Angscht a Schrecken am Dall vun de 7 Schlesser

Daat Gefill, ze weineg angepaackt ze hun, ass wuehl engt vun denen eelsten vun der Menscheet. Wéi mer allguerten wessen, waaren déi eischt Menschen Nomanden an sin vun enger Höhl zu der nächster gewandert an hun zweschenduerch daat engt oder aanert Mamut em den Eck bruecht. Ausserdem hun se d’Rad an d’Feier an domadder och d’Kichen erfonnt.
Wahrscheinlech haaten och eis Virfaaren deemols schon d’Gefill daat irgendeppes an hierer Mamutposch gefehlt huet, wann se op d’Rees gaangen sin.

Mir ass et virun e puer Deeg och esou gaangen. Ech haat main Rucksaack voll mat Kleeder an Hygieneartikeln gepaackt. Mee ech sin daat dommt Gefill net lassgin, daat ech irgendeppes vergiess haat. An mengem Kapp sin ech d’Lescht vun denen Artikeln, déi en onbedengt brauch an net vergiessen därf, nach eng Keier duerchgaangen. Zännbiischt, Stremp, Seef, Duch, Kleeder. Alles do.
Ech sin d’Gefill net lassgin, daat ech irgendeppes vergiess hätt. Ech waar mir secher, daat et net geif hellefen, nach ee Puer Stremp an de Rucksaack ze dretschen, also hun ech daat och net gemaach. Et hätt awer kéinten fonktionéiren. Daat nennt en dann Placebo.
Placebo ass iwregens net nemmen eng Band mee och en Fachbegreff aus der Medizin.

D’Rees, déi ech dun mat dem schlechten Gefill, eppes immens wichteges vergiess ze hun, ungetrueden sin, sollt an den Dall vun den 7 Schlesser goen. Méi genee op Huelmes an den Centre Ecologique, wou en och als Gonzojournalist interessant Saachen erliewen kann.
Huelmes heescht esou, well den Fiels, ob der d’Buerg gebaut ass, huel ass. Also, et ass eng kleng Höhl dran, mee daat ass duer gaangen, fir “Hohlen-fels” draus ze maachen.

An der Höhl ennert dem Schlass hun freier vlaischt Menschen geliewrt, déi, iert se déi Höhl verloss hun, daat selwescht schlecht Gefill haaten wéi ech.
Mee ech waar ereischt unkomm.

Virdeischt hun se eis mat sou ziemlech vill vun eisem Gepäck bei en Weiher bruecht. Daat heescht, mir sin ongefeier 300 Höhenmeter erofgeklommen, an engem Bierg, den net an d’Tour de France geif kommen, well en dofir ze géi ass. Daat waar net nemmen ziemlech unstrengend, mee och gefeierlech. Emmerhin ass deen ganzen Wee iwer Stossen, schmuel Pfäd an laanscht déi berühmt Höhl am Fiels gaangen.
Ausserdem ass mat Salzseier op Steng geschott gin. Wann eppes net gefeierlech genuch ass, kann en emmer nach Salzseier dobaischedden, dann ged et esou richteg flott.
Mat all Schrett an den Ofgrond sin Angscht a Schrecken méi no komm.

Un sech waar den ganzen Beschen, duerch den mir méi oder manner getrollt sin, eng ideal Plaatz fir Leit wéi de Rastamann. Quasi onerrechbaar an immens gudd verstoppt. Et hätt mech net gewonnert wann irgendwou an dem Hang eng kleng Hütt gestaanen hätt, wou sech den Rastamann virun sengen Fans vun gewessen tropeschen an manner tropeschen Plaatzen verstoppt hätt.
D’Fro waar just déi: Wéi geif hien reagéiren, wann mir zoufälleg laanscht sain Haus geifen kommen an hien aus senger Mettesrascht erwäschen geifen?

Huelmes ass eng furchtbaar gefeierlech Plaatz. Et ged nämlech keen Handysnetz um oder ennert dem huelen Fiels. Wann engem eppes geif gescheien, wann en zum Beispiel geif den huelen Fiels eroftrellen, keint en mat kengem Handy vun der Welt em Hellef ruffen. Wann en Pech hätt an op en Fiels geif trellen, wou en virun e puer Minuten Salzseier drop geschott haat, geif daat ganzt och nach vill méi wéi doen.
Angscht a Schrecken sin net méi méi no komm. Sie haaten mech längst angeholl.

Den Dall vun den siewen Schlesser klengt wéi aus engem Märchen oder engem schlechten Fantasy-Roman, den eigentlech just Herr der Ringe kopeiert an awer draimol méi langweileg ass. Also un sech wéi eppes flottes, symphatesches. Mee daat ass net esou. Et ass en Dall voller Angscht an Schrecken, Panik an Grauen.

Den eischten Daag alles alles gudd gaangen. Wasseranalysen, furchtbaar laang Diskuren an Erklärungen. Och en Kriebs hun mir gefaangen.
Mee den zweeten Daag dun ass et passeiert.
Et huet riicht rann gereent. Net nemmen am Süden, mee och am Dall vun de 7 Schlesser kann esou eppes passéiren. Dun ass mir och schlaagarteg angefall, waat ech vergiess haat.
Eppes geint de Reen nämlech.
An am Dall vun de 7 Schlesser, wou Angscht a Schrecken regéiren, ged et keng Meiglechkeet ze flüchten.