Angscht a Schrecken mat ëffentlechen Hondstoiletten

Et ass schon eng Plo mat denen Henn. Se schlofen den ganzen Daag, baissen déier Schlappen oder Miweln futti an wellen dann zur Belounung och nach eppes friessen.
An wéi wann daat alles net géif duer goen, schaissen se dann och nach, am leifsten an den Gaart, an dem se och hir Plastikspillsaachen an 3 Meter deift verbuddelen, sou daat een Angscht muss hunn, mat der Emweltpolizei an Konflikt ze kommen, well se PVC am Grondwaasser fonnt hunn …


Wann een also net graad well, daat den Hond engem den Gaart total versaut oder een all puer Stonnen Hondsdreck muss opraafen, muss een mam Hond spazéiren goen.
An dem Haus, an dem ech wunnen, kritt den Hond daat dann och emmer gesoot, wann een mat him wärt spazéiren goen. Am beschten schon eng hallew Stonn virdrun. D’Déier ass dann total opgedreint an knaat nach vill méi un Schong an Miwelen wéi soss an kritt sech kaum gehaalen vun Virfreed.

Mech stéiert jo den Tounfall, wéi d’Leit mat hiren Déiren schwätzen. Engem Hond ass et wahrscheinlech ganz egal, ob een mat heiger Stemm mat em schwätzt oder en ganz normalen Tounfall drop huet. Mee ass een Hond ereischt un den „OhwaatbassduenLeiwenbassdeeeenguddenHondahjoohienassenguddenHond“-Blabla gewinnt ass, kann een wahrscheinlech just nach esou mat em schwätzen. Daat stéiert mech e bessen. Ech well net emmer klengen wéi wann ech mat engem klengen Kand géif schwätzen, wann ech mat engem duerchaus erwuesenen Hond schwätzen.

Den Hond kritt dann sain Pickenband un, well mat dem Pickenband follegt en vill besser. Ech hunn bis elo nach nie een richtegen Ennerscheed gemierkt, mee bei aaneren Leit zidd den Hond jo och anscheinend emmer esou fest, daat engem d’Hänn durno wéidinn, waat ech net bestätege kann. Ech hunn awer vlaischt einfach och vill Houf op den Hänn. Vum villen Wichsen oder sou.
Et ass iwregens witzeg, wéi oft en mam Emgang mat sengem Hond un den Pawlow denken muss. Resselt een zum Beispill mam Pickenhalsband, kennt den Hond hechelt gelaaf an freet sech, well et elo raus geht. Sinn mir Menschen eigentlech och esou einfach ze dresséiren? Angscht a Schrecken.

Ech hunn also meng Kaputz déif an d’Gesiicht gezunn an hunn dir op gemaach. Den Hond vollféiert d’Konschtsteck, glaichzaiteg un der Lengt ze zéihen, ze sprangen, an d’Längt ze baissen an no Kaatzen ausschau ze haalen. Dann baisst et eng Zait laang just op d’Lengt. Waat ech net immens gären haat. Dofir soot ech: „Wou ass d’Missi?“. Natirlech hunn ech daat net mat menger Angscht-A-Schrecken-Stemm gesoot, mee mat menger „ohwaatbassduleiwenmupp“-Stemm. Also soot ech:
„Wou ass d’Missi?“
Den Hond zidd an sicht no Kaatzen. Oder aaneren Henn. Oder Inten. Ech wees net, op hien wierklech wees, daat mat „Missi“ d’Nopeschkaatz gemengt ass. Ech hunn den dommen Verdacht, dass den Hond „Missi“ fir alles hällt, waat hien gären unbillt.

Op all Fall sinn ech also mam Hond, den nach emmer gezunn huet an no Kaatzen, déi net do waaren, Auschau gehaalen huet, duerch déi vereenten Nuecht gaangen. Am Fong ginn ech ganz gären mam Hond, meng Gedanken fleien dobai, ech muss mat kengem schwätzen, sinn un der frescher Loft an kreien och selwer e bessen Auslaaf, waat jo secherlech net daat schlechtesten kann sinn.

Mee et geht een jo net nemmen esou mam Hond duerch den Reen, well en gären mam Hond duerch deen Reen leeft, mee well een muss. Also, engersaits, well den Hond muss, aanersaits, well daat Déier jo awer och Auslaaf braucht.

Den Hond huet déi domm Ugewunnescht, Nuesschnappescher ze friessen. An wann een déi ganzen Zait muss op den Buedem kucken an bei all waissem Schnuddelduch, daat irgendeen Arschlach wechgeworf huet, muss „NEE! PFUI!“ blären, dann fällt engem a be mol op, wéivill Nuesschnappescher einfach esou op den Spazéierweer leien. An et freet een sech firwaat et eigentlech esou vill Arschlächer an Idioten ginn, déi net mol amstand sinn, fir een Nuesschnappesch an eng Dreckskescht ze geheihen. Vlaischt lauschtren jo e puer vun denen Leit no: Dir idiotesch Drecksäck! Main Hond fresst är Schnuddelen!

Passend dozou: Et hänken méi Hondskakatutenspendern op dem Wee, deen ech emmer mam Hond ginn, wéi et Dreckskeschten do ginn. Vlaischt gesinn ech dofir nie en Hondflapp um Wee, mee awer vill Nuesschnappescher, déi irgendwelch Idioten do léien geloss hunn an déi main Hond dann fresst. D’Déier kann naischt dofir. Och wann ech mir doheem meng Nues botzen kennt den Hond an hechelt an suddelt aus dem Mond, well en mengt, lo géif et eng extra lecker Deliaktess ginn: een vollgeschnuddelt Nuesschnappesch.

Angscht a Schrecken ginn grous, wann een mol driwer nodenkt. Mir packen et net, eis selwer esou am Greff ze hunn, fir eis Nuesschnappescher net einfach do, wou mir geschnuddelt hunn, op den Buedem faalen ze lossen an mir wellen awer d’Welt retten. Kilmakrise, Finanzkrise, Wahlen – wéi solle mir d’Joer 2009 iwerstoen, wann mol keen et färdeg brengt, seng Nuesschnappescher opzeraafen?

An Angscht a Schrecken ginn nach eng Kéier méi grous, wann ech gesinn, wéi ech aus enger Meck wéi Nuesschnappescher, déi sech secherlech no 2 Wochen vollstänneg zersaat hunn, een riesegen Elefant maachen. Mee daat sinn bestemmt d’Medien. Wann se alt keen Amokleefer aus mir maachen, maachen se mech völleg verreckt mat hirem dauerendend Gebrabbel iwer Klimawandel, Fianzkrise, Kiwi-Dollaren an Wahlen. Angscht a Schrecken regéiren net nemmen den Grand-Duché.

Den Hond huet irgendwou um Flossufer gepisst. Et ass een Medschen, oder wéi se emmer an den Déirenrubriken op engem bestemmten Hausfraensender soen: eng Muder, dofir muss een emmer oppassen, en weiblechen Hond hirwft nämlech net d’Been wann en pisst. Mee pissen dierfen Henn jo baal iwerall, do kann keen esou richteg eppes soen.
Beim groussen Geschäft ass déi Saach schon bessi anescht. Net vir naischt hänken iwerall Spendern mat klengen schwaarzen Tutten, op denen grouß „BRAVO“ steht. Ech froen mech op een vun der Tuut applaudéiert kritt, well een sengem Hond sain Schaiss wechraumt oder op d’Firma esou heescht, déi déi Tutten mescht. An wann dem esou wier, froen ech mech, ob et keng marktrechtlech Schwieregkeeten mat der Zaitschreft „Bravo“ ginn sinn. Mee wahrscheinlech gellen Marktrechter fir Zaitschreften net och fir Hondskakatuuten.

Mee et ginn eben net nemmen déi Spenderen mat denen komeschen Tuuten, mee och extra effentlech Toiletten fir Henn. Daat ass eng Plaatz mat engem Gitter rondrem. Bannendran ass Sand an een Poul, op deem en Scheld ass. Op dem Schled ass een en Hond den schaisst ze gesinn.
Main Hond huet weineg Interesse un der Toilett gewissen. En huet eiweg laang rondrem geschnoffelt. Ech hunn zu em gesoot: „Dajee, dann schaiss schon. Ech hunn effentlech Toiletten och net gär, mee dofir ass se do!“
Den Hond huet mech blöd gekuckt an wollt dunn erem goen.

Angscht a Schrecken sinn opkomm. Wéi sollt een sengem Hond baibrengen, op der Plaatz ze kacken, déi dofir geduercht ass? Wéi hunn aaner Leit daat färdeg bruecht? An virun allem: Waat sollt den komeschen Poul mat dem Scheld?

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. Den Hond huet iwregens iwerhaat net missen.

3 thoughts on “Angscht a Schrecken mat ëffentlechen Hondstoiletten

  1. As et iergendengem vun iech schon emol an den Senn komm, dass den Hunter S. Thompson sech schummen geif, wann en geng gesin, dass een vun sengen Titeln fir esou en Blogantrag messbraucht get? Ech denken dass en daat definitiv maachen geng: )

  2. Géif en? Virun allem: Waat fir en vun denen geschätzen 100 Titelen, déi mat “Fear and Loathing” unginn, mengs de?
    An jo, ech kréien daat all puer Méint eng Kéier vun irgendengem un de Kapp geworf. Meeschtens vun Leit, déi perséinlech rosen iwer eppes sinn, waat ech geschriwen hunn. Werfs du deng Nuesschnappescher ëmmer op de Bueden?

  3. Jo en geif.Bezitt sech op sou zimlech all Post den ech bis elo gelies hun hei.Beis gemengt as et net,well schlecht oder doof fannen ech är Posts net,awer eben net wierdeg hinnen dem Hunter sain “Stempel” opzedrecken.Perseinlech beleidegt sin ech net an meng Nuesschnappecher kommen an d’Dreckskescht: )

Comments are closed.