Angscht a Schrecken schon erem eng Kéier op enger Praisiwerechung an enger Bank

Verschidden Titelen vun derser Serie klengen esou, wéi wann ech oft daat selwescht géif erliewen. Mä am Fong kréien ech net all gudden Daach en Prais an enger Bank iwerecht. Et ass just en Zoufall, daat et elo esou kuerz hannertneen zwee mol geschidd ass. Des Kéier hunn ech ee Prais vun verschiddenen Botschaftler kritt, „in Anerkennung besonderer Leistungen“. Wat daat heesche soll, kann sech jo jiddereen denken.


Ech waar alt erem eng Kéiher vill ze vill speit drun an hunn mech missen flaissen. Mat nassen Hoer op den Zuch gerannt, den Ökohellegenschain konnt ech och nach ennerwee poléiren an kucken, op main Hiem richteg geknäppt wier, esouwiesou. Ausser Otem an mat dem schrecklechen Bewosstsinn, daat ech wahrscheinlech völleg durchgeschweest op der Praisiwerechung géif ukommen. Daat ass jo eng Angscht vu ville Leit. Also, daat se völleg nassgeschweest irgendwou ukommen an dann dofir ausgelaacht oder schief gekuckt ginn. Wobai dat jo am Fong naischt esou schlemmes ass. Wann een vun uewen bis ennen voller Bulli irgendwou ukennt, dann hunn d’Matmenschen Recht, een auszelaachen oder schief uzekucken.
Mä net, wann een nass geschweest ass. Ween nass geschweest ass, waar endweder mat ze schicker Kleedung laang an der Sonn, huet geschafft oder sech extrem ugestrengt, fir zu Zait irgendwou ze sinn. Daat sinn Saachen, déi dach eischter e bessi Respekt verdengen wéi daat en Leit dofir sollt auslaachen.

Iwregens: Et ass net de Schwees selwer, deen richt, mä d’Bakterien, déi en zersetzen. Fir genee ze sinn, ginn laangketteg Fettséiren zu méi kuerzen wéi zum Beispill Botterséier zersaat. Ausserdem ass am Schwees Vitamin C. Do wonnert een sech, daat nach keen Mensch an der Liewensmettelindustrie op d’Idee komm ass, een Gesondheetsgedrenks an enger Sauna hierzestellen.

Ech haat iwregens Deo dobai, waat meng Angscht e bessen méi kleng gi geloss huet. Ausserdem hunn ech mech berouegt, andeems ech een interessante Podcast gelauschtert hunn. Daat ass iwerhaat eng flott Strategie. Wann een sech berourgen well, kann een einfach aanere Leit nolauschtren, wéi se iwer interessant Themen schwetzen. Et huet een eng menschlech Stemm, muss sech net ze vill unstrengen, ged awer intelektuell e bessi stimuléiert. Aus dem selweschten Grond haat ech Physikstonnen emmer immens gären.

Déi Bank, an der ech de Prais iwereecht sollt kréien, steet um Kirchbierg. Am Bankevéirel. Et ginn jo am Fong net méi esou vill Banken, déi „downtown“, also an der Uwerstaat stinn. Wahrscheinlech, well et do ze déier ass an een sech net irgendwelch komesch architektonesch Monstren kann dohinnerbauen. De Kirchbierg ass oder waar laang Zait eng enzeg Spillwiss fir Architekten an hier komeschten Ideen.

Ech waar also ennerwee fir op den Kirchbierg. Mam Bus. Irgendeen muss jo mam gudde Beispill vir goen. D’Auer ass verdächteg no un Sechs Auer komm, awer och nemmen, well den Zuch, op deen ech voller Angscht gelaaf waar, Verspeidung haat. Eng ganzer zeng Minuten. An wéi mir alleguerten wessen, sinn et emmer déi lescht zeng Minuten, déi engem d’Geneck briechen. Ech hu mir geduercht: Pff, et mescht esou gesinn dach iwerhaapt keen Ennerscheed, obs du lo fennef Minuten ze speit kenns oder net, bei esou Veranstaltungen dauert et esouwiesou emmer op manst bis um Vierel op bis et unfänkt.

Wait gefehlt. Ech sinn seelenroueg iwert de Parking vun der Deutschen Bank gaangen, laanscht eng Wiss aus Plastik an daat ziemlech ellent Gebai eran.
Wou alles schon amgaangen ass. Den daitschen Botschaftler waar schon amgaangen, eng Ried ze haalen. An Setzplaatzen waar och scho keng méi do.
Daat ganzt Gebai waar am Fong en enzegen, ronnen Bannenhaf. Op all Mauer houngen irgendwelch méi oder manner schéin Biller bzw. déier Konschtwierker an dozweschent hunn irgendwelch Leit déi nächst Finanzkris virbereed. Op verschiddenen Stäck, déi duerch spiralförmeg Gallerien matneen verbonnen waaren. Dat ganzt ennert enger Mellechglaskuppel. Definitiv net wierklech déi gelongenst architektonesch Spillerei um Kierchbierg.

Daat wier dach mol een Concours. Déi gelongsten architektonesch Spillerei um Kierchbierg, gewiehlt vun den Nolauschtrer vum Radio ARA. Aanersaits: Leiwer net. Herno gewennt nach den Kino oder den bekannten Akaafszentrum um Kierchbierg.

Ech stoung also an der Deutschen Bank um Kierchbierg, hu missen un den Josef Ackermann denken an hunn Botschaftler aus drai verschiddenen Länner nogelauschtert, wéi se déi Daitsch Sproch an hier Bedeitung an Letzebuerg geluewt hunn. Irgendwéi huet een emmer nach en komesche Baigeschmaach, wann irgendeen eppes luewt, waat „daitsch“ ass. Wat jo och alt erem ziemlech komesch ass, well wann irgendeen Soviet-Kitsch witzeg fennt, dann laache mer just an denken net un Gulag an Kirch. Dofir: méi laachen iwert Nazien.
Wann et elo demnächst op Youtube en Film ged, wou een Szenen aus „Der Untergang“ mat engem Text ennertitelt huet, wou den Hitler sech opreegt, well ech gesoot hunn, et soll een iwer Nazien laachen, dann sinn ech richteg stolz.

Irgendwann sinn dann déi knapp 150 Leit, déi ausser mir all en Prais kruuten, opgeruff ginn an mir kruuten all en Buch an d’Hand gedreckt. Och flott. Ech sinn frou iwer Bicher. Wéi ech Leit daat geziehlt hunn, hunn déi mech gekuckt wéi wann ech Lepra hätt. Aanersaits: wat hätt ech mat engem Bong fir Bensin ze kaafen gemaach?

Ech hu mech mat e puer Leit ennerhaalen, déi ech vu freiher kannt hunn. Mir waar opgefall, daat an der Bank och en Bild vum Joseph Beuys hänken géif. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Mir waar den Numm zwar bekannt, mä d’Bild huet am Fong wierklech just ausgesinn, wéi wann et Gekritzel wier. Emmerhin waar de Mann net esou wait gaangen wéi sai Kolleg an haat Feschsprenzen op en Blaat gepescht an e puer Stricher dobai gemolt. Op engem aanerem Bild waar d’Floss an en Zockerpäcken ze gesinn. Do waar een an de Restaurant an huet direkt zwee Konschtwierker draus gemaach, déi déi daitsch Bank voller Freed kaaft huet. Well irgendwou mussen déi vill Souen jo hinn.

Scho komesch. Mir sinn an der Krise an trotzdem kreien ech stänneg Praiser a Banken iwereegt. Mä , an daat ass bestemmt eng Auswierkung vun der Krise, et gouf just bellege Wain an Chipsen. Ech hätt mir kulinaresch dach e bessi méi erwaard. Op manst en Pain Surprise.

Irgendwann sinn mir dunn gaangen. Also, meng Bekannten sinn bei hiren 60PS-Auto gaangen, bei dem et anscheinend en Wonner ass, wann en 4 Leit transportéire kann an ech sinn – Ökohellegenschain verpflichtet – op de Bus gaangen. Ech hunn eng ganz Retsch vun Feiß ze gesinn kritt. Foussfetischsten hätte sech vlaischt gefreet, mä ech sinn net esou de Fan vun oppenen Blodderen. Aanersaits gouf et eng Persoun, déi en relativ flotte Tattoo um Fouß haat. Waat jo och eng interessant Plaatz fir en Tattoo ass, well net vill Leit se gesinn, ausser et ass een en Hippie an leeft emmer Buerfeiß duerch d’Geigend. Mä dann sinn se vlaischt emmer esou dreckeg, daat een den Tattoo awer net gesait.

Ech kruut alt erem Konscht- a Bauwierker um Kierchbierg erklärt. Scho komesch, wann Leit, déi vun enger Konscht-Sektioun kommen all meiglech Gebaier an Schrottskulpturen beim Numm a bei der Bedeitung kennen. Angscht a Schrecken sinn opkomm, wéi verschidde Leit an déi falsch Richtung gaangen sinn. Bio-Leit hätten net vill Ahnung vun Geo, huet et geheescht.

Mai Bus ass komm. Flucht.