Angscht a Schrecken an Holland

Wann een mat enger Premiere oder 13e färdeg ass, wat mescht een dann als gudde Letzebuerger? Et fiert een op Lorä. Eigentlech heescht déi Stadt am Nordosten vu Spunien jo Lloret de Mar, mä mir soe jo och „Parais“ a net „Paris“. An engem letzebuergeschen Wiederbuch géif Lorä wahrscheinlech EL OH ER ÄH geschriwen ginn. Wat den US-Amerikaner hire Springbreak, dat as dem Europäer sain Lorä. An well mir Letzebuerger jo all Virbildeuropäer sinn, fuere mir besonnesch gären op Lorä an saufen a fecken do ouni Hemmungen rondrem.


Mir hunn eis geduercht: Dat maache mir net a mir fueren mam Zuch duerch hallew Europa an hunn een total verreckten Trip. E puer Leit waar daat awer ze riskéiert an esou hunn mir an haarden Verhandlungen een Kompromess fonnt: Groede an Holland. Wann een also „een total verreckten an ongeplangten Trip duerch Europa“ an „mir fuern op Lorä fecken an saufen“ zesummenziehlt an duerch zwee deelt, kennt en klengt Nascht un der belg-hollänescher Grenz dobai raus. Wiesou och net, hunn ech mir geduercht, an Holland ginn et emmerhin méi legal Drogen wéi an Lëtzebuerg.

Direkt no dem leschten Orales-Examen sinn mir also gefuer. Ech souz an engem aalen 5er BMW an haat en Sixpack bei de Feiß léien. Mir sinn ongeféiher all 30 Minuten stoe bliwen, well irgendeen huet missen pissen an hunn och ongeféiher esou oft néie Béiervirrat mat no vir geholl. Buy the Ticket, take the ride. Keng Zait fir iwer irgendeppes nozedenken. D’Flucht no vir an zwou Richtungen: déi eng a Richtung Holland, déi aaner no uwen op der Promilleskala.

No dem mir also mat Hellef vun engem sattelitengesetzte Navigatiounsgerät zu Groede ukomm waaren, hunn mir och direkt eist Haus fonnt. Et waar wuehl eischter eng Zort Villa mat 8 Schlofkummern, 2 Buedzemmeren, 3 Toiletten an Satelitefernseh. Ech hunn eng Kummer beluecht an erausfonnt, daat et zwou Matrazen gouf. Eng, déi wahrscheinlech mat Gelatine gefellt war, esou mell war se. An eng zweet, normal haard, déi wahrscheinlech vill besser fir de Reck war, awer net esou deen gelatineise pseudowasserbett-Feeling hat.

Egal. Weiderdrenken. Alt nach eng Béier, dofir sinn mir jo héi. Den eischten Owend ass extrem laang gaangen, bis Veier Auer moies oder sou, inklusiv dem Versuch, Nuddelen ze kachen. Et ass schon esou ziemlech geféierlech, ze kachen, wann een voll ass, well et tendéiert een dozou, Saachen wéi Superbiomin (cf. Episod 89) ennert d’Essen ze meschen. Wann een dann och nach keen Salz huet an probéiert d’Nuddelen ze würzen, andeems een Béier an Chipsen an d’Wasser schedd, dann ged et richteg geféierlech. Dofir ass et am Beschten, et léisst een nëmmen ausgebildte Gonzojournalisten a -Fotographen den Job erleedegen. Déi sinn sou Saachen gewinnt an et geht der Welt op manst keen Déirendokter, Pilot, Schaffner oder Drogendealer verlueren, wann se beim Versuch stirwen, well d’Gasfläsch onkontrolléiert explodéirt an hier Gesichter herno ausgesinn, wéi wann een mat enger Méimaschinn driwer gefuer wier.

Den aaneren Moien sinn ech erwäscht an waar fuerchtbar dehydréiert. Irgendwelch Leit haate mech duerch hiert Geblärs erwäscht an irgendeen huet mir eng Béierfläsch an de Grapp gedreckt. Et soll een jo esou wéiderfueren, wéi een opgehaal hätt, da géif et engem och net schlecht ginn. Bei mir huet daat effektiv geklappt. Akaafe fueren, Grillen, Iessen, Pläng maachen fir den Daag. Mir wollten zu puer an eng greißer Staadt fir bessen anzekaafen. Also, Drogen déi, wéi ech just zur Secherheet nach eng Kéier erwähnen wollt, an Holland absolut legal sinn an déi mir och just do konsuméiren wollten. Ausserdem ass bei Angscht a Schrecken jo emmer alles erfonnt. En groussen Deel vum Grupp huet eis schief gekuckt an ass an irgendeen Nascht gefuer, wou et eng ganz Stross voll mat Sexshops ginn ass.

Mir sinn dunn eben a Richtung Coffeeshop gefuer. Awer net graad wait. Well dunn huet den aalen BMW ungefaangen ze stenken an d’Steierung ass net méi esou richteg gaangen.
Mir also un d’Sait gefuer an den ACL ungeruff.
Ech kéint ierch lo ziemlech genee déi 4 Stonnen, déi mir op den Mann vum holläneschen ACL, dem ANWB, den eigentlech en Velosfuerverband ass, gewaard hunn, beschreiwen. Mä ech denken net, daat dat irgendengem wärt notzen. Daat enzegt interessant, wat geschidd ass, waar eng Fraa, déi eis komeschen Orangejus bruecht huet.

De Mann vum ANWB huet du gemengt, den Auto wier futti a misst gefleckt ginn. Dat hätte mir eis nie dreeme geloss an hu vu Verwonnerung mol direkt missen e Béier drenken.Angscht a Schrecken sinn opkomm. Virun allem, wéi mir gemierkt hunn, daat net nemmen en fonkelnéien Kailrimm gerass waar, mä wéi de Mann och nach eng ofgebrache Pulli aus dem Motor gezunn huet. Wat waar nach alles doranner verstoppt? Een klengen Elefant vlaischt?

Nodeems mir erem an eiser Villa ukomm waaren an d’Leit minutelaang genervt haaten, huet sech endlech een erbaarmt an eis géint een Entgeld sain Auto geléint an mir sinn zu zwee an de Coffeeshop gefuer.

Irgendwéi mescht et mir dach schon e bessi Angscht, dat mir haut an enger Welt liewen, wou mir eis driwer opreegen, daat den Handy net innerhalb vun 2 Sekonnen eng Verbindung hierstellt, mir eis awer vu Sateliten guidéiren lossen, wéi wann et naischt wier. Verstidd mech net falsch: GPS ass een wonnerbare System an eng groußarteg Erfindung, mä d’Verhältnissmässegkeet stemmt eben net. Mä et kann een och ganz niichter sinn an sech soen, daat et no e puer Dausend Joer Menscheet och endlech Zait ged, daat een sech net méi stänneg verrennt.

Ob alle Fall hunn mir den Coffeeshop ziemlech direkt fonnt. Virun der Dir stoung en Mann, deen de Prädikat „Kleederschaaf“ op alle Fall verdengt haat. Hien huet eis eis Carte d’Identité gefroot an mir hunn eis Fanger missen op een komescht Fangeropdrockliesgerät leen. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Wann een bei eis Zigaretten oder Alkohol keeft, ged jo och net virdeischt per Fangerofdrock gekuckt ob een schon eng Kéier eng Staang zevill mat iwert Grenz geholl huet.

Angscht a Schrecken sinn opkomm. Egal, einfach ignoréiren. Dat ganzt waar an zwee Deeler angedeelt. Uwen de Verkaafsraum, ennen den Raum fir ze konsuméiren an en Orangejus ze drenken. Daat ganzt Gebai huet no Gras geroch. An der Zeitung géif stoen „ein süßlicher Geruch“. Ech wees et jo net, mä fir mech richt Zockerwatt seiß. Oder Schokola. Mä Gras?

Am Verkaafsraum hunn zwee Leit een komescht Spill gespillt, wou se mat flaache Spillsteng iwert den Bried geschoss hunn. Sie hunn ziemlech gelangweilt ausgesinn. Mir mierken: Dem engen sain Paradais kann fir dem aaneren een Refugium vun der Langeweil duerstellen.

An enger dreckeger brongwaisser Schuel huet den Typchen eis drai Gramm ofgewien an an eng kleng praktesch Tiitchen verpaackt. Mir hunn eis gefreet wéi zwee Spacecookies an sinn erem gefuer.

Ofdreiwen an aaner Welten. Ech waar ziemlech wait fort. Naischt gewinnt. Mat breedem Grinsen souz ech an eiser Villa, an där permanent Pornofilmer gelaaf sinn an hunn iwer all Blödsinn, deen irgendeen mir geziehlt huet, gelaacht. Ausserdem hu meng Aan sech onheemlech schnell hin an hier beweegt an ech hunn mech bessi gefillt wéi eng zefridden grinsend Buddhastatue. Keng Zait fir Angscht a Schrecken.

De Grupp huet dunn entschloss, fir op Knokke ze fueren. Knokke, daat ass eng Staat fir raich Bommen an Boppen, déi gären op enger Strandpromenande an enger klimatiséierter Glaskescht setzen an do iwerdéiert Moulen iessen.
Ausserdem ged et een Casino, an dem eng Disko ass. Mir sinn ongeféiher 3 mol iwer all Haaptstross gelaaf, iert irgendeen e Plang haat, wou en wollt higoen an wou net.

Angscht a Schrecken sinn méi a méi grous ginn. Mir waare mat engem holländschen Auto an der Belge, obwuehl mir en Haus an Holland haaten an hunn verzweifelt no enger Plaatz gesicht, wou mir einfach gemitterlech een Béier drenken konnten. De Recht vum Grupp haate mir schon hannert eis geloos, well Disko an engem Casino huet no vill ze vill Angscht a Schrecken gericht.

Mir hunn also eng Bar fonnt. Ganz gemitterlech. Just de Buedem luch voll mat Nessschuelen. Also, mat Cacachuettenschuelen. Angscht a Schrecken sinn erem opkomm. Virwaat luchen an enger Bar an der Belge Nossschuelen um Buedem? Géif daat zu Letzebuerg iwerhaapt goen? Oder géif d’Inspection sanitaire daat Etablissement mat engem Sondereinsatzkommando stiermen?

Ech stelle mir daat ziemlech gruseleg vir, wéi schwaarz vermummenten Gesondheetsinspektren duerch Fenstern an Dieren stiermen an alles mat antibakterieller Flessegkeet ofsprutzen an no all Raum „Room clear“ ruffen.

Egal. Schnell en Béier roof an vive erem an den Auto. Angscht a Schrecken sinn emmer méi grouss ginn. Mir waaren irgendwou an der Pampa vum belge-holländschen Grenzland. Angscht a Schrecken haaten mech. Wiesou den Café mat de Ness? Wiesou iwerhaapt Knokke? Wier et zu Lorä besser gewierscht? A virun allem: Wiesou sinn dauerend Pornoen an eiser Villa gelaaf?

Daat enzegt, waat elo nach gehollf huet, waar d’Flucht. An all méiglech Richtungen op alle méiglechen Skalen.