Angscht a Schrecken an Computerbutteker an am Kulturjoer

Mettlerweil ged Angscht a Schrecken jo schon vun e puer Persounen als “Kult” bezeechent. Waat och emmer daat heeschen soll. Verschidden Leit erziehlen mir dann och vun hiren Ideen, waat ech alles keint an der Serie anbauen. Do ged zum Beispill vun Computerbutteker erziehlt, wou einfach alles aus dem Internet bestallt ged an dann 10 Prozent dropgerechent gin. Ok, et waar och nach irgendeppes mat verpixelten Plakaten an futtistem Betong. Mee daat waar fir mech keen Angscht a Schrecken.
Ech waar jo net do.

Ech waar eng Keier an engem Computerbuttek, wou ech et mat der Angscht ze din kruut. Virdeischt mol luchen an der Fenster vill Deeler wéi Grafikskaarten an Prozessoren, déi endweder schon emmer futti waaren oder irgendwan an der Sonn geifen schmelzen. Och déi Keschten, déi donirwt luuchen, waren eng Keier farweg. Mee an dem Moment, wou ech an den Buttek gaangen sin, luuchen se wahrscheinlech schon zenter 16 Meint an der Fenster an waaren dementsprechend immens blatzeg.

An dem Geschäft waar et immens stebseg. Baal esou stebseg wéi an engem Musekvideo vun enger Gothic-Band. Bei betreffend Band huet Gerüchter en Kamion mat speziellem Filmsteps bestallt, fir den Video ze dreinen.
Ech huelen un, daat den Verkeefer an dem betreffenden Buttek elo eng Staublunge huet an doweinst schon an der Prepensioun setzt. Ech konnt an dem Buttek kaum otmen, an ech sin villes gewinnt.
Wéi ech en Kabel wollt kucken, waar meng Hand herno esou voller Steps, daat ech se hun missen eng hallew Stonn laang mat enger spezieller Seef wäschen, iert se sech net méi ungefillt huet wéi wann se dem Tut-ench-amun geif geheiren.

Daat hun ech ob alle Falls ziemlech komesch fonnt. Ech hun emmer geduercht, Computerbutteker missten up-to-date sin an op heichglanz poleiert. Un sech misst an enger esou schneller Brance wéi dem Computermarkt de Buttek emmer no “nei” richen. Mee oft sin se stebseg, blatzeg an déi Programmer, déi se verkaaften sin esou aal, daat se net MEI op engem aktuellen PC laafen. Firwaat esou Butteker nach existéiren, ass en physikalescht wéi ökonomescht Rätsel. Wahrscheinlech huet den Toni eppes domadder ze din.

Eppes ganz aneschteres ass d’Kulturjoer. Et ass amgaangen, mir schreiwen d’Joer vum bloen, bockegen Hirsch an trotzdem geschidd irgendwéi naischt. Et ass alles wéi emmer. Wéi daat ganzt am Dezember schon ungefaangen haat, hätt en mengen kennen, drogenverreckt Kenschtler geifen elo all Daach irgendeppes verrecktes maachen an d’Stadt mat komeschen Instrumenter an Schwenungen setzen.
Mee nee, et stinn just iwerall blo, bockeg Hirschen rondrem an et freet en sech firwaat. Et ged dorobber och wahrscheinlech keng aaner Äntwert wéi “Et ass eben Kulturjoer” oder “Se sin dach flott, déi blo Hirschen, nee?”.
Ech vermudden och hei erem, daat eng gewess Persoun, der hiren Numm ech elo net nennen well, eppes domadder ze din huet.

Wann en bedenkt, wievill Geld benotzt gin ass, fir blo Hirschen ze produzéiren, déi dann schlussendlech soss naischt maachen wéi an der Geigend rondremstoen, kann en wirklech Angscht kreien. Irgendwann wärt daat Kulturjoer vlaischt wirklech zum Liewen erwäschen. An dann ass Letztebuerg en eenzegen Besch voller bockeger bloer Hirschen. Dann en keng ominös Päck mat Drogen méi ze bestellen, well sech d’Welt unfillt wéi ob engem furchtbaaren Drogentrip.
Ech gesin et virun mir, wéi all Daach en aaneren drogenverreckten Kenschtler seng komeschen Visiounen realisiert an mat Faarw duerch d’Geigend scheisst oder mat rastegen Motorseen op Fässer schleit. Daat wier wirklech Angscht a Schrecken…