Beispill. Oder wann en verschidden Saachen net mei well gesin.

No enger abenteuerlecher Rees mam Auto duerch den heigen Norden sin mir och dann op enger Plaatz unkomm, die sech “Pärdsscheier” genannt huet. Et huet allerdengs net wei eng Pärdsscheier ausgesin. Eischter wei en Sall mat komeschen Luuchten, engem Contoir an e puer Beierbänken mat Kärzen drop. An engem DJ-Pult, daat haaptsächlech aus engem Mac-Laptop bestaanen huet.

Mir hun eis net hannert de Contoir gesaat, mee an d’Caisse. Daat war wahrscheinlech die beschten Idee vum Owend. Ech huelen mol un, daat et hannert den Contoir nach vill mei schrecklech waar wei hannert der Caisse. Obwuehl d’Musek jo iwerall die selwescht waar.

Am Ufank waar et ziemmlech roueg an et waaren net vill Leit do. Ech hun mech nach iwert jiddereen, dem ech en Bändchen konnt undoen, gefreet.
Die Bännerscher waaren iwregens neongreng. Et waar die Zort vun Bännerscher, die en ouni eng Scheier net erof kritt an die en soss och furchtbaar nervt. Ech kann mir gudd virstellen, daat schon Leit sech embruecht hun, well se sou en Bändchen net mei vun ihrem Aarm erofkritt hun.
Irgendeppes seet mir, daat esou Saachen schon ziemlech secher geschidd sin.

Die Bännerscher wieren un sech guer net neideg gewierscht. Et sin ongefeier 20 mol Leit eraus gaangen, den ganzen Owend iwer. De Recht vun de Leit ass einfach dobannen bliwen. Wahrscheinlech, well et dobaussen ze kaal waar oder et gereent huet.

Eng aaner Aufgab vun mir waar et, Bongen fir d’Gedrenks auszedeelen. Die meescht Leit hun direkt bei hirer Entree 10 Bongen matneen kaaft. Ech denken mir, die meescht haaten herno nach op manst 1 Bong an hirer Boxentäsch an hun sech um Heemwee geirgert.
Ech konnt mir daat gudd virstellen, wei eng Persoun Ufank 50 mat engem Gedrenksbong an der Boxentäsch aus dem heige Norden bis an en Foubourg vun der Staadt heemfiert an die ganzen Zait denkt “Elo hun ech 10 Bongen kaaft an hun der just 9 verbraucht, lo sin ech awer wirklech rosen!”.
An die Persoun ged emmer mei rosen an firt emmer mei seier. An herno kritt se doweinst nach en Protokoll. An alles just weinst engem Gedrenksbong.

Wei dun mei an mei Leit komm sin, ass d’Musek och eng aaner gin. Virdeischt sin nämlech ziemlech roueg, elektronesch Saachen gelaaf. Oder et waar nemmen een Lidd, daat 45 Minuten 48 Sekonnen gedauert huet. Esou genee konnt ech daat net soen. Ech hun och net wirklech opgepasst.
D’Leit hun sech en Glas Beier geholl, den DJ begreisst an sech op d’Beierbänke gesaat.
Ech hun geduercht: OK, daat ass eben wei en Café mat komescher Hippie-Musek aus den 70er Joeren an daat enzegt waat net esou normal ass, ass d’Beliichtung an die komesch Projektiounen.

Op enger Mauer waar nämlech eng Projektioun aus dem Laptop. Do konnt en komesch Reesen zweschen 3D-animeierten Bierger, psychadelesch Farwkombinatiounen oder Fotoen vun freieren Revival-Diskoen bewonneren. Heinsdo all die 3 Saachen zesummen. Ech hun mech gefroot, weivill LSD verschidden Leit giess haaten an hun un ongefeier en DIN A4-Blaat geduercht. Op daat realistesch waar, wees ech net. Wahrscheinlech ass et awer.

Irgendwann ass d’Musek dun mat engem Schlaag anescht gin. Et ass en bekannt Lidd aus den 70er Joeren gespillt gin, an op een mol huet sech alles bewegt. All die Leit, die ech durchaus als net mei esou furchtbaar jonk geif bezeechnen an denen ech an denen leschten Stonnen an Minuten en neongrengt Bändchen op den Arm gepescht haat, hun ungefaangen ze danzen.

Et waar en Lidd vun den Doors, daat des Well ausgeleist haat. Virdeischt waar daat Danzen nach e bessen steif. Ech hun schon Leit esou danzen gesin. Et ged Plaatzen, ob denen sech emmer e puer aal Hippien mat laangen groen Hoer an engem Kappduch zweschen de Leit bewegen an op eng komesch, onrhytmesch Art an Weis danzen. Ech waar esou Saachen gewinnt. Ech waar un sech dorobb virbereed, esou Leit ze begeinen.
Ech haat mir och geduercht, daat verschidden vun denen Leit e bessi Gras oder daat engt oder aanert Blaat LSD zou sech geholl hätten.

Mee ech waar net drop virbereed, daat ech eng Onmass vun komescher Musek zesummen mat durchaus eescht ze huelenden Persounen, die sech op eng komesch Aart an Weis beweegt hun, präsenteiert kriit.

En Detail: Op engem schwaarzen Bildschirm konnt en liesen, waat fir en Lidd graad gespillt gouf. Oft huet sech den Titel fir eng hallef Stonn oder mei laang net geännert. An daat waar keen Fehler, mee die Lidder hun wirklech esou laang gedauert, och wann se quasi emmer d’selwescht geklongen hun.

Daat ganzt waar fir Angscht ze kreien. Ech waar op alles virbereed gewierscht, mee et waar ganz anescht komm, wei ech mir et geduercht haat. Irgendwou am heigen Norden waaren Iwereschter aus der letztebuerger Hippie an Drogenkultur aus den 70er Joeren zesummenkomm, fir eng Party ze feieren, an ech waar mattendran an hun neongreng Bännerscher un Ärm mat Goldaueren gepescht. An daat ouni Senn, well nämlech nie en drun geduercht huet, erauszegoen.

Zu mengem Gleck konnt ech fir naischt Alkohol konsumeiren an hun Bierenbeemchen gedronk. Bierenbeemchen, daat ass Bierendrepp mat bessi Cola. An desem Fall waar just esou vill Cola dran daat sech d’Bierendrepp schwarz gefierwt huet. Allerdengs huet och den Alkohol naischt gehollef. Ech haat d’Gefill, en huet die ganz Saach eischter verschlemmert.
Die ennzeg Saach, die gehollef huet, waar, heemzefueren.
Zum Gleck hun mir daat dann och nach ziemlech frei gemaach. Mee d’Liewen ass net mei daat selwescht mat dem Wessen, daat et esou Treffen vun Zait zu Zait ged. Treffen, wou sech d’Iwerrechter vun der der letztebuerger Hippie an Drogenkultur aus den 70er Joeren trefft an op komesch Musek danzt…