Angscht a Schrecken am Nuetsbus

Wann een esou driwer nodenkt, misst ech des ganz Serie am Fong embennen an „Angscht a Schrecken zu Wien“, well et gesait jo irgendwéi net esou aus, wéi wann et an nächster Zait vill Episoden aus Lëtzebuerg géif ginn. Egal, den Titel bleiwt. Wann daat léiten eng Fernsehserie wier, géif ech einfach behaapten, déi nächst puer „Seasons“ géifen eben zu Wien spillen an daat wier alles Deel vum Storyarc …


Leider ass Angscht a Schrecken nach keng Fernsehserie mat milliounenschwéierem Budget an glecklecherweis ged et keen Storyarc. Waat héi reportéiert ged, sinn eben déi Saachen, déi esou passéiren. Géint een milliouneschwéiere Budget hätt ech trotzdem naischt. Ech wéißt ziemlech genee, wéi ech en uleen géif. Nämlech an Audio-Equipement an Spezialeffekter fir d’real Welt. Dir wesst secherlech, waat domadder gemengt ass.

Zereck op Wien. Wéi déi meescht vu mengen Nolauschterenden secherlech wessen, ass Wien eng enorm grouss Stadt an där d’Liewen pulséiert. Baal wéi New York schléift Wien baal nie. Awer och nemmen baal.

Ech hunn oft een ziemlech onregelméissegen Liewens- a Schlofrythmus, sou daat ech dacks ob sinn, wann aaner Leit schlofen. Aanerersaits zwengt mech meng Professioun als Gonzojournalist, dach mol zu „normalen“ Zaiten ennerwee ze sinn, sou daat ech dann och heinsdo mol um zwou Auer moies erem heem well. Well den Daach ustrengend waar oder sou.

An esou een Daach gouf et delescht och. Et waar eppes rondrem zwou Auer moies an ech waar no engem eiwegen Gespreich bei Téi an enger Kichen bereed, fir heem ze goen. Ech sinn de Wee nach eng Kéier duerch gaangen, well esou kenneg sinn ech zu Wien dann awer nach net. Fir dann mat engem Kichelschen bewaffnet an de Lift ze klammen. Et waar een vun denen almoudege Lifter, déi ob all Stack eng Dier mat Fenster hunn, plus eng Dier an der Kabin, déi normal zougeht. Ech hunn gehofft, ech géif net laanscht eng Mordszen fueren an misst dann em mai Liewen laafen, well de Märder mech als Zeihen net gebrauche kéint.

Angscht a Schrecken sinn wahrscheinlech och mat dem Lift gefuer.

Komesch, wéi verschidden Saachen engem Angscht maache kennen, just well een den falschen Gedanken zu der falscher Zait haat. Mä esou Saachen passéiren dach relativ dacks. Mir op manst.

Ech also raus aus dem Haus, mol endlech e een Steck Kichelschen ofgebass an hu probéiert meiglechst séier Richtung Westbahnhof ze goen, fir do de Nuetsbus ze kréien.

Wien ass iwregens voll mat komeschen Wett-Spelunken, an denen een ennerhalb vun e puer Minuten all seng Souen an déi vum Noper verspille kann. Ech si laanscht esou een Etablissement getreppelt. „GRATIS W-LAN“ stoung do. Ech duecht: „Hmm, du kéins jo lo am Fong dai Netbook…“ Merde. Ech haat meng Posch vergiess.

Also emgedreint. Een Moment laang hunn ech mech gefroot, bei waat fir enger Schell ech lo misst schellen. Zum Gleck ass graad een Mann rauskomm, den mech immens komesch gekuckt huet, mir d’Dir awer opgehaalen huet. Wahrscheinlech géif hien lo an déi Wett-Spelunk um Eck goen an do all seng Souen an déi vu senger Nopesch verspillen.

Ech also erem an den onheemlechen Lift, emmer nach mam Kichelschen an der Hand. Zum Gleck waar déi Persoun, déi ech besicht haat, nach net am Bett a konnt mir nach opmaachen a mir meng Posch aushändegen.
Nach eng Kéier mam Lift erof. Des Kéier hunn ech probéiert, mech ob positiv Saachen ze konzentréiren, fir net erem irgendwelch Gedanken un Bludd, Gemetzel an zoufälleg verdeelt Getraips ze hunn. Ech hunn daat lescht Steck vu mengem Kichelschen giess an sinn ziemlech séier eraus gaangen.

Déi ganz Emgéigend waar ziemlech lusch. Net nemmen déi obskur Wettspelunken, mä den ganzen Quartier mat senger komescher Meschung aus Heichglanzjugendherbergen, dreckegen Cafén an Wannabe-Akaafsstrossegeschäfter. Zousätzlech war ech mat de Wierder „Wann der eppes ugebuede ged, so nee.“ gewarnt ginn. Woufir, wosst ech net genee.

Gouf et hei an der Geigend eng Usammlung vun Drogenverreckten an Dealerinnen, déi mech mat hiren Produiten belästege géifen? Oder huet meng elo schloofend Bekanntschaft eppes nach méi schlemmes an ekleges gemengt?

Angscht a Schrecken hunn sech erem gemellt. Ech si méi séier gaangen an hu probéiert, mech esou genee wéi méiglech un den beschriwene Wee ze haalen. Nët, daat ech nach géing méi laang wéi néideg duerch déi onheemlech Géigend héi misst trëllen.

Irgendwann hunn ech de Westbahnhof ereecht. Um Arret stoung schon een Bus, deen awer net gefuer ass. Donierwt stoung ee Grupp vu Leit, déi sech op Englesch ennerhaalen hunn. Oder eischter op Amerikanesch. D’Welt ass kleng, well d’Mamm vun der enger Persoun waar mol mat dem berühmten Skileefer Esouanesou zesummen, an deen kennt natirlech all Mënsch an den USA.

Ech hu mir d’Fro gestallt, ob déi Leit wirklech esou haard geschwaat hunn oder op meng Wahrnehmung, déi jo momentan virun allem Daitsch oder Eisterraischesch héirt, just op daat daach relativ ongewinnt Amerikanesch méi empfindlech reagéiert huet.
Irgendwann ass de Bus dunn komm. Komescherweis méi fréih, wéi et um Horaire stoung, mä dorobber kann een sech jo souwiesou net oft verlossen, wéi ech als Gonzojournalist jo wosst.

Den Nuetbus ass meeschtens iwerfellt, besonnesch op Strecken wéi déi rondrem den Gürtel, déi grouss Schnellstross duerch ganz Wien, déi déi bannescht Bezierker vun den bausseschten trennt. Am Daach fiert d’Ubahn direkt een Deel vum Gürtel, an déi ass schon oft iwerfellt. Wann elo also an der Nuecht Busser op esou enger Streck fueren, déi esou vill Verbindungspunkten no bannen an no baussen hunn, ass et normal, daat déi total iwerfellt sinn. De Nuetsbus N6 ass genee esou eng chronesch iwerfellten Linn.

Mir alleguerten brauchen e bessi Léift, Wärmt an menschlecht Beineen. Heinsdo ass et awer vill ze vill. An dem Bus waar daat esou. Mat verschiddenen Leit brauch ech net onbedengt eng Kuschelronn, virun allem net, wann déi fuerchtbar voll sinn.

Nirwt mengen Amerikannerinnen, déi sech iwert déi wéider Owendgestaltung ennerhaalen hunn, waaren och nach vill aaner Leit am Bus. Zwee Männer mettleren Alters hunn sech duerch besonnesch geeschtraisch Kommentaren hervirgedo hunn.

Et versteet een kaum, wéi sech Leit doriwer beschwéire kennen, daat iwer Twitter, Facebook an esou wéider ze vill Informatiounen vun sech prais géife ginn, wann sech am Bus Léit haard iwert hier Geschlechtsdeeler an hiren Harndrang ennerhaalen.
„Na, wenn du wüsstest, was mein kleiner Mathias gerade denkt!“
– „Der will raus?“
„Der schreit: „Hiiiilfeeee, ich will rauuuus!“
Angscht a Schrecken.

D’Amerikannerinnen waaren dann erem zimlech haard, hunn vun hirer Heemscht geziehlt an sech ausgetosch. Normalt Gespreich, just e besseli haard. D’Wiener sinn jo leiwer roueg am öffentlechen Transport. Meeschtens esou roueg wéi wa graad irgendeen gestuerwe wier. Dacks féiert daat dozou, daat verschidde Leit immens opfaalen. Meng zwee Helden hunn sech, nodeems d’Amerikannerinnen iwert North Dakota geschwaat hunn, erem zu Wuert gelallt:
„Wo liegt eigentlich North Dakota?“
„Na nördlich von South Dakota!“
Hilarité génerale ennert dem 2-Persounen-Fuesgrupp.
Angscht a Schrecken heich zwee.

Firwaat hunn déi Vollerten iwert hier Genitalien geschwaat? Waat sollten all déi lusch Wettspelunken? Wiesou huet deen Lift esou onheemlech gewierkt? Firwaat ged et keen Milliounebudget fir Angscht a Schrecken?Wiesou waar main Kischelschen esou séier giess gewierscht? Wiesou waar et héi am Bus esou voll? Waat waar „Mathias“ fir een Numm fir een Penis? A virun allem: Wou lait North Dakota wierklech?

Zum Gleck waar de Bus schon beim AKH.
D’Flucht huet net méi laang op sech waarde geloss.

One thought on “Angscht a Schrecken am Nuetsbus

  1. Ech hunn haard missen laachen. Genial Folg.

    “Wenn du wüsstest, was mein kleiner Matthias gerade denkt.” ROFL

    (North Dakota läit wierklech nördlech vu South Dakota, am Midwest, un der Grenz zur kanadescher Provënz Manitoba.)

Comments are closed.