Angscht a Schrecken an der Haaptstad vun der Steiermark

Während doheem am Grand-Duché nom Versoe vun der Tripartite de komplette Chaos entstanen ass an nach ëmmer keen doriwwer geschwat huet, dat sech d’Lëtzebuerger_innen am Krich befannen, hunn ech mech fir d’Flucht och aus Wien entscheet. Wann den JCJ national zu Bréissel mat extrem komesche Cravattemustern Griichenland an den Euro rette kann, kann ech mir och eng Auszäit gënne. Wéi an all gudder urbaner Persoun huet sech bei mir de Wonsch no Idyll, Rou a Natur bemierkbar gemaach. Dat heescht, ech wollt an d’Pampa.

Mir hunn eis zu puer ob de Wee no Graz gemaach. Graz ass d’Haaptstad vun der Steiermark, am Süde vun Éisterräich. 100 an e puer Zerquetscht Quadratkilometer Fläch, Awunnerzuel 260.000. Also dat, wat een also Grousstädter esou als Pampa ugesäit …


Mir haten do een immens konstruktivt an ustrengend Seminar an engem eemolegen Architektebüro. Wat een virun allem doru gesinn huet, dat virun der Dir een Schëld op dem „ARCHITEKT“ stoung, houng an iwwerall Biller vun escheresquen architektonesche Konstruktiounen houngen. Ausserdeem houng eng al Kaart vun der Belge do. Dat wollt esou ganz a guer net passen, huet mech awer drun erënnert, dat ech net mol wosst, ob d’Belge iwwerhaapt nach een Land wier oder ob et net villäicht schon zu biergerkrichsähnlechen Zoustänn komm wier, bei deenen d’Land sech separéiert hätt.

Ech wier jo dofir, een Deel vun der Belge ze kafen. De Grand-Duché kéint dann endlech kulinaresch Spezialitéite wéi Fritten a Schokla exportéieren. An elo, wou keen d’Wallonie well, kéint een dat sécherlech zimlech bëlleg kréien. Ausserdeem wier Lëtzebuerg da sengem éiwegen Ziel, endlech erëm Mier ze hunn, méi no. Ech si jo der Meenung, dat de Wahlsproch „Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“ am Fong just aus Respekt virun den belgen Nopere gewielt ginn ass. A Wierklechkeet wollten se bestëmmt „Wann d’Belge net wier, hätte mir Mier“ huelen.

Mä zeréck op Graz. Eise fréieren Architektebüro louch vis a vis vum Stadtpark. De Stadtpark ass eng breet gréng Sträif matzen an der Stad. Eng fein Saach, well een net nëmmen eng flott Vue ob de Park haat, mä och schnell emol am Gréngen ausspane konnt.

Iergendwann war et owes, déi éischt puer Fläsche Wäi ware schon eidel a mir hu beschloss, eis nach e bëssen an de Park ze setzen an do gemitterlech ze chillen. Eng kuerz Zäit laang ass och de Plang gefall, bei eng ominéis Persoun mam Numm „Fuchsi Fuchs“ op de Gebuertsdag ze goen. Wann dat de richtegen Numm vun der Persoun war, hunn ech mech gefrot, wéi konnt een nëmmen esou grausam sinn a seng Kanner esou nennen?

Mir also erwier an de Park, e bëssi getrëppelt, laanscht eng ganz Réi vu Leit, déi am Park souzen, gedronk, gekifft a gechillt hunn. Normal Jugendsubkultur, déi eben owes sou am Park sëtzen. An Éisterräich ass dat nämlech net wéi a Lëtzebuerg, wou „am Park sëtzen“ fir déi meescht Leit wéi eppes klengt, wat just Assien an Drogenverreckter maachen.

Op een Mol si mir laanscht ee Café komm, den „Parc House“ geheescht huet. Zwee voll Meedercher stounge virdrun an hunn iwwerdriwwen Discobewegeeungen gemaach. Ech hu net richteg verstanen, wisou een eng Disco mat esou engem schrecklechen Numm an esou ee schéine Park setzt. Angscht a Schrecke waren also och an der schéiner Steiermark präsent.

D’Idee ass op komm, dach ob den Schlossberg ze goen. De Schlossberg ass een klenge Bierg oder groussen Hiwwel, ob deem een Tuerm mat enger Auer steet. Klengt net esou immens spannend, mä ech hu mir verséchere gelooss, dat et sech géif lounen, den Wee bis erop ze maachen. Ech hu mech kuerz gefrot, wat ee „klenge Bierg“ fir éisterräichesch Verhältnisser wier, wëll ech do schonns ganz lusch Erfahrunge gemaach hunn. Esou huet d’Bezeechnung „Bierg“ fir eng fir mech riseg Erhiewen mat Fielsen an Schnéi uewen drop d’Eingeborene hei just immens zum laache bruecht. Wahrscheinlech géif ech een Sauerstoffgerät an Klottergeschier brauchen, fir den Schlossberg ze erklimmen. Wisou een een Tuerm mat enger Auer ob esou een groussen Hiwwel baut, verstinn ech och net wierklech. Angscht a Schrecken.
Mir also an der Däischtert een klenge Foussgängerwee aus Serpentinen erop.
Ech hunn zu menger grousser Iwwerraschung festgestallt, dat de Wee ob de „Bierg“ och just esou wäit war wéi vum Péitrussdall an d’Uewerstad. Och hunn ech keng speziell Ausrüstung gebraucht.

D’Vue uewe wat flott, och wann ech déi Geschicht mam Aurentuerm nach ëmmer net ganz verstanen hunn. Ech sinn och der Meenung, dat d’Ziffereblaat ganz einfach vill ze kleng ass, fir daat do iergendeen vun ënnen aus der Stad eppes erkennt. An fir all Kéiers de Bierg erop ze rennen, wann een d’Auerzäit wësse wëll, do gëtt een jo total blöd dobäi.

Et war och eng kleng Maierchen do, fir dat een net erof fällt. Direkt hunn sech Leit drop gesat. Mir gëtt et bei esou Saachen dann ëmmer direkt zimlech schlecht. Ech kann net gesinn, wann Leit no um Ofgrond turnen an ech mir all Moment erwaarden, se géife geschwënn erof falen. Virun allem dann, wann et riicht erof geet an een sech keng Hoffnung maache kann. Wann een e puer Meter riicht rof ob Fiels oder Pavé fällt, kennt een ënnen héchstwahrscheinlech als bluddege Bräi un.
Ech hu jo bei esou Saachen net primär Angscht ëm mäi Liewen, mä éischter dat mäi Brëll rof fale géif. Dat ass eng zimlech schrecklech Visioun. Ech géif näischt méi gesinn an misst 20 Meter méi déif hallef blann no mengem Brëll sichen an hoffen, dat en wéi een Wonner nach ganz wier. Eventuell sollt ech mir een Brëll mat esou enger Schnouer kafe, wéi vill al Leit een hunn. Da kann een héchstens nach bis op meng Broscht falen. An ech kéint dofir Angscht ëm mäi Liewen hunn.

Ech krut dunn nach d’Geschicht erzielt, wéi een Kolleg seng Höhenangscht iwwerwonnen huet. En ass eng 25 Meter héich Fielswand erof gesprongen. An een Séi. Wëll ënnen am Waasser Leit mat engem Elektroboot laanscht gefuer sinn, déi hien zoufällegerweis kannt huet. Eng Saach, déi een iwwregens nëmme mat Wasserschlappen maache soll, soss rappt een sech beim Antauchen d’Féiss op. An deemno wéi knaschteg d’Waasser ass, kann een duerno nawell ganz uerg Entzündungen hunn.

Iergendwann hate mir dunn keng Loscht méi, ze fäerte mir géifen eroffalen an dem Dues (och Dachs genannt) nozekucken, wéi en sech duerch déi uerdentlech an schéin arrangéiert Blumme gewullt huet. No enger kuerzer Diskussioun hu mir eis fir den bësse méi laange Wee entscheet, deen awer dofir méi schéi wier.

Zu de Kläng vun enger Ukulele si mir Trapen erof an de Stadzentrum vu Graz gaangen. Eise lokale Guide huet eis virgeschloe, eis dach nach d’Mur-Insel unzekucken. D’Mur ass de Floss, deen duerch Graz fléisst an d’Mur-Insel ass een Konschtprojet. Och Graz war mol Kulturhaaptstaad vun Europa, dh. Sie hunn dat gemaach, wat mir meeschtens „Kulturjoer“ nennen. Deemools hunn se eng Insel an de Floss gesat. Natierlech huet dat ganzt net esou geklappt, wéi et sollt. D’Insel schwëmmt net a steet op hydraulesche Stelzen. Amplaz dat se wéi geplangt Konzerte drop organiséieren ass just een Café dran, deen net esou gutt besicht ass. Angscht a Schrecke sinn mir an meng entsaten Aen gesprongen, wéi mir déi neonblo Luuchten op der Mur-Insel opgefall sinn.

Mir si wéider gaangen an hunn duerch iergendwellech komesch Zoufäll een zimlechen Ëmwee duerch Graz gemaach. Nach dozou ware verschidde Membere vu menger Reesgrupp esou opgedréit, dat se bei all Klooterwand, Rutschbahn, Dirndelgeschäft an iwerliewensgrouss Kuckucksauer stoe bliwwe sinn. Nach dobäi ass de Numm „Fuchsi Fuchs“ ëmmer méi oft gefall. Ech
huelen un, de Fuchsi Fuchs ass esou eng Art éisterräicheschen Toni. Eng ominéis Persoun, déi et zu enger Hallewprominenz gepackt huet an ville Leit een Beispill ass. Fir déi eng ofschreckend, fir déi aner een Held.

Angscht a Schrecken hate mech. Firwat gouf et och zu Graz, nach Joere nom Kulturjoer, neonblo Luuchten? Wat sollt de komesche Café am Park? Wisou hänkt an engem Grazer Architektebüro eng Kaart vun der Belge? Firwat baut een eng Auer op engem Bierg? A virun allem: Ween ass de Fuchsi Fuchs?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. An déi sollt eng laang sinn. Virun allem dann, wann een am Zuch nierwt enger Persoun setzt, déi lusch Disneyfilmer kuckt, déi wierke wéi eng infaliséiert Versioun vu Lord of The Rings …