Angscht a Schrecken an der letztebuerger Konzertslandschaft

Alles huet zu Esch ugefaangen. Do waar Out of the Crowd ungesoot. Out of the Crowd heescht jo eigentlech “Raus aus der Menschenmass”. Et keint en et och mat “Raus aus dem Gedrecks” iwersetzen. Daat klengt no engem furchtbaar nobelen Ziel. E bessi wéi wann daat ganzt en Festival an der Stuff bei der Bom vun engem vun den Organisatoren wier. An wéi wann et Kuch an Wain geif gin.


Kuch an Wain klengt wéi eng komesch Kombinatioun. Effektiv waar et déi Kombinatioun déi d’Rotkäppchen senger Mamm bruecht huet. Ech fannen et komesch, daat nie en daat hannerfroot huet. Virun allem ass et no modernen medizineschen Standpunkter relativ zweifelhaft, fir enger aaler kranker Fraa Kuch an Alkohol amplaatz vun Medikamenter ze brengen.

Zereck zum “Eraus aus dem Gedrecks”-Festival. Et verwonnert bei dem Numm schons daat do an enger grousser Hall vill an méi oder manner berühmt Bands spillen, déi hir Leit unzeien an domadder schon Risiko ass, daat et Gedrecks ged. Allerdengs waar den Daach, wou ech do waar, Nomen est Omen den Motto vum Daach an et waaren net fuerchtbaar vill Leit do.

Virdeischt wollten se mech net fir naischt ran lossen, obwuehl ech op der Lescht stoung, mee se hun mech irgendwéi erreicht bei dem dretten Versuch fonnt. Den Moment hun ech mech gefroot wéi grous déi Lescht muss sin, fir daat en en net fennt. An ob et net méi einfach wier den Entree erof ze setzen an dofir manner Frendinnen an Frenn op d’Gäschtlescht ze setzen.

D’Musek waar ziemlech breed gefächert. Vun “daat war guer net esou schlecht” iwer “huet den de bauch wéi daat den esou blärt?” bis hun zu “waat ass dat do fir en kaméidi? Ass do eppes futti?” waar alles dobai. Ech hun mech awer méi virun der Hall opgehaalen wéi am Konzertssall, well ech mech do manner gelangweilt hun an och manner vun der Musek mam prädikat “ech mengen do ass eppes futti…” matkritt hun. Ausserdem waaren do déi interessants Gespreicher.

Irgendwan ass dunn d’Idee komm, fir op en aaneren Konzert an engem aanerem Deel vum Land ze fueren an sech do eng Grupp unzekucken déi heescht wéi een öffentlecht Transportmettel.

De Plang ass och relativ seier an d’Realiteit emgesaat gin. No e puer Minuten Em-tesselaktiounen waar d’Male vun dem Auto zwar engem extremen physikaleschen Experiment ausgesaat an huet sech geint de permanenten Drock vun 2 Penöen an enger Kescht mat Tshirten missen wiren, mee et konnt lassgoen.

D’Fluucht an de Westen, also quasi an den letztebuergeschen Equivalent vun der franseischer Brousse, an der ech virun gudd engem Mount Angscht a Schrecken erliewt hun, waar eng seier an virun allem haard.
Mat engem mellen Tempo sin mir vum süden an de Westen gerannt, quasi ouni Rücksicht ob Verloschter. Ech hun e bessi Angscht kritt.

Net weinst dem Tempo. Ech sin Leit mat “interessantem” Fuerstil gewinnt. An mengem Kapp huet sech eng ganz aaner Fro manifesteiert.

Waat geif eis am Westen erwaarden? Während sech zu Esch keen Mensch bewegt huet an en schon soen konnt, daat d’Leit sech vill Méih gin haaten, wann se bessi mam Kapp gewackelt hun, ass daat an bessi méi ländleschen Gebitter oft anescht. Déi schlemmsten Pogo an Mosh-Aktiounen erliewt en net ob groussen Festivaler am Bulli, mee an engem “Centre Kulturell” oder “Clubhaus vum Club des Jeunes” irgendwou an der deifster Provenz, wou eng schlecht Metalband schlechte Metal spillt an sech eng 50 Leit geigensaiteg esou laang usprangen bis se iwerall blo Flecken, en Schleudertrauma oder een Been gebrach hun. Verschidden Leit gin erreischt heem, wann se eng ordentlech Verletzung hun.

An der Hinsicht konnt en schon Angscht hun, well bei esou Aktiounen ged net emmer immens vill Rücksicht ob den onbedeelegten Deel vum Public geholl.
Virun mengem geschtegen Aan hun ech schon gesin, wéi ech Sonndes moies geif an der Clinique erwäschen an zwee bis 6 Kieperdeeler am Gips hätt. Ech hun och schon den Marc Thoma mat engem Hummer an engem Nol AN engem Mikro virun mengem Cliniquesbett stoen gesin, wéi en mir e puer pertinent Froen zu “brutalen Satanistenconcerten” stellt an durno sengem Public erklärt, daat daat ganzt wuehl eng affaire a suivre wier.

An dem am Verglach zu Esch nemmen bessi méi klengen Duerf am Westen unkomm, hun mir virdeischt mol déi berühmt “Hal polyvalant” missen fannen. Daat waar un sech eng Sportshaal, wou lo just ausnahmsweis en Concert dran organisiert gin ass. Eigentlech genee wéi d’Muschel um Kierchbierg.

Ech hun et vill méi symphatesch fonnt wéi zu Esch. D’Leit hun sech bewegt, hun gedanzt. Zu mengem erstaunen gouf et keng Pogo oder Mosh-Aktiounen, mee just braven Headbanging an e puer allgemeng Danzschretter. Keng radikal Aktiounen, waat ech absolut positiv fonnt hun.
Den Sound waar ziemlech baal furchtbaar miserabel. D’Stemm vum Sänger waar iwersteiert. Et huet eng Punkband gespillt, déi 80er Joren Pop gecovert huet. Daat ganzt waar an enger Sportshaal.
An trotzdem hun ech et vill besser an vill méi symphatesch fonnt wéi zu Esch. Et waar eng besser Atmosphär.

Mee am selweschten Moment huet mer daat ganzt Angscht gemaach. Virun allem well den ziemlech vollen Sänger vun der Punkband andauernd den Numm vun dem Duerf gebläärt huet. Ech fannen et schon ziemlech…peinlech, wann eng berühmt Band virun villen villen Leit mam Numm vun der Staadt oder dem land an dem en spillt de Public motivéiren well, mee hei huet et mer einfach just Angscht gemaach. Virun allem well de gudde Mann guer net méi opgehaalen huet.

Irgendwann ass en es dunn awer midd gin an huet d’Bühn zesummen mat sengen Instrumentalisten verloss. Et huet en gespiirt, daat eng ganz Retsch Leit opgeotemt hun.

Duerch irgendeen Zoufall sin ech dunn am sougenannten Backstageberaich gelannt. Daat war un sech d’Buvette vun der Sportshaal, déi sech “centre polyvalant” genannt huet.
Ech hun de Batteur vun der Band, déi wéi en öffentlecht Transportmettel heescht, gesin, wéi en seng Batterie opgebaut huet. Daat waar den Toni.
Dun huet den Toni sech gebeckt an ech hun seng Arschfuer gesin.
Ech denken, daat wärt mech nach relativ laang verfolgen. Angscht a Schrecken sin net wirklech déi richteg Beschreiwung. Fir verschidden Saachen gin et keng Wierder méi, déi passen.

Un de Recht vum Owend kann ech mech net méi erenneren. Ech wees just nach, daat ech dehydreiert, mee gesond den aaneren Daach alleng an mengem Bett erwäscht sin.