Angscht a Schrecken um Helleg-Geescht Plateau

Wann een als Gonzojournalist ëmmer ënnerwee ass, ass et wichteg, seng sozial Kontakter ze fleegen, wann een erëm do ass. Dat mëscht een dann am Beschten wéi eng Dampwalz mat engem Formel1-Motor: séier an ouni Gnod.

Ech souz zu dem Zweck mat genannten Kontakter op enger Terasse vun engem Café onwäit vum Helleg-Geescht Plateau. Mir hunn op eist Zesummentreffen no esou laanger Zäit geprost an allerlee Geschichten erzielt. Esou, wéi een dat eben esou mëscht.

Dat ass eng angenehm Säit um Jetsetterliewen, et kann een dacks „REUNION“ féieren. Interessant dorunner, Leit net all gudden Daag ze gesinn ass och, dat een sech dann eppes ze zielen huet. Virausgesaat, et huet een net schon all Blödsinn op soziale Netzwierker wéi Facebook un déi onintresséiert Ëffentlechkeet posaunt.

Ech si net per se géint sozial Netzwierker. Ech benotzen selwer immens vill vun deenen Siten, sinn dacks op Facebook, twitteren relativ vill an hu scho gebloggt, do wosste vill Leit nach net, wat een Modem wier. Trotzdem hunn ech Leit eppes ze zielen, wëll ech net all Kéiers en Message schreiwen, wann ech op d’Toilett ginn. Am Fong schreiwen ech just dann Messagen iwwert d’final Phas vu menger Verdauung, wann dat op der Toilett vun engem Heichgeschwindegkeetszuch geschitt.

Zum Gléck souz ech mat Leit zesummen, déi genee esou een verstännegen Emgang mam Internet wéi ech hunn. Villäicht sinn se esouguer nach e bëssen méi verstänneg an schreiwen näischt, wann se bei 250 km an der Stonn schäissen.

Iergendwann ass an engem Haus um Helleg-Geescht Plateau Kaméidi komm. Oder éischter: vun der Terasse vun dem Haus ass Kaméidi komm. Mir hu net laang gebraucht fir eng heterosexuell Koppel, déi sech allem Uschäin no zimlech gären haten. Esou koum et, dat den Typ säin Hiem ausgedoen huet. Oder éischter: En krut et ausgedoen. Ech weess net, ob si sech bewosst waren, dat se géifen beobacht ginn.
Angscht a Schrecken sinn kuerz opgeflaamt. Wann een eng Terasse um 5. Stack vun engem Appartementshaus an der Uewerstad huet, rechent een dann net domadder, dat Leit kéinten rop kucken, während een selwer mam Virspill beschäftegt ass?

Et sollt alles nach e bëssi méi louche kommen.
De Kaméidi ass méi haart ginn. Leit hu Kreesch gedo, aaner Leit erop geruff an mat schicken Cocktailglieser gewenkt.
Dat do war keen Koitus am Fräien, mä eng Party. Mat wahrscheinlech Koitus am Fräien. An wéi et ausgesinn huet, waare net zwou Persoun dorunner bedeelegt.

Nirft mir hunn d’Leit iwwer Sex mat Vampiren sinnéiert. Ech froe mech jo, wiesou esou seelen iwwert Sex mat Werwëllef riets gett. Ech wees jo net, mä dat stellen ech mir e bessen méi interessant fir. Also, besonnesch fir Leit, déi Schwellkierper an domadder Blutt bei hirem Akt interessant fannen. An dat sinn der jo awer net wéineg.

Elo hunn d’Leit vum Balkon ugefaangen, d’ Passanten ënnert hinnen ze ruffen. Wahrscheinlech hunn se Obszönitéiten an ironesch Aluedungen gebläert.
Mech huet zu dem Zäitpunkt gewonnert, dat nach keen vun der halwer Millioun Blockwarten aus dem Grand-Duché d’Police geruff hat. Villäicht war awer grad Tour de France an Léit déi 5000 Kalorien am Daag verbrennen an déi natierlech just a Form vu Nuddelen an Banannen zou sech huelen AN och nach zoufällegerweis aus Lëtzebuerg kommen hunn irgendwéi gewonnen oder esou eppes.

Angscht a Schrecken hate mech. War ech mëttlerweil schon esou prüd, dat mech e puer hallefplakeg Leit ofgeschreckt hunn? Oder waar et den blannen Hedonismus, deen déi Gestalten an hirer haarder an vulgärer Art a Weis propagéiert hunn? Wat war esou faszinéierend un Sex mat Vampiren?
A virun allem: Wosst de Luc Frieden, wat net wäit vu sengem ehemolegen Büro géif passéieren?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet war eng Glace iesse goen …