Angscht a Schrecken ob enger Grillparty am Fréijoer

Den Summer kennt emmer eischter. An et ass mir elo egal, ob et dest Joer mol erem eng Kéier esou kaal waar, daat e bessen Schnéi gefall ass. Et ass mir elo esouguer egal, daat dest Joer esou vill Schnéi gefall ass, daat ech ausgerutscht an gefall sinn.
D’Fréijoer – an domadder och den Summer – kennt emmer eischter. Ob verschiddenen Plaatzen esouguer em zwou Wochen méi fréih wéi soss. An eisen Breedegraaden sinn arttypesch saisonofhängeg Verhaalensweisen vun Déiren em 4,4 Deeg no vir verreckelt.

An et ass net nemmen bei den Déiren esou: Och mir Menschen verleen eis arttypesch saisonofhängeg Verhaalensweisen emmer méi wait no vir. Mir fänken schon am Abrell un ze grillen.


An ob eben esou enger Grillparty waar ech virun net all ze laanger Zait.
Do souzen mer also, deelweis an Jacketen, well esou waarm waar et dann eben nach net an hunn bis an d’Dämmerung eran gegrillt, gefruppst an Béier aus diversen Quellen gedronk. Daat flott un enger „Jiddereen brengt eppes mat“-Party: Et muss een selwer net vill matbrengen an irgendeen huet emmer en Sixpack mat drenkbarem Béier matbruecht.

Mir ass daat ganzt ziemlech ongemittlech virkomm. Net, well d’Leit mir net symphatesch gewierscht wieren oder de Béier net gudd oder main Tofu net duerch, mee… et waar Abrell an mir hunn gegrillt. Et ass esou lues kaal ginn an mir souzen dobaussen an hunn eis nemmen esou hallew drun gestéiert. Angscht a Schrecken souzen och irgendwou, vlaischt an engem daischteren Eck, wou daat diffust orangescht Liicht vun der Glouss net op se gefall ass.
Mir waaren dobai, eis un den Klimawandel ze gewinnen. Einfach esou, wéi wann naischt wier! Dann géifen mir elo eben fir Ouschtren grillen goen, och wann et eng Woch virdrun nach geschneit huet!

Zum Gleck ass d’Gespreich dann zu engem vun mengem Lieblingsthemen nirwt mengem Ökohellegenschain, menger beschten Frendin, daat den Nolauschtrer net onbekannt ass, allgemenger an diffuser Gesellschaftskritik oder Kiwidollaren komm: Drogen.
Méi genee: Poppers.
Ech hunn mir déi obligatoresch Schwulenwitzer erwaard, iwert déi ech net laachen kann. Se sinn komm. Normalerweis ass op dem Punkt d’Diskusioun eriwer, irgendeen zielt nach eng Anekdote an dann kennt irgendeen aanert Thema op, iwert daat erem Witzer gemaach ginn, irgendeen eng Anekdote ziehlt an dann ged méi Béier gedronk.

Des Kéier net. Irgendeen huet geruff: „Komm mir fueren Poppers kaafen!“
An hien kruut allgemeng Zoustemmung. Aus der Grillparty, déi e bessi fréih am Joer waar, sollt also
elo eng geféierlech Drogengrillparty ginn …

D’Equipe, déi déi Drog besuerge sollt, ass zesummen gestalt ginn. Ech hunn mech natirlech fraiwelleg gemeld an sinn mat enger Fläsch Béier bei den Auto gehetzt. Wann esou eng Aventure start, muss sech all gudden an treien Gonzojournalist fraiwelleg mellen. Wéi kéint een Gonzojournalist sinn an NET mat ob esou en Trip goen?

Mir hunn eis also mat engem Sixpack an den Auto gesaat, eng schwaarz daitsch Rennmaschin, déi een bei all Geleegenheet an den Setz gepresst huet wéi soss just Astronauten an hirer Rakeitensetzer gedreckt ginn.

Poppers, daat sinn flesseg an kuerzfristeg wierksam Drogen an bestinnt aus Amylnitrit, Butylnitrit oder Isobutylnitrit. Well se virun allem am homosexuellen Millieu als Aphrodisiakum angesaat ginn, ginn se virun allem an Sexshops verkaaft.
Interessanterweis schengen Poppers net verbueden ze sinn an et schengt och keng Unstrenung ze ginn, se ze verbidden. Deelweis mussen se als Teppeschreinger vermaarkt ginn, mee wann den Sexshop Teppeschreinger verkeeft, kann daat de Konsumenten jo egal sinn.

Mir haaten eppes no 10 an waaren zouversichtlech, daat am Fong nach all Sexshop an Metteleuropa misst op sinn.

Den Chauffeur huet op den Gas gedreckt, ech hunn eng Schlupp Béier geholl an lass ass d’Rees an d’Stadt gaangen. Haart an Dreckeg – an virun allem op der Sich no Drogen – een Owend, genau esou wéi ech et gären hunn.

Zu eisem groußen Erstaunen schengt d’Kirch och nach emmer en groußen Anfloss op d’Wirtschaft am Grand-Duché vun der Angscht ze hunn. Anescht kann ech mir et op jidderfalls net erklären, daat een Sexshop Freides Owes em zeng Auer schon zou huet.
Alt erem an den Auer, eng grous Schlupp Béier geholl an wéider. Am Garer Quartier hunn mir dann och fonnt, waat mir gesicht hunn.

Sexshops sinn hier eegen Welt, meeschtens e bessen schmuddeleg an déi Saachen déi een do gesait géif en leiwer am Internet bestellen, well d’Verpackung dann nach net verbleecht ass. Den leiten huet awer ziemlech propper ausgesinn. Vill waiss an vill neonblo Tuben. Mir sinn kuerz duerch d’Geschäft gaangen an hunn eis als Männer op een wesentlecht Kierperdeel reduzéiert gefillt. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Waat waar daat vir eng komesch Paralellwelt zweschen Dildoen, Pornofilmer an bloen Neonstuben. En komeschen Moment laang hunn ech mech gefroot, op daat net déi iwreggebliwen Neonstuben vum Kulturjoer 2007 wieren…

Un der Théik stoungen dann verschidden Fläschen mat Poppers. Mir hunn den Mann an der Kees gefroot, op hien eis kéint berooden. Nee, waar seng kloer Äntwert.
Emmerhin waar en eierlech. Mir hunn eis fir déi anscheinend staarkste Fläsch entscheed an hunn eis op den Heemwee gemaach.

Do huet sech erausgestallt, daat d’Party sech mettlerweil no bannen verlaagert hätt. No enger klenger Episode „Mir maan esou wéi wann mir naischt kritt hätten“ hunn mir d’Fläsch dunn erausgezaubert an opgemaach. Ausotmen. Nueslach zouhaalen. Déiiiiiiiiiiiifffffffffff anotmen.

Extrem schnell setzt eng Wierkung an, déi virun allem Laachen ausgeleist huet. Donirwt e bessi Schwindel, d’Gefill, de Kapp géif explodéiren an Reeboufaarwen eraussprangen.
Ech hunn och gemengt, ech géif elo fir emmer esou bleiwen. No 5 Minuten waar d’Wierkung allerdengs schon erem fort. Bis een déi nächst Nues geholl huet. Erem Laachen, Schwindel, rondremtorkelen, eng Nues vun der Drecksdrog huelen, déi wéi Terpentin gericht huet an wahrscheinlech déi selwescht Wierkung haat.

Angscht a Schrecken sinn méi an méi grouss ginn. Waat géif passéiren, wann ech tatsächlech op engem Poppers-Flip géif hänken bleiwen an de Recht vu mengem Liewen just nach Laachen kéint? Wiesou hunn mir schon am Abrell gegrillt? An virun allem: Wiesou ass elo nach een Auto an d’Stadt gefuer, fir eng zweet Fläsch ze kaafen?

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. An en greisseren Rausch …