Angscht a Schrecken op engem Release vun Quentin Lagonza

Et ged Evenementer, op déi muss en goen. Well d’Famill daat gären esou hätt, well d’Kollegen soss alleguerten rosen sinn, well een vun der Arbescht aus gezwongen ged, well een sech sozial verpflicht fillt, dohinner ze goen.
An et ged Evenementer, op déi muss en goen, well een soss eppes gigantesches verpasst.

An esou waar et och mam Release vun Quentin Lagonza. Ech mengen, eng Band, déi schon baal wéi Gonzojournalismus heescht, versprecht jo schon mol een gewessen Niveau un Verrecktheet. Ween d’Jongen schon eng Kéier live gesinn huet, wees: Vir Spezialeffekter an grous Rockgesten ass emmer gesuergt.

Den Konzert sollt an der Kulturfabrik sinn, waat jo am renerschen Süden vum Land lait. Dem schwaarzen Fleck op der Klimakaart also. (cf. Episode 2) Fir mech huet daat geheescht, daat ech mech em eng Schlofplaatz hu missen kemmeren, mee dozou méi speit. Vill méi wichteg waar, daat den Batteuer, den den Nolauschtrer secher net onbekannt ass, schon ungekennegt haat, daat d’Band desen Owend an deelweis néien, deelweis aalen Verkleedungen bzw. och hallewplackeg géif spillen. Angscht a Schrecken waren also quasi virprogramméiert. Trotzdem hunn ech mech op den Owend gefreet.

Ech hunn oft en Problem mat Auerzaiten. Wann bei engem Koncert 8 Auer steht, hunn ech d’Tendez ze kucken fir och um 8 Auer do ze sinn. Och wann ech ganz genau leeft daat den Konzert net Punkt 8 Auer wärt ufänken, ged et an mengem Ennerbewosstsinn irgendeng pendantesch Stemm, déi genee daat verlaangt. An desen Owend waar déi Stemm erem besonnesch staark. Dofir stoung ech dann och méi oder wéineger Punkt 8 Auer an der KuFa, déi bis op e puer Securityen an soss Personal eidel waar. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Sollt iwerhaat een op déi Release kommen oder wier ech herno den eenzegen den virun der Bühn géif stoen an sech den sougenannten Vintage-Rock géif eranzéien? Bon, duecht ech, dann wier et vlaischt schnell erem eriwer, dann géif ech vlaischt och mam öffentlechen Transport erem heemkommen.

Mee an der Zweschenzait haat ech alt d’Geleegenheet, mir en Béier ze bestellen an mech e bessi mat den Bandmembren ze ennerhaalen, déi esou rondremgewusselt sinn. Virun der DIr huet mir den Gitarrist erziehlt, daat hien net opgereegt wier, just midd. Se géifen jo emmer “den selweschten Siff” spillen. Angscht a Schrecken stoungen och virun der Dir an hunn schwaarz Zigaretten gefemmt an mir den Damp an d’Gesiicht geblosen.

Irgendwann ass et dunn ungaangen mat den Virgruppen. Virgrupp, daat ass en Wuert, waat en haut net méi esou oft héiert Mat der anglophoniséierung vun eiser Sproch ged eischter vun engem “Support-Act” geschwaat. Wéi wann d’Haaptband helleft braischt. Bei Bands wéi den Rolling Stones géif ech daat jo verstoen, emmerhinn sinn daat all aal Herren, déi brauchen vlaischt e puer staark Gitarristen vir hinnen op d’Bühn ze hellefen, mee eng jonk Band lued sech am Fong just eng oder zwou Virbands an, fir daat den Release méi spannend ass an een selwer den Heichpunkt vum Owend ass.

Déi zwou Virgruppen hunn sech gudd drunginn, an der Zweschenzait hunn ech och eng ganz Retsch Leit gesinn, déi ech kannt hunn an haat esoumadder een fir ze schwätzen. D’Kufa huet sech no an no och gudd gefellt, waat bestemmt un Quentin Lagonza luch, mee vlaischt och dorunner, daat den Entree frai waar. Eng Initiativ, déi een nemmen luewen kann. Konzerten, déi vill kaschten, sinn net onbedengt esou cool.

Irgendwann no der daischter Virband, déi en immens komeschen Sänger mat immens laangen Hoer haat, waar et dunn um Tour vun Quentin Lagonza, fir hieren néien Album virzestellen. Ech waar gespaant, well ech haat villen vun deenen néien Saachen nach net héiren an haat jo am Virfeld schon awer vill héiren. Virun allem waat Bühnenperformance ungeht.

An jo, et huet gerockt. No enger Zait huet den Drummer et esouguer wirklech bruecht, fir sain Tshirt auszedoen an hallewplackeg ze spillen. Angscht a Schrecken sinn opkommen, och weinst der “Uniform” vum Gitarrist, den en rosa Rüschenhiem an eng Kapitänskaap unhaat. De Sänger waar am Schottenrack an den Bassist onopfälleg, mee daat waar en jo schon gewinnt.

Schockeffekter wierken jo meeschtens nemmen déi eischt 20 Kéiren, durno gewinnt een sech eben drun. “Et gewinnt een sech un alles” seet den Volleksmond, ech soen: Daat ass decke Blödsinn. Ech wärt mech nie drun gewinnen, um 4 Auer moies no vlaischt 3 Stonnen Schlof vun der Partykaravane erwäscht ze ginn an vun Leit op Speed an d’Ouer geblärrt ze kréien. Et wier déi 100ste Kéier wahrscheinlech net méi esou iwerraschend, mee wahrscheinlech nach emmer kierperlech esou unstrengend wéi déi eischte Kéier.

Den Konzert ass monter wéider gaangen. Den Drummer soot mir herno, hien hätt einfach mol gespillt, während d’Musek virun him op der Bühn ausser Kontroll gerooden wier. Mir ass daat net obgefall, ech hunn einfach geduercht, daat géif zur Show gehéiren. Et waaren jo och genuch Konschtstecker vum Gitarrist ze gesinn, deen mam Verstärker geschwaat huet, mat der Zong gespillt huet an rondremgesprongen ass. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Waar ech duerch een komeschen Zoufall an den 60er Joeren geland? An wann jo, wiesou waar d’KuFa dann schon eng Konzertshaal an keen Schluechthaus?

Esou an Gedanken versonk hunn ech just am Aawenkel matkritt, wéi deen laanghoerege Fotograph mat dem psychedeleschen Fotoapparat seng Fotoen gemaach huet, d’Groupies ganz no un der Bühn stoungen, an wéi en Mellen op d’Bühn geklommen ass. Stop. En Mellen ass op d’Bühn geklomm. Main Spannenseen waar aktivéiert. D’Angscht a Schrecken-Alarmsiren an mengem Kapp huet haard geschellt. Wéi um Raumschiff Enterprise: Alarmstufe Rot.

Een Mellen, wahrscheinlech een Drogenverreckten stoung op der Bühn an wollt dem Gitarrist sain Instrument ofhuelen, vir en kuerz drop ze emaarmen. Den Emaarmten allerdengs wollt weider Gitarr spillen an huet den Drogenverreckten vun sech wech gedreckt. Den ass dunn mol riicht an d’Monitorboxen geflattert. Een Moment laang hunn ech gefaart, den wier elo doud, mee zum Gleck ass den Verreckten direkt erem opgestaanen an ass vun den Securityen oftransportéiert ginn. Ech hätt en an irgendeng Clinique angeliwert. Ganz egal waat fir eng, Haaptsaach eng, wou se en Bett mat Gurter hunn. Angscht a Schrecken hunn op der Gitarr vum Terror gespillt.

Mee irgendwann muss all Konzert op een Enn goen, an mat zwee Hallewplakegen op der Bühn ass och dese Konzert op een Enn gaangen. Den Gitarrist huet seng Gitarr op den Verstärker geluecht. Ennergangstéin aus der Feedbackhell. Dunn ass en zereckkomm an huet nach e puer Minuten en solo duerbruecht, ouni irgendeen Kommentar.

Dobaussen stoungen schon eng ganz Retsch vun Leit, ennert aanerem och den Drogenverreckten, den virdrun op d’Bühn gesprongen waar. Hien huet esou gudd wéi naischt méi mat kritt, mee vlaischt waar daat och besser fir hien. Een aaneren huet sech opgereegt iwer all déi Leit, déi hien géifen stéiren, hien wéilt lo mol e puer Minuten roueg setzen an sain Wain geneissen. Ech hunn missen grinsen an hunn mech gesaat. Meng Feiss hunn wéi gedo. Irgendwann ass et dunn erem ran gaangen, Merchandising an d’Leit vir d’Heemfahrt sichen. Déi eischt Aufgab waar ziemlech einfach, déi zweet méi schwéier. Mat CD, Poster, Stickeren an Tshirt am Gepäck hunn mir just eng vun 3 gesichten Persounen fonnt. Mee emmerhin konnten verschidden Leit sech nach hier Postern ennerschriwen lossen. Bis d’Securityleit eis erausgehait hunn. Oder soe mer esou: Se hunn gefroot, op mer elo kéinten goen.

Dunn huet sech erem irgendeen opgereegt an geruff, daat wieren dach alles Nazien. Wiesou waar esou eng ongemittlech Stemmung? Wiesou waaren nemmen esou vill agressiv Tendenzen an der Kufa? Waar daat den Geescht vum Schluechthaus, deen sech irgendwéi op d’Leit iwerdroen huet? Angscht a Schrecken ass opkommen.

Mir sollten eigentlech “heem” (also dohinn, wou ech schlofen sollt) fueren an nach een Film kucken. Mee irgendwéi hunn mir eis Leit net all fonnt. Et huet nach emmer eng Persoun gefehlt, an daat waar leider d’Chauffeuse. Net schlemm, well ech waar jo beschäftegt. En Typ mat enger Mutz huet déi ganzen Zait geschwaat, ouni opzehaalen, ouni Loft ze huelen, ouni och nemmen eng Kéier richteg ze otmen.

Gerüchter sinn rondrem gaangen, d’Chauffeuse wier amgaangen mat engem “Rocker” op der Toilett ze knutschen. Ech kruut och Nimm genannt, déi sech herno bestätegt hunn. Also, ob manst hunn ech déi zwou Persounen herno zesummen gesinn. Waat elo mat knutschen an mat Rocker waar – doriwer soen ech einfach naischt.

Op alle Fall kruuten mir den Schlessel vun engem schwaarzen Auto an hunn eis op de Wee an d’Brousse gemaach. Ennerwee sinn mir laanscht brennend Paletten gefuer. Mir huet daat Angscht gemaach. Firwaat ginn matzen an der Nuecht nirwt enger Stross Paletten verbrannt?

Angscht a Schrecken haaten mech. Ech waar ennerwee an en klengt Hexenhaischen irgendwou an enger Heck am Süden, op der Stross hun Paletten gebrannt an nirwt mir souz en Typ mat enger Mutz, deen fuerchtbaar vill geschwaat huet. An ech wosst, daat et des Kéier keng Flucht géif ginn …