Angscht a Schrecken op engem Nometten, wou ech eigentlech just Bicher kaafen wollt

Bicher kaafen ass eppes, waat haut emmer méi schnell geht an duerch amazon an Konsorten ass de Gang an Bichergeschäft och emmer manner neideg gin. E puer grous Ketten hun iwerliewt an hun an hiren Fenstern haaptsächlech Bicher iwer den zweeten Weltkrich an eis Kinnegsfamill leien. Wann ech laanscht en Bichergeschäft gin, wou an der Fenster daat x-t Buch iwer den zweeten Weltkrich oder eis Kinnegsfamill lait, am schlemmsten Fall och nach mat extrem villen Fotoen, daat en sech net esou unstrengen muss, kommen mir emmer drai Froen:

Eischtens: WIESOU? Nee, ganz eierlech, wiesou em alles an der Welt?
Zweetens: Wann anscheinend just nach sou Bildbänn verkaaft gin, wiesou hun mir net eng ähnlech Comic-Kultur wéi eis belsch an japanesch Noperen?
Drettens: Wiesou soll en an esou en Buttek erangoen? Just, well ech hoffen, daat ech irgendwou an engem stepsegen Eck wou nach Bicher ouni Heichglanzfotoen aus dem Heißluftballon stinn, en Buch fannen, daat mir gefaalen kéint?

Ech kann schon verstoen, wiesou vill Leit einfach just nach am Internet bestellen. Dobai kennt nach déi onheemlech Freed, en Paack mat der Post ze kreien.

Daat ass dach eppes, waat einfach nemmen immens flott ass. An un sou wonnerbaar Feierdeeg wéi Gebuertsdaag, Chreschtdaag oder Ouschteren erennert. Mat dem klengen Ennerscheed, daat en des Keier de Paack selwer bezuehlt huet an den Internethändler normalerweis op brongen bellege Kartron setzt amplaatz op blenkege Cadeauxspabeier, den an alle méiglechen Faarwen liicht.

Ech waar also mat enger Frendin ennerwee fir Bicher anzekaafen. Daat waar mol eng Keier eppes aneschteres wéi emmer déi nach emmer brennend Hell vun Kleedergeschäfter mat hiren klengen, waissen Kessen an den Bikinien. Firdeischt hun mir allerdengs nach missen an en speziellen chineseschen Buttek eppes kaafen goen. Ok, hun ech mir geduercht, daat wärt lo bestemmt irgendeppes deck extraes sin, waat et soss neirens ged. Ausserem waar ech gespaant, den Buttek ze gesin. Mir sin jo weltoppen an sou weider.

Wéi mir an dem Buttek waaren, ass mir opgefaal, daat ech schon eng Keier an engem Asia-Buttek waar. Daat waar zu Köln gewierscht an et waar deemols relativ stresseg. An et huet irgendwéi genausou ausgesin. Wéi eben en klengen Supermarche oder eng Epicerie ausgesait, déi net d
Suen huet, fir alles vun den eemolegen Liichtkenschtler vun der Bühnenshow vun Pink Floyd ausliichten ze lossen.
Mat dem Ennerscheed, daat en héi amplaatz vun Barillanudelen ongefeiher eng Millioun verschidden asiatesch Nuddelen ungebueden kritt. Daat, waat huet missten kaaft gin, waar irwregens Wasabi. Wasabi ass daat grengt, daat beim Sushi dobai ass. Kritt en mettlerweil an all Supermarché. Oh.

No der Aventure sin ech also an en Bus gelotzt gin an dunn sin mir Richtung Biicherbuttik gaangen. Och den, den mir eis erausgesicht haaten, haat schéin faarweg Heichglanzbillerbicher iwer den zweeten Weltkrich an eis Kinnegsfamill, déi jo eigentlech eng Großherzogsfamill ass, an der Fenster. Mir sin trotzdem erangaangen, well et an esou engem groussen Bicherbuttek net NEMMEN Heichglanzbillerbicher gin konnt. Irgendwou an engem stepsegen Eck geif et secher e puer gudd Bicher gin, déi net zu 97 Prozent aus Biller geifen bestoen oder vun Leit wéi Stephen King oder Dan Brown geschriwen wieren. Vlaischt irgendwou hannert enger konschtvoller Pyramid aus Harry Potter-en.

Mir dann och sou Bicher fonnt. Am Keller. Allerdengs waar do keen stepsegen Eck, mee all Regal waar vum eemolegen Liichtkenschtler vun den Bühnenshowen vun Pink Floyd ausgeliicht gin. Ech hun mech alt gefroot, ob nach nie en Buch Feier gefaangen hätt, well emmerhin waar et guer net méi esou kaal an denen Regaler.

Ausserdem huet am Hannergrond dauernd en Telefon geschellt, den en extrem nervegen Klingelton haat. Daat huet mech bei der Auswihel vun Bicher ziemlech gesteiert. Virun allem huet en guer net opgehaal mat schellen an et ass och nie en drop gaangen. Vlaischt waar daat ganzt och just en Attrap, fir d’Client zum schnellen Kaaf ze bewegen. Wann en ennert dem permanenten Stress vun akustescher Belästegung steht, keeft en vlaischt just en Buch, fir schnell erem aus dem Buttek erauszekommen.

Op deser Plaatz sin ech lo versiicht vun Moustiquen ze zielen. Ech gin net oft gepickt, mee an leschter Zait komescherweis emmer op den Fouss. Ech hun lo, also beim Schreiwen, genau 2 Piquren op mengem Fouss. Ech fannen daat extrem onpraktesch. Et kann en sech um Fouss net gudd kratzen an et deet wéi wann en treppelt. Mee daat huet un sech naischt mam Bicherkaaf ze din.

Mir hun eis also no méi oder manner vill hin an hier fir Biicher entscheed gehaat, hun bezuehlt an sin gaangen. Dh. Ech sin erem an en Bus gelotzt gin an mir sin domadder bei en Comic- an Mangabuttek gefuer. Den Problem waar: Mir wossten allen zwee net genee, wou mir missten erausklammen. Un sech ass daat keng sou grous Affair, wann en bis an der Stross ass, kann en un sech jo och am Noutfall e bessi laafen. Meng Begleedung huet mir also gesoot, ech soll no engem Solarium Auschau haalen. Ech hun keen Solarium gesin. Ech hun och soss naischt gesin, waat irgendwéi „giel“ waar.
Meng Begleedung huet einfach mol op „stop“ gedreckt, den Bus ass stoenbliwen, mee mir waaren net richteg. Angscht a Schrecken. Zum Gleck ass irgendeen aaneren erausgeklommen an mir hun net missen erausklammen. Well et gelt jo d’ Gesetz: wann en dreckt, muss en erausklammen. Angscht a Schrecken waaren och an desem Bus, mee glecklecherweis waar déi nächst Haltestell eis.

Mir sin iwert Stross gelaaf an dun an den Buttek, wou naischt beonnesches geschidd ass. Daat enzegt, waat do fir Angscht a Schrecken gesuergt huet, waar den Fakt, daat do Regaler waaren, déi en normalen Mensch net ouni Leeder ereeschen konnt. Et huet en also op eng peinlech Art an Weis missen no enger Leeder froen, fir kennen un déi Bicher ze kommen oder iwerhaat mol ze liesen, waat do geif stoen. Wann en iwerhaat naischt vun dem Regal uwen wollt, waar en e bessi domm drun an peinlech blaméiert. Ech hun mir virgestallt, waat geif passéiren, wann en vun der wackeleger Leeder geif faalen. Wahrscheinlech geif en ennert engem Koup vun schwarz-waiss bedreckten japaneschen Mangaen begruwen gin an keint mat dem leschten Otemzuch nach en Sait liesen, mee daat natirlech vun riets no lenks an net vun lenks no riets, wéi mir daat gewinnt sin.

Zum Gleck sin mir relativ seier aus dem Buttek erem aus, mee Angscht a Schrecken sin mir natirlech nokomm. Mir sollten dunn en Kolleg vun menger Begleedung besichen goen. Schon no den Telfonater, déi ech jo zwangsläufeg hun missen matkreien, waar ech net méi esou secher, ob daat onbedengt esou gudd wier. Mir hun de Bus geholl an durno gouf et fir mech keen zereck méi.

Wou geif ech landen? An engem geheihem Drogenlabor irgendwou an der Brousse? Oder bei irgendwelchen komeschen Leit doheem, déi vlaischt naischt mat Drogen ze din haaten, mee trotzdem Angscht a Schrecken geifen ausleisen? Ech haat d’Situatioun net méi enner Kontroll, an daat huet mir net gefaal. De Bus huet mech einfach dohinner bruecht, an ech konnt naischt aaneres méi maachen, wéi matzegoen an drop ze hoffen, daat et net all ze schlemm geif gin.

Et ass dun och net wirklech schlemm gin, obwuehl Angscht a Schrecken meng permanent Begleedung waaren. Firwaat haat den Jong eng roud Luucht an senger Stuff, sou daat et ausgesin huet wéi en engem Puff? Waat sollt den komeschen Film, den zwaar gelaaf ass, den awer keen gekuckt huet? Firwaat huet hien andauernd drai Sproochen matneen geschwaat? Angscht a Schrecken haaten mech. Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht mat engem babybloen Auto.