Angscht a Schrecken an der Rotonde 2

Et ass net einfach, en Kenschtler ze sin. Ech haat daat irgendwéi gemengt. Waat mech dozou bruecht huet, bei engem hippen Konschtprojet an der eischter onhipper Rotonde 2 mat ze maachen.
Daat ganzt huet sech ParaDies genannt an et ass em Gärt gaangen. An eisem, oder eischter „mengem“ Fall em virtuell Gärt.


Ech hun mech do also am Virfeld virun de Computer gesaat an hun akustesch Gäärt kreeiert, déi méi oder manner kenschtleresch waaren.
Mee domadder ass et jo net duer gaangen. Well och virtuell Gärt hun missen ausgestellt gin, an dofir hun mir se missen an en durchaus realen Container brengen.

Virdeischt huet en den Container awer mol missen fannen, an daat waar net esou einfach. Wéi esou oft bei Kultursaachen muss en de Wee eischter sichen. Ech haat jo schon Erfahrung mat esou Saachen gemaach, an zwaar an engem Tunnel zweschen zwou Kulturbauten um Kierchbierg.Des Keier sollt et awer an der Rotonde 2 sin. Déi un sech och net esou schweier ze fannen waar. Et ged wéi de Numm vun der Rotonde 2 et schon seet, zwou Rotonden. D’Rotonde 1 an d’Rotonde 2. Ziemlech einfach, net wirklech onkomplizeiert. D’Rotonde Eent ass ganz fresch gemaach gin, renovéiert an gesait elo ziemlech propper an hygienesch aus. Owes gin déi zwou ronn Ex-Atelieren cyanblo beliicht an gesin dann aus wéi en Kulturpuff, mee daat ass en aaneren Problem.

D’Rotonde 2 ass net fresch gemaach gin. Do gesait et esou aus, wéi wann virun 6 Meint nach dran geschafft gin wier. Waat och stemmt. Futis Dichtungen, verrascht Reier, Knascht, bei dem en leiwer net freet, wou en hier kennt, Nato-Stacheldroht ronderem. Et ass net hypokrit ze soen, daat d’Rotonde 2 en gewessen Charme huet. Et muss en sech just bewosst sin, daat Charme net emmer an der Form vun rosa Hieserscher oder kleng Kaatzen optrett.

No e puer Minuten domm aus der Wäsch kucken kruuten mir gewissen, wou eisen Container gestaanen huet. Elo hun mir de virtuellen Gaart an den realen Container missen brengen. Ouni d’Hellef vum bloen Hirsch.
Un sech kann en doriwer frou sin, daat et keen liewegen bloen Hirsch ged. Also, an Maskotschenform wéi et se an esougenannten „Vergügungsparken“ ged. D’Virstellung, daat en aarmen Student sech misst an en vill ze waarmen an pelzegen cyanbloen Hirschkostüm drecken, fir dann tolpatscheg duerch d’Geigend ze laafen an esou d’Maskotschen vum Kulturjoer ze sin, ass ellen. Ween esou eppes geif realiséiren, muss wirklech staark an ellen Drogen huelen.

Un sech waar daat ganzt net esou furchtbaar problematesch: Einfach e puer Boxen opriichten, zwou Bänken aus engem schwedeschen Miwelhaus zesummenbasteln, den Raum ofdonkeln an Rollrasen leen.
Ween Rollrasen just aus der Theorie kennt, den kann sech net virstellen, wéi daat Material sech verhällt.
Rollrasen soll un sech eppes propperes, einfaches, grenges sin. Fir schéinen Wues an fennef Minuten. Bessi esou wéi Zopp aus der Tuut. Net esou flott wéi déi richteg, mee méi einfach an méi schnell.
Esou wait zur Theorie an idealen Virstellungen.
Rollrasen riicht komesch, fir net ze soen: en meffelt. No Buedem, Verwesung, angepaacktem Gras.
Rollrasen ass net einfach auszerullen. Et ass esouguer eng ziemlech schwierg an schmierg Geschicht. Duerch den Buedem kritt en d’Hänn an och d’Kleedung voller Bulli, waat net onbedengt immens angenehm ass.
Nodeems mir den Rollrasen verluecht haaten, hun mir eis missen mat komeschen techneschen Detailer offannen, wéi zum Beispill komeschen Stänneren fir Cd-Playern drop ze stellen. Ausserdem hun mir missen Bänken aus engem gewessen schwedeschen Miwelhaus opbauen, waat eng relativ obskur an angschtaflössend Geschicht waar. Virun allem, well et ouni op d’Bedienungsanleitung ze kucken vill méi einfach waar wéi mat. Ween och emmer déi Saachen zeechent, huet eng extrem gudd Fantasie an relativ weineg Erfahrung mam wirklechen Liewen. Ech waar mir ziemlech secher, daat den Bedienungsanleitungszeechner bei dem schwedeschen Miwelhaus en drogenverreckten Sadist waar, den sech en Spaß dorausser mescht, komplizeiert Ziedeln ze zeechnen.

Daat ganzt huet sech zu Angscht a Schrecken entweckelt. Déi knaschteg Rotonde, déi cyanblo Beliichtung, déi all Moment ungoen an en kulturverblenden keint, den mefflegen Rollrasen an den bloen Hirsch, den an irgendengem daischteren Eck op eis gelautert haat.
Et gouf lo just nach eppes… d’Flucht.