Angscht a Schrecken virun, bei an no enger sportlecher Groussveranstaltung

Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d’Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d’Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, verléiere géifen.
An elo huet den Grand-Duché dann och seng sportlech Héchstleeschtung gehat …


„Eisen Andy“ huet d’Tour de France gewonnen. Oder bal. Wann ëm d’Kette net erofgespronge wier. Hätt de Schiedsrichter de Goal vun England gesinn, wiere déi haut Weltmeeschter. Oder wéi mäi Papp géif soen: Hätt den Hond net geschass, wier ech net dran getrëppelt.
Ob alle Fall huet een dräi Woche laang dauernd Geschichten vum „Andy“ héieren. Ouni Familljennumm. A wann ech net direkt wosst, vu wat fir engem Andy do riets géif ginn, sinn ech komesch gekuckt ginn. Den Andy, eisen Andy, wéi wann d’Leit vun engem Hond géifen schwätzen, den sech ni un der Konversatioun bedeelegt, mä ëmmer iergendwéi präsent ass.

A wat mëscht een mat nationalen Helden, déi bal gewonnen hätten?
Richteg, et organiséiert een eng extra Course, déi si da gewannen kennen. Dat ass e bëssen esou, wéi wann een den Astronauten vun Apollo 13 ee klenge Mound aus Papier-Maché gebaut hätt, op dem se dann am Plaatz hätte kéinten landen. Eng Konfettiparad hätt et am Fong och gedoen. Iwwerhaapt ginn et wéineg Konfettiparaden méi. Villäicht läit dat och dorun, dat et zu Lëtzebuerg net vill Stroossen mat héijen Haiser gëtt, aus deenen een Konfetti kéint werfen.

Ech wollt bei der Course net dobäi sinn. Ech hunn wéineg Interessi fir professionellen Vëlosport an un nationale Gefiller sinn ech nach vill manner interesséiert. Angscht a Schrecken sinn opkomm, wéi ech mam Bus duerch d’Avenue de la liberté gefuer sinn. Do ass schon opgeriicht ginn. Deck Kabelen an Lautsprecher iwwerall an gefillte 20 Gefréiss- an Gedrénksstänn. Iwwregens ginn fir esou Veranstaltungen haut keng Leinwänn méi gelount, mä et kennt een Camion, an dem sengem Bauch een giganteschen LCD-Bildschierm stécht. Kann een lounen.

Ech stelle mir dat zimlech praktesch vir. Et ass een dobaussen, beim Grillen oder sou an mierkt dann, dat een eng wichtegt Televisiounssendung wäert verpassen, well d’Fierkel nach op mannst 3 Stonnen brauch an den Tatort awer schon an enger Stonn kënnt. Eng telefonesch Ënnerhalung méi spéit ass den Camion schon ënnerwee an bréngt den Tatort 5 mol 5 Meter op de Camping. Eventuell kéint een dat och nach mat engem Helikopter kombinéieren. Esou eng Art „Air Rescue“ fir wichteg Televisiounsprogrammer.

Ech hunn also eng super Radiossendung gemaach mat menger beschter Frëndin, dat de Nolauschterer net onbekannt ass an engem Mataarbechter vum Radio ARA, den net eisen London-Korrespondent ass, mä normalerweis zu Cardiff an Wales setzt.
Duerno gouf et keng Gaardebounen oder Huesenziwwi, mä een Schoki am Bistro de la Presse. Iwwert den Bistro an seng zimlech süchteg wierkend Clientel hunn ech jo schon dacks geschwat. Dës Kéier souzen net wäit wech vun eis eng Saufgemeinschaft déi deelweis esou penibel voll waar, dat se de Numm vun dem Gedrénks, wat se bestallt hunn, net méi ausgeschwat kruten. Een vun deenen louchen Gestalten huet déi ganzen Zäit haart gebläert. Eng zimlech onangenehm Noperschaft.

Mir hunn eis vun der Madame getrennt an sinn fierchterlech deieren Sushi iesse gaangen. e war allerdéngs och fierchterlech gutt, esou dat et sech eventuell och gelount huet. Ech kann dat jo schwéier aschätzen. Virun allem awer wollt ech eppes: Zäit eriwwer kréien, fir net um Heemwee an eng fanatesch Mënschemass voller Nationalgefiller ze lafen, déi engem méiglecherweis just duerch chemesch Hëllefsmëttel esou-just-net Tourgewënner géif nokucken. Angscht a Schrecken sinn alleng bei dem Gedanken dorunner schon opkomm. Wien weess, wat fir Zoustänn ech all Joer kréien, wann ech d’Braderie muss erdroen, kann sech virstellen, dat ech léiwer a Clausen gaange wier, wéi mir deen Evenement unzedoen.

Mir stoungen dunn also op der Bushaltestell an hunn op een Bus gewaart, deen eis géif op d’Gare bréngen. Et huet natierlech zimlech laang gedauert, bis iwwerhaapt mol een komm ass. Sinn net nach virun e puer Méint Tafelen versprach ginn, ob deenen elektronesch ugewise géif ginn, wéi laang de nächste Bus wouhinner nach brauch?

Angscht a Schrecken sinn opkomm wéi de Bus kuerz virun der néier Bréck ofgebéit ass. Op der waren nämlech zwee Ballonen. Keng Loftballonen, mä Heißluftballonen. Wisou een bei enger Vëloscourse Heißluftballonen brauch, kann ech mir beim beschte Wëllen net denken. Angscht a Schrecken. Op mannst misst ech net duerch all déi Leit lafen. A wann ech Chance hätt, géif ech mäin Zuch villäicht nach kréien.

Ech hat Chance. Mä den Zuch war erstaunlech voll. Voll mat Famillen mat klenge Kanner, déi Fändelen mam roude Léiw oder Loftballonen mat Reklamm oder béides am Grapp haten.
Meng zwee al Bekannter Angscht a Schrecken hunn sécherlech och een Ökohellegeschäin, esou oft wéi ech hinnen am Zuch begéinen.

Leit hunn sech opreegt, dat net vill Plaatz am Zuch wier. Obwuel si selwer eng Sëtzplaz haten. Et hätt een jo kéinten een Wagon méi drun hänken. Dat ass natierlech net falsch, anerersäits ass den speziellen Zuch an d’Belge gefuer an den Leit vun der SNCB war dat sécherlech egal, dat verschidde Leit fir déi éischte Kéier am Joer mam Zuch gefuer sinn, well eisen Andy jo bal gewonnen hätt an esou.

Angscht a Schrecken haten mech. Wien war „den Andy“? Wisou gouf et keng Konfettiparad? Firwat brauch een Heißluftballonen bei enger Vëloscourse? A virun allem: wéi ass d’Nummer fir deen groussen LCD-Schierm ze léinen?

Näischt méi huet gehollef. Fir déi nächst hallef Stonn war ech agespaart mat villen Vëloverreckten mat Nationalgefiller …