Angscht a Schrecken zu Kopenhagen

Heinsdo muss en als als Gonzojournalist op Konferenzen fueren. An wann ech als Podcaster an Weblogger op eng Konferenz iwert Web2.0 fueren, dann schengt daat jo nemmen natirlech. Kopenhagen, iwregens d’Haaptstaadt vun Dänemark (fir die, wou et net wossten!), ass awer elo eng flott Staadt an eng vun denen sechersten an Europa. An daat soll lo eng Platz fir Angscht a Schrecken sin?

Ech hun mir geduercht, an Dänemark hätten se Angscht a Schrecken nach net erfonnt an déi enzeg Plaatz wou et zu Kopenhaagen Drogenverreckter geif gin, wier zu Kristiania. Kristiania ass bessi esou eppes wéi en klengen Staat an Kopenhaagen, bevölkert vun Hippien an e puer Drogenverreckter. Ech hun och geduercht, den Educatiounssystem an Dänemark wier esou gudd, daat Leit all fuerchtbaar maneierlech an fein wieren, ze fein fir wirklech Drogenverreckt ze gin.
Die typesch Virurdeeler vun engem Metteleuropäer iwert den skandinavescht Land eben. Fir all déi, déi schlecht an Geografie sin: Dänemark ass de klenge Wupp iwer Daitschland an nach e puer Inseln rondrem. Dann ged et nach e puer skandinavesch Länner: Island, daat ass eng Insel wait fort, Norwegen, daat ass daat eischt vun denen drai op der komesch geformter Strull am Norden, Schweden, daat zweet an Finnland, daat lait bei Russland.

Main eischt Reconter mat Angscht a Schrecken haat echo p der dänescher Grenz. Ech waar mam Zuch gefuer, net nemmen weinst dem Öko-Hellegeschain, mee virun allem och weinst dem Portmonnaie. Irgendwann an der Nuecht huet et un der Dier vun eisem Abteil geklappt, et sin e puer Wierder op dänesch Gefall an durno sin ech mat enger Täscheluucht verblend gin. Op englesch huet mech den däneschen Polizist oder Zollbeamten, sou genau konnt ech daat net erkennen no mengem Pass gefroot. Lo ass d’ Saach awer déi lei: deen enzegen Pass, den ech besetzen, ass den vun der Republique Libre de Clairfontaine. Deen wollten d’Hären Polizisten oder Doîniern, sou genau konnt ech daat net erkennen, natirlech net. Ech hun also voller Angscht a Schrecken no menger Carte d’Identié gefescht. Am daischtern ass daat natirlech relativ schweier. Waat geif passeiren, wann ech dem Polizist oder Doinier, sou genau konnt ech daat net erkennen, naischt keint weisen? Waar an Dänemark eng fein an maneierlech Form von der Folter nach erlaabt? Geifen sie mir einfach esou vill Smörebröd gin, bis ech nie mei zereck an Dänemark weilt an mech dann an daat kaalt dänescht Mier geheien?
Ech hun also no Luucht gefroot, an den Härr Polizist oder Doinier, sou genau konnt ech daat an der Daischtert net erkennen, huet mir mat enger 600-Watt Täscheluucht an d’Gesiicht geliicht. Waat natirlech extrem vill geholef huet.

Ech haat meng Cartedidentité natirlech net dobai. Angscht a Schrecken sin emmer méi staark gin. An mengem Mond huet sech schon den Gout vun schreckleschem Smörebröd breed gemaach. An engem verzweifelten Akt hun ech dem Polizist oder Doinier, sou genau konnt ech daat net erkennen, meng Sozialversecherungskaart gin. Keen Problem. Ech waar gerett. Op manst fir de Moment.

Déi eischt Deeg zu Kopenhaagen waaren dann och ganz angenehm. Rout an Koffergreng Tein domineiren des Staadtbild. Dem gefäärten Sömrebröd sin ech och just op Plakter, wou ech den Inhalt just errooden konnt, begeint.

Mee irgendwann werft en sech dann an Nuetsliewen. Um Enn vun der Konferenz, déi en sech net wéi eng normal Konferenz, mee eischter wéi en Barcamp oder eben eng Unreihung vun Open Space Sessiounen virstellen muss, gouf et eng Feier. An wie bei esou Feieren üblech, gouf et och do Drenkspiller.

Drenkspiller sin Ritualer, déi engersaits dozou dengen, Leit eng gewess Form vun Spass erliewen ze lossen, aanersaits awer knallhart eng Excuse bidden, sech no allen Regelen vun der Konscht volllaafen ze lossen. Wann en schon mol eng Keier esou eng gudd Excuse geliwert kritt, dann soll en se och notzen. Waat ech dann och gemaach hun. Je mei Wodka ech mat Whiskey gemescht hun, emsou méi sin Angscht a Schrecken komm.

Okay, et luch wahrscheinlech net nemmen um Alkohol, daat meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken zereck komm sin. Nee. Et luch wahrscheinlech virun allem un der schlemmster Waff, déi Menscheet je am Beraisch vun der akustescher Krichsfeierung efonnt huet: Karaoke. Alleng de Gedanken un d’Wuert leisst bei mir Angschtschwees aus. Karaoke an Verbindung mat schlechten Popsongs, daat klengt an mengen Ouren wéi eng H-Bom. Vir déi Leit, déi net wessen, waat eng H-Bom ass: H steht an desem Fall fir Wasserstoff. Eng Wasserstoffbom also. Ween sech dorenner nach emmer naischt virstellen kann, dem sief gesoot, daat am enneren vun enger H-Bom eng kleng Atombom gezündt ged.

Leit mat schlechten oder net passenden Stemmen hun Lidder wéi „I will always love you“ oder „Hit me one more time“ an ähnlech schrecklech Machwierker vun der Plastikpopindustrie gesongen. Irgendwann huet jidderen, och ech, mat angestemmt.
Angscht a Schrecken haaten mech fest am Grapp. Net nemmen de Gesang an de Klang vun de Lidder un sech, mee virun allem déi schrecklech blöd an erstaunlech onsenneg Texter vun denen Plastikpoplidder hun mech erfeiert.

Dunn hun mir entscheed, daat elo Zait wier, fir raus ze goen an eis frou Botschaaft vun Alkohol an Gesang op d’Strossen vun Kopenhagen ze drohen, wou d’Leit secher vill Verständnis fir eis hätten.

Et waar schrecklech. Ech sinn et meéi esou wierklech riicht gaangen an hun probéiert, spuneschen Leit letzebuergesch Vollekslidder à la „An engem klengen Duerf“ oder „Un der Attert“ beizebrengen. Well ech awer an mengem normalen Zoustand relativ weineg Interessi un esou Lidder hun, waar ech net wirklech Textfest, waat awer zum Gleck kengem opgefall ass. Et waar jo jiddereen voll.
Angscht a Schrecken waaren ominpräsent. Kopenhagen waar lo keng fein an frendlech Staadt méi, mee en enzeg Labyrinth vun Stolperfaalen an komesch Beliichten Lokaler. Leit sin an Luuchtepotoen gerannt an iwer Veloen gefall. Ech wosst, daat ech absolut opmirksam misst sin.
En klengen Moment Nolässegkeet hätt bedeid, daat irgendeen, vermutlech de Rastamann, Zait gehaat hätt, firm at engem schrecklechen Smörebröd aus engem daischteren Eck hervirzesprangen an mir et eranzezwengen.

Irgendwann hun mir dunn eng komesch Technobar ereescht, wou aus irgendengem obskuren Grond en Kicker stoung. Also daat Spillgerät, daat en an Daischtland Tischfussball nennt. An Spuenien muss en iwregens ennert den Desch klammen an do eng Stonn setzen bleiwen, wann en verleiert. En Grond, wiesou ech nie Kicker spillen.

Mee ech haat souwiesou aaner Saachen am Kapp. Ech hun probeiert, letztebuersch Volekslidder op den Technobeat ze sangen. Esou laang ech sangen geif, keint keen mir en schrecklecht Smörebröd an de Mound stiirchen.

Irgendwann hun ech dunn, wéi daat eben heinsdo geschidd, op d’Toilette. Den Plafong vun deser Toilett huet aus engem aalen, relativ ruppegen Aquarium bestaanen. Ausserdem ass d’Dir net richteg zougaangen. Angscht a Schrecken sin nach eng Keier mei grous gin. Waat geif passeiren, wann den Aquarium geif briechen? Waar et meiglech, daat sech Milliounen Literen vun Wasser iwert mech ergeissen geifen an ech dann an dem schmuddelegen Wasser erdrenken? Mee daat schlemmst sollt nach kommen. Ech hun mir angebild, eng Dreps vum Plafong rooffaalen ze gesin. Bestemmt eng Haluzinatioun. Ech hun ugefaangen ze pissen.

An do gesin ech et: op der Plaatz am Pissoir, wou normalerweis en ekelgen Steen lait, den furchtbaar schlecht riicht an e bessi Amnoniak fraileisst, louchen hei Limonenstecker. Greng, zitrounenähnlech Limonenveirel. Am Pissoir. Ennert engem ruppegen Aquariumplafong. Angscht a Schrecken haaten mech völleg. Ech hun d’ Smörebröd schon virun mir gesin..

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. An d’Flucht duerch daat kaalt an daischtert Kopenhagen waar eng lang an ellen…