Angscht a Schrecken op der Braderie an der Haaptstadt

Et ged Deeg, do kennegt sech Angscht a Schrecken schon un. Daat sin déi Deeg, wou en am beschten hätt, et geif en mat denen zwee Feiss am Bett bleiwen an iwerhaat mol net probéieren geif, opzestoen. Et gin Deeg, do erwäscht en als Gonzojournalist, et denkt en „Haut ass Braderie an der Staadt“ an dann geif en sech am leifsten erem emdreinen an weiderschlofen. Mee daat geht net, wann en seng helleg Pflicht ze erfellen huet.

Meng helleg Pflicht fir den Daag, méi genee den läschten Meinden, huet doranner bestaanen, eng Sendung ze moderéiren, déi, wéi déi meeschten Nolauschterer wessen, Crumble heescht. Eng Sendung ausfaalen ze lossen ass sou ziemlech daat schlemmsten, waat passéiren kann. Et därf en ze speit kommen, onvirbereed sin, vlaischt och nach Drogen intus hun, mee et leist en eng Sendung net einfach esou ausfaalen. Daat ass esou eppes wéi en Berufscodex. Woubai deen beim Gonzojournalismus och net wirklech streng ass.

Ech wosst waat ob mech geif zoukommen. Braderie. An Buchstawen: B. R. A. D. E. R. I. E.
Daat heescht, keng Busser an ongefeiher eng Millioun Stänn ob denen all meiglechen Ramsch verkaaft ged an/oder irgendwelch fetteg Iessaachen enner onhygieneschen Konditiounen zoubereed gin.

Ech sin an weiser Vorausicht eng Stonn méi fréi wéi soss an d’Stadt gefuer. Beim Rausklammen hun ech mir déi haardsten an schrecklechst Musek, déi ech fannen konnt an d’Ouren gestach an sin dem ganzen mat klappendem Härzen entgeint getratt.

Wann Braderie ass, fueren keng Busser. Oder déi, déi fueren, brauchen ongefeiher 45 Minuten fir vun der Gare op den Aldringer. An daat wollt ech mengen Nerven net undoen. Dofir hun ech beschloss, ze Fouß ze goen. Souzesoen an d’Höhl vum roude Leiw.

Ech hun mech gefillt wéi wann ech elo geif an d’Hell erangoen. Esou ähnlech muss sech den Orpheus gefillt hun, wéi en seng Frendin an d’Hell sichen gaangen ass. Mat dem Ennerscheed, daat um Enn vun menger Rees keen schéint Medschen geif stoen, mee den Radio ARA. Waat baal genausou gudd ass.

Angscht a Schrecken haaten mech, wéi ech bis en Fouß op déi Stross gesaat hun, wou mech déi restlech 364 Deeg am Joer den Bus hin an hier féiert. Iwerall stoungen Zelter, Stänn an soss Buden, wou en all meiglechen an onmeiglechen Ramsch an Gefreiß kaafen konnt. An vun all Zelt ass en aaneret schrecklecht Lidd aus den Charts vun denen leschten zwanzeg Joer gelaaf. Daat natirlech esou haard, daat meng Kopfhörer mir baal naischt genotzt hun.

Ech wosst, daat et geif schlemm gin. Ech wosst, daat et laang an unstrengend geif gin. Ech waar op Angscht a Schrecken gefaast. Mee ech haat net geduercht, daat et geif esou schlemm gin. Vun allen Saiten sin mir Angscht a Schrecken entgeint gesprongen an hun mech mat obzönen Gesten ageschüchtert.
Main Wee iwert Braderie waar keng Flucht. Daat lei waar Kriich.
Ech hätt daat lo gären esou ausgeschwaat wéi den Leonidas an dem schrecklechen Film „300“, mee ech färten ganz, ech geif domadder main Mikro zersteiren.

Irgendwou huet en Poschen iwert den Mikro verkaaft. Daat muss en sech ongefeiher esou virstellen: Ronn Dausend belleg an Taiwan produzeiert Poschen, déi net nemmen eng schlecht Qualitéit hun, mee och nach furchtbaar kischteg an onpraktesch sin. Also daat, waat en all Daag un all 3ter Persoun hänken gesait. Dann en Mann mat enger belleger Soundanalg déi ongefeiher esou klengt wéi d’Lautsprecher an engem Krichsgefangenenlager am freiheren Ostblock. Just nach bessi méi schappeg. An dann en Verkeefer, den sain Charme an der Loterie gewonnen huet. An dobai ass en eventuell nach en B-Star, bekannt vun irgendwelchen Deppenfester.

An dann gin d’Leit iwert den Mikro zum Kaaf vun Poschen opgefuedert. An daat natirlech perseinlech. „Madame, déi Posch hei geif dach bei ierch passen! An sie kascht nemmen 4, 95!“

Angscht a Schrecken sin emmer méi staark gin, an ech wosst, daat ech nach en laangen Wee virun mir haat.
Ech sin méi schnell gaangen an hun probéiert all déi Schrecklechkeeten, vum Ramschverkeefer bis hin zum Schampesstand, ze verdrängen. Daat sollt mir net wirklech gelengen. D’Avenue de la liberté waar zu engem Boulevard vum schlechten Geschmaach am menschlechen Chaos gin.

Un den Gedrenksstänn hun all déi verstoppen Alkoholiker aus dem Staatsapparat an der Privatwirtschaft elo schon hirer Sucht gefröhnt. Et ass jo schliesslech Braderie, dann kann en jo och roueg en Pättchen drenken. Oder sech eng gudd „an d’Schaiss“ geheien, wéi en daat esou seet.

Op der Place de Paris dunn: Endlech eriwer. Ech haat et gepackt, op manst fir en klengen Ablack. Ech sin weider Richtung Radio ARA gaangen. Op engem Zebrastraifen sin ech baal iwerrannt gin, obwuehl et zoufällegerweis greng waar. Mee et helleft naischt, mat engem gudden Gewessen iwerannt ze gin. An den Automobiliste wier och net emol am Onrecht gewierscht, well komescherweis waar seng Luucht OCH greng.

Angscht a Schrecken sin nach méi staark gin. Ech wollt laafen, mee ech waar elo nunmol an déi Hell hei geklommen, an lo misst ech och erem aus eegener Kraaft hei raus kommen. Oder mech op manst esou laang irgendwou verstoppen, bis alles eriwer wier.

Ech sin dun no enger Paus vun all der Verecktheet an der Uwerstaadt ukommen. Um Aldringer, den jo eigentlech Place Emile Hamillius heescht. Vlaischt kennt jo lo irgendwann eng Petitioun fir och daat ze änneren an der folkloristescher Benennung vun deser Plaatz Virzuch ze gin.

An der Uwerstaadt waar natirlech och Braderie. All Buttek, och déi, déi souwiesou schon emmer zur Stross hin op sin an do Saachen verkaafen, hun 3 Meter virun hirem Buttek eZelter, Budden oder soss Stänn opgeriicht gehaat an hun hir Produkter feilgebueden. Ech wees net, ob et daat Verb „feilgebueden“ am Letztebuergeschen ged. Wann net, well ech heimadder erklären, daat mir daat Verb sollten an eis Sproch ophuelen.

D’Post huet probéiert an engem Zelt, daat eng aankribsereegend giel Faarw haat, Handyen ze kaafen. Wann ech ennert dem furchtbaaren gielen Plastik gestaanen hätt, hätt ech wahrscheinlech en Handy kaaft, just fir erem kennen ze goen.
Ech sin weider duerch d’Leit gehetzt, laanscht all den Ramsch den do verkaaft gin ass. Ween kennt eigentlech op d’Braderie fir sech en Teppech oder een Hiem ze verkaafen?
Angscht a Schrecken sin emmer méi staark gin, an ech hun probéiert, fir emmer méi seier ze goen an all den Wahnsinn vun erofgesetzten Hiemer an gegrillten fettegen Thüringer, pardon, Grillwurschten hannert mir ze lossen.

Virun mir waaren, wéi emmer wann ech schnell irgendwou hin well, en ganzen Trupp Renter, déi den ganzen Daag Zait hun an och brauchen. Et ass schweier, esou Leit ze iwerhuelen. Ech hun et trotzdem irgendwéi färdeg bruecht. Irgendwou an dem ganzen Durcherneen sin Leit vum Chrestentum zum Nihilismus an erem zereck konverteiert gin. Mir waar daat ganzt ze vill. Irgendwou haat secher och den Toni secher seng Fanger am Spill.
Ech sin gelaaf, gerannt, fir mech an den rettenden Haafen vum ARA ze flüchten. Do sin ech dann och ukomm. Ausser Otem, an voller Angscht a Schrecken sin ech an den vill ze klengen Liff getrollt an hun mat leschter Kraft den Knäppchen mat der Zwee drop gedreckt…