Angscht a Schrecken um Owend vun der Anweiung vum Kulturjoer 2007, den komescherweis schon am Joer 2006 waar

Des Kéier ged et em Den eischten Daag vum Kulturjoer …

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken06web.mp3]


Den 9. Dezember waar et also souwait. D’Joer 2007 ass endlech ungaangen. Also, d’Kulturjoer, enner Kenneren och nach “d’Joer vum bloen Hirsch” genannt. Den bloen Hirsch hun se iwregens geholl, well en iwerall an der Grousregioun virkennt. Daat ganzt heescht zwar “Letztebuerg 2007?, et spillt sech awer net nemmen zu Letztebuerg, mee eben och an der Grousregioun of.

Mir waaren nach zu 3 no engem laangen Nometten Jingle-produzeiren am Hauptquarteier vun Graffiti, direkt vis a vis vun der Gare. Et waar mettlerweil 11 Auer an mir hun eis geduercht, die Party op der aanerer Sait misst lo schon amgaangen sin.
Mettes haaten se op der Gare komesch Lautsprecheren opgeriicht, die ausgesin hun, wei wanns de aus Disneyland geifen kommen. An irgendeen Männchen mat engem Hobois stoung do an huet ganz komesch Geraischer gemaach.
Een Moment hun se elektronesch Musek zu denen komeschen Geraischer gespillt, daat huet der ganzer Szenerie en flotten Toutch gin. Allerdengs net laang, dun waar et just nach komesch an ech wollt leiwer net wessen, wei et geif weidergoen.

Ech waar och den 2007-Buttek. Do kritt en, wei an esou villen Geschäfter dei bei der Gare leien, nemmen Kreemschen ze kaafen. Allerdengs nemmen bloen-Letztebuerg2007-Hirsch-Kreemschen. Taasen mam Hirsch, Tshirten mam Hirsch, Jacketen mam Hirsch, Poschen mam Hirsch, Leffelen mam Hirsch, Stremp mam Hirsch, Buedmäntel mam Hirsch, Nudlen an Hirschform, Hirschstatuten mam Hirsch, Stickeren mam Hirsch, Buttons mam Hirsch. Ech wollt en Moment schon no Kondomen mam Hirsch froen, wei ech den Letztebuerg2007-Schnaps gesin hun.
Konnt en daat ganzt nach eescht huelen? Oder waar den ganzen komeschen Letztebuerg2007-Buttek eng selbstironesch Aktioun? Ech wollt, daat et esou waar. Well wann en deen Buttek muss eescht huelen, an daat hun ech geduercht, dann ass daat fir ze färten. Dofir sin ech ziemlech seier och erem eraus gaangen.

Et waar wei gesoot 11 Auer owes an mir waaren just nach zu drai an hun eis op de Wee an die berühmt-berüchtegt Rotonden gemaach, die och schon neonblo geliicht hun. E bessen wei en Puff. Op der Breck iwert der Gare sin eis ongefeier 100 bis 300 Leit entgeintkomm, die alleguerten gekuckt hun, wei wann sie vun engem bloen Hirsch an den Henner gebass gin wieren an daat cyanblot Deier dann op hir Schong gepisst hätt.
Et huet natirlech keen eis gewarnt.
Mee ech konnt mir jo denken, daat die ganz Aktioun geif Angscht a Schrecken gin.

Virun der Rotonde stoungen ongefeier 2000 Leit an enger Schlang fir ran. Obwuehl 2 Rotonden gin, gouf et just eng Schlang. Vun baussen huet en an die neonblo Kulturpuffen erangesin an et waar quasi eidel dobannen. Virwaat waaren d’Leit all dobaussen?
Die ganz Szenerie ass mir ziemlech spunesch Virkomm.
Ech wollt lo eigentlech en Witz mat “spuneschen Tiermchen” maachen, mee mir ass keen angefall. Den Auditeur därf lo awer trotzdem laachen. Merci.
Mir hun eis bessen emgekuckt an hun gesin daat et och en Ausgang gouf, wou Securitysleit stoungen an d’Leit geziehlt hun. An ech denken mir mol, sie hun och obgepasst daat sech net einfach een geif do eranschlaischen.

Mir hun mat denen Leit geschwaat an probeiert mat eiser ARA-Memberskaart mei schnell wei die ca. 500 Meter laang Schlaang virun der Entree eranzekommen. Leider huet daat net geklappt. D’Situatioun ass emmer mei komesch gin. Et stoungen net nemmen Leit an der Schlang, mee och einfach sou an klengen Kresser nirwendrun. An si hun alleguerten ausgesin, wei wann se vun engem ganzen Ruddel vun Cyan-Hirschen op d’Schong gepisst kruuten hätten.
Ech hun esouguer en heigen Regierungsbeamten gesin, den keen einfach esou erangeloss huet. Et waar zimmlech ellen. Die Rotonde, die en gesin huet, waar ziemlech eidel an d’Leit stoungen just do. Wei wann et an dem furchtbaar neonblo beliichteten Gebai verbueden wier, Spaß ze hun. Iwerhaat huet et esou geschengt wei wann Spaß an Kultur net geifen zesummen passen. Eng eescht Saach eben.
Et stoung och eng Ambulanz do. Wahrscheinlech, fir wann et engem schlecht geif gin. Oder en eng elleptesch Kris weinst denen neonbloen Luuchten geif maachen. Oder vun engem bloen Hirsch gebass geif gin.

Ech haat net nemmen d’Flemm, mee ech hun die ganz Szenerie sou lues an lues och onheemlech fonnt. Zum Gleck hun mir beschloss eppes drenken ze goen.
An wouhinner geht een, wann en genuch vun cyanbloen Letztebuerg2007-Eröffnungspartyen huet?

Richteg. Op die hippsten Plaatz am ganzen Land.
Die berühmt-berüchtegt Hollerescher Stross, an der ech jo schon Angscht a Schrecken erliewt hun.
Sou sollt et och des Keier kommen.
Mir sin an eng Boîte gaangen, die ausgesait wei en Scoutschâlet mat morbider Dekoratioun. Ech hun mir direkt en Cuba Libre bestallt. Den huet bessi komesch geschmaacht, wei wann de Rum net gudd wier. Ech hun naischt drop gin, emmerhin waar die ganz Mixtur drenkbaar an ech hun die Taatsach missen bekämpfen, daat ech vill ze vill oft niichter sin.

Ech hun mech an der Bôite an zweschen der bessi mei düsterer Clientell ziemlech …normal, fir net ze soen e ganz e bessen deplaceiert virkomm. Op manst haat ech eng schwaarz Jacket un, die huet villes erem gerett. Ej wollt mir nach Rum sichen goen, wei en een aalen Schoulkolleg vun mir gesin hun. Hien huet net verstaanen waat ech an der hipper Boite hei ze sichen hätt, an ech hun him gesoot, daat ech op der Sich no Alkohol waar. Dun huet en mir en Honnerter gin an gesoot “Huel waats de wells an huel mir en Paack Zigaretten mat!”
Daat hun ech dun och gemaach. Ech kruut en Glas mat enger waisser Flessegkeet an vill Ais.
Ech hätt direkt missen wessen, daat et keen Rum war. Speitens nodeems ech geschmaacht haat, wosst ech et. Ech hun dun ungehool daat et Wodka wier an waar och ze fridden. Emmerhin haat ech daat Gedrenks spendeiert kritt.

Vun engem Moment op den aaneren ass et “Klick” bei mir gaangen an et huet sech alles gedreint. Ausserdem hun ech gemierkt daat daat Gedrenks och keen Wodka waar. Et huet geschmaacht wei Alkohol mat bessen Waaser. Et hätt gudd kennen Terpentin oder Wäschbenzin sin.

Vun dem Moment un sin meng Enerrenrungen net mei esou kloer. Ech wees nach, daat en probeiert huet, main Brell mat dem Gedrenks ze wäschen, waat och erstaunlech gudd geklappt huet. Um eng Auer waar alles un an aus. Sie hun d’Musek ausgemaach an d’Leit sin alleguerten gaangen. Ech hun d’Welt net mei verstaanen.
Wiesou ass an der hippster Stross vun der Welt um Eng Auer owes schluss?
Op aaneren Plaatzen kommen d’Leit ereischt um 1!

Ech hun daat ganzt zimlech schrecklech fonnt. Virdeischt deen Desaster bei 2007, dann Wäschbenzin mat Ais amplaatz vun Rum an elo en vill ze schnellen Schluss…

Ech souz dun schlussendlech am Zuch fir heem, wei mir daat schrecklechst um ganzen Owend opgefall ass. Sie haaten die neutral an oft nogemaach Stemm, die am Zuch d’Haltestellen unseet, duerch eng bekannt Norichtespricherein ersaat. Die Fraa klengt emmer, wei wann se vun engem bloen Hirsch an d’Schong gepisst kritt hätt. An bei all Haltestell mengt en, elo geif d’Noricht kommen, daat op der Plaatz eng Gasleitung explodeiert wier an et 5000 Doudeger gin wier, sou en ellenen Toun huet se drop.
An ech souz midd an net mei ganz niichter am Zuch an sin all Keiers zesummengezeckt, wann die Fraa d’Haltestellen duerchgesoot huet. Ech kruut nach eng Keier eng ordentlech Portioun Angscht a Schrecken…
An esou sollt daat lo en ganzt Kulturjoer laang goen?