Angscht a Schrecken op enger Versammlung fir eng komesch Party an enger hipper Boite

Irgendeen bei engem méi obskuren Service vum Familienministär ass ob d’idee komm, fir eng Party an enger hipper Boite ze feieren. An irgendeen aaneren bei dem obskuren Service ass ob d’Idee komm, daat Graffiti sollt Partner vun der Party an der hipper Boite sollt sin.

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken17web.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken op enger Versammlung fir eng komesch Party an enger hipper Boite

Mir hun also Jinglen realisiert an och gesoot, mir geifen ob dem Owend d’Moderation assureiren. Waat beides vlaischt en Fehler waar, well emmerhin huet déi ganz Saach elo schon fir eng geheireg Portioun Angscht a Schrecken gesuergt.

Mir sollten also ob eng Versammlung goen wou och allguerten déi aaner Partnern déi irgendeppes mat Jugend an Europa ze din, sin sollten. Dorems geht et nämlech bei der Party. Also net em d’Partnern, mee em Jugend an Europa.

Ganz esou jugendlech huet déi Unsammlung Leit awer net ausgesin. Et klengt vlaischt bessi drastesch, mee ech sin mir virkomm wéi wann mir den den Altersduerchnschnett em ob manst 5 Joer gesenkt hätten.

Daat sollt en awer kengem zum Virworf maachen. Ech perseinlech fannen et eben just Schued, wann en eppes fir Jugendlecher mescht an déi ganzen Zait net emol en Jugendlechen freet, ob him daat geif gefaalen. Mir ass et och esou virkomm wéi wann déi hipp Boite an den Datum just am Ufank vun der Vakanz an den Aan vun den Organisteuren den Status vum Stein der Weisen hätten.
Waat elo naischt mam Harry Potter ze din huet. An och naischt mam Rastamann. Ween net wees, waat den Stein der Weisen ass, soll gefällegst eng Recherche maachen.

Mir souzen also an engem Versammlungsraum an hun eis eng Projektioun vun den Reimlechkeeten vun der hipper Bar ungekuckt an kruuten erklärt wou sech waat geif befannen. Daat waar naischt neies, virun ziemlech genee engem Mount haaten mir daat selwescht schon eng Keier kritt, déi Keier allerdengs op Pabeier.
Et huet allerdengs esou ausgesin, wéi wann mir déi enzeg gewierscht wieren.
D’Erklärungen zu dem Thema sin net wirklech virungaangen. Ech hun mech gefillt wéi wann alles emmer an emmer erem widderholl geif gin, just well irgendeen aus der virleschter Reih eppes net verstaanen haat.

Irgendwann ass d’Diskusioun dann em Brauereisdescher gaangen. Déi meescht Leit kennen Brauereisdescher. Daat sin orange Descher, net immens heich an och net furchtbaar bequem. Mee se sin zesummenklappbar an kennen liicht transporteiert gin. Ausserdem rubust. Fir eng komesch Party an enger hipper Boite mat honnerte vun Leit ass daat also genee daat richtegt.
Virun allem, wann et em en Stand geht.

Op normal Brauereisdescher kann en och ouni Problem en Laptop platzeiren an trotzdem huet en nach genuch Plaatz fir aaner Saachen.

Déi ganz Versammlung huet gewierkt wéi eng Aart Zeremonie Mee et waar eng ziemlech konfus Zeremonie, déi keen geregelten Oflaaf haat. Engersaits sin wichteg Detailer einfach net gesoot gin, ob der aanerer Sait ass minutenlaang iwer onwichteg Detailer wéi d’Greißt vun Brauereisdescher philosopheiert gin. Angscht a Schrecken waaren net nemmen do, mee si hun mech mat der voller Wucht getraff. Ech hun mir emmer méi oft d’Fro gestallt, wiesou ech an dem Raum zweschen denen aalen Leit, déi iwer Jugendlecher an hipp Boiten diskuteiert hun waar. An waat ech do geif maachen.
An ech hun staark ungeholl, daat den Toni seng Fanger do mat am Spill haat.

Irgendwann ass just nach d’Flucht bliwen.
D’Luucht ass ausgaangen, an do hun ech mech virdeischt mol op d’Toilett gemaach, wou ech mech verstoppt haat, bis deen Trubel eriwer waar.