Angscht a Schrecken am Zuch vu Münster op Wien

Samschdes moies. Ech erwächen deshydratéiert an zimlech futti an engem friemen Bett.
Ech kucken op d’Auer. Et ass vill ze fréi. Ech kann trotzdem net méi schlofen a beschléissen, den Zuch méi fréi ze huelen, wéi ech geplangt hat.


Ech sinn zu Münster, wou ech – alt erëm – eng Liesung hat. Wéi erwaart war den Owend zimlech fiicht-fröhlech ginn. Ech wonnere mech, wisou soss keen an der Wunneng ass. Mäi Gastgeber ass wuel nach ëmmer ënnerwee.

Ech sinn also opgestanen, hunn e bëssi torkelnd e puer Schrëtt duerch d’Kummer gemaach, sinn op d’Toilett gefall an hu mir déi nächst Schrëtt iwwerluecht. Ech sollt wahrscheinlech am Beschten eppes drénken, dann meng Siewesaache zesumme packen an op d’Gare trëppelen.

Een Schrëtt nom aneren, schéi lues, fir de Kierper, deen ëmmer nach mat den Vergeftungserscheinungen kämpft, net ze iwwerfuerderen.

En dräivéirel Stonn méi spéit stoung ech op der Gare zu Münster. Ech hat mech ënnerwee mat e bëssi Proviant agedeckt, deen fuerchtbar deier war an wahrscheinlech mol net een hallwen Daach géif halen. Op mannst wosst ech, dat zu Wien eng Noutfallpizza am Tiefkühler géif waarden.

Eng Noutfallpizza ass eng vun deenen schrecklechen Tiefkühlpizzen, déi net vill kaschten an awer e bëssi sat maachen. Am beschten sollt een ëmmer eng bis dräi vun deenen am Tiefkühler hunn, fir wann een moies um 4 voll awer hongereg heem kennt oder een mierkt, dat et Sonndes virun enger Woch vu lauter Feierdeeg ass an een näischt méi ze kachen am Haus huet.

Um Quasi stoungen nieft mir eng Rëtsch aner Leit. Dorënner och eng Reesgesellschaft déi mat engem Cageot Béier gereest ass. Angscht a Schrecken sollten also och mam dem selwechten Zuch fueren, wéi ech. Wéi Recht ech domadder sollt hunn, wosst ech nach guer net.

Wann ech Leit gesinn, déi moies schon drénken, weess ech ni sou richteg, wat ech dovunner halen soll. Engersäits huet et heiansdo eppes, sech e bëssi asozial opzeféieren. Heiansdo ginn et och gutt Grënn, fir moies schon ze drénken, zum Beispill, well een den Daach soss net packt. Méiglech Ulass fir esou Verhalen sinn Kommuniounen, Hochzäiten, Pressekonferenzen oder d’Gebuert vun engem Kand oder engem klengen Kannegschen.

Anerersäits ass et zimlech eekleg, wann een moies, just aus dem Jum eraus, matkritt, wéi aner Leit schon erëm ufänken an wahrscheinlech bis spéit owes net wäerten ophalen. Dat sinn Saachen, déi ech ni sou wierklech verstoen wäert.

Ech hu mech also an den Zuch gesat, zum Gléck och zimlech direkt eng Plaatz kritt. Wat ouni Reservatioun jo ëmmer sou eng Saach ass. Anerersäits mëscht grad dat et jo spannend. Wann een ëmmer direkt eng Plaatz kritt an opgereegt no enger siche muss, wou bleift dann do d’Spannung?

Den Zuch ass kaum fennef Minutte gefuer, do ass een zimlech lusche Mann froe komm, ob mir him net kéinte Sue léinen. Ech hat zwar Suen dobäi, mä esou wierklech gleewen, dat ech se erëm kritt, wann seng Frëndin géif eran klammen, wollt ech net. E puer Minutten duerno ass en vun der Schaffnerin zur Sau gemaach ginn. Angscht a Schrecke sinn méi grouss ginn. Waren d’Leit dann all verréckt ginn an dem Zuch?

Ech hu probéiert, een Buch ze liesen, wat mir eng Persoun vum Radio ARA eng Kéier fir de Gebuertsdag geschenkt hat. Et ass vum Neil Postman an heescht „Die zweite Aufklärung“. Den Neil Postman schwäermt vum 18. Joerhonnert an fënnt alles gutt, wat deemools war. Wéi de Neil Postman geschriwwen huet, d’Internet wier blöd, well hien näischt interessantes doranner géif fannen, hunn ech opgehalen, et ze liesen. Iergendwann wier mir vilaischt no Leit, déi komesch Meenungen hunn an een Buch doriwwer schreiwen, mä haut war dem net esou.

No a no si méi Leit erageklommen, déi entweder scho voll waren an/oder Alkohol mat sech geschleeft hunn. Fussballfans. Anscheinend Fans vun Werder Bremen. Iergendwann huet een Schaffner eng Duerchsoe gemaach, dat sech all d’Fans vun dem Verrain an dem an dem Wagon géifen treffen. Angscht a Schrecken si méi grouss ginn. Ech wosst net esou richteg, wat ech dovunner sollt halen. Besoffen Fussballfans sinn ongeféier esou geféierlech wéi een Glas Nitroglycerin am Epizenter vun engem Äerdbiewen mat der Stäerkt 9 op der no uewen oppener Richterskala.

Ëmmer erëm sinn Leit op d’Toilett getierkelt oder sinn mat engem Krou, an dem iergendeng gëftgréng Flëssegkeet waar, duerch de Gang laanscht mäin Abteil getrollt an hunn dobäi haart gelallt. Ech hätt léiwer mam Rastamann a mam Toni eng Partie Kaart gespillt wéi deenen Leit no ze kucken.

Iergendwann, d’Sonn huet duerch d’Fenster a mäin Abteil erageschéngt, sinn ech agedämmert an hat méi oder manner sexuell Dreem. Mat hallef zouenen Aen hunn ech d’Wainbierger kuerz virun Koblenz bewonnert an mir gesot, dat ech lo am Fong guer net esou wäit vu menger „Heemecht“ wech wier.

Olé-olée…
ob een Schlag sinn ech erwächt. Eng Polonaise vun besoffenen Fußballfans, déi all net méi riicht goe konnten an duerch den enke Gang getrollt sinn, ass laanscht mech gezunn.
Angscht a Schrecken hate mech.

Wat sollt dat ganzt Gesëffs? Wéi géifen déi Leit de Match iwwerhaapt nach usazweis matkréien? Firwat fiert een esou laang mam Zuch, fir dann dach just voll ze sinn? Wat war déi gréng Flëssegkeet?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef hätt, wier d’Flucht gewiescht.
Mä wéi soll een an engem Zuch flüchten?
Ech hu probéiert, mech op schéin Saachen ze konzentréieren. Atombombenexplosiounen. Horrortripps op experimentellen Drogen. Volleksmusek. Meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken sinn ënnert dem Setz erausgekroch…

Zum Gléck ass den Zuch stoe bliwwe. Anscheinend war de Match zu Koblenz. Oder déi total besoffen Fussballfans hunn hei missen ëmsteigen. Ech wosst et net. Mir war et och egal. De Schaffner huet mat aller Méi misse kämpfen, fir och déi läscht vun deenen Vollerten aus dem Zuch ze kieren, déi lallend op de Quai getrollt sinn …