Angscht a Schrecken am Metal-Ennergrond vu Wien

Et gëtt Platzen, op déi geet een net esou oft. Och als Gonzojournalist net. Dat läit net dorunner, dat en grondsätzlech desinteresséiert wier, mä éischter dorunner, dat ee meeschtens aner Preferenzen huet. Als Jugendleche sinn ech gären op Metal-Konzerten gaangen. Dat huet ënnert anerem och doru geleeën, dat et bei mir an der Geigend soss kaum Konzerten gouf. Ech hat Kollegen deenen déi Musek och gefall huet an mir goufen all puer Woche vun eisen Eltren op esou „Festivals“ gefouert, déi meeschtens am Keller vun iergendengem „Centre Cultrel“ waren …


Esou kann ech wuel behaapten, dat ech e bëssen en Abléck hat an d’Metal „Szene“. Op mannst am Norde vu Lëtzebuerg. Dat ass net vill, mä ëmmerhin. Meeschtens ass et do esou ofgelaf, dat Bands gespillt hunn an d’Leit dann ugefaangen hunn, aneneen ze sprangen, ze pogen an ze headbangen. Wien am schwaarzsten ugedoe war, war am coolsten. Oder wien déi meeschte Patches vun deenen haardsten an obskursten Bands op sengem Gilet hat. Esou ass et mir op mannst virkomm.

Lo hat ech virun e puer Woche Besuch an de Besuch wollt onbedéngt op een gewësse Konzert goen. An engem Metal-Lokal. Ech wollt. Ech wosst net, wat mech géif erwaarden. Ech hunn mäi groe Plover (de war mol schwaarz, mä en ass verwäsch!) an eng schwaarz Box ugedoen. An dunn hunn ech geübt, béis ze kucken.
Mir hunn eis natierlech vill ze spéit op de Wee gemaach. Dat war net ganz eis Schold. Also, natierlech hunn ech getrentelt an hunn eiweg gebraucht. Mä mir haten eis och Pizza bestallt, déi eng Éiwegkeet gebraucht huet, bis se ukomm ass. De Mann huet ganz komesch gekuckt, wéi mir him awer e bëssen Drénkgeld ginn hunn. Wahrscheinlech hätt hien sech erwaart, dat mir mat him blären, ëm d’Pizza ofhuelen an ëm dann d’Dier virun der Nues zouschloen. Heiansdo hunn ech d’Gefill, d’Leit zu Wien sinn einfach net u Frendlechkeet gewinnt.

Nodeems mir e bëssen ziellos duerch d’Géigend gelaf sinn, hu mir dunn den besooten Metal-Club fonnt. De war natierlech düster, mat schwaarze Maueren an düstere Gestalten. Mir hunn d’Trap erof fir an de Keller geholl. Ewouhinner och soss. Do war nach e Stack, een ausgesinn huet, wéi een sech esou een Metal-Café ouni vill Dekoratioun ebe virgestallt. Wahrscheinlech waren d’Mauere mat spezieller Faarf imprägnéiert. Esou dat een d’Blutt an ausgeschloen Zänn gutt ewechbotze kann. Mam Gaardeschlauch oder esou.

Mir sinn also nach eng Trap erof gaangen. Dunn duerch e laangen, schmuele Gang. Ech hu mech gefrot, op elo vläit nach eng Falldier, eng Leeder, nach een méi laange a méi schmuele Gang géif kommen, wou um Enn eng géi Wendeltrap wier, déi mir missten erofgegoen. Mä nee, mir waren dach schonns ukomm. Mir stoungen op der Gäschtelescht. Fir mech ass dat irgendwéi näischt besonnesches méi. Als Gonzojournalist kennt een op esou vill Evenementer fir näischt eran, dat een iergendwann verwinnt gëtt. An da fillt en sech scho bal perséinlech ugegraff, wann een eppes muss bezuelen. „WESST DIR DA NET, MAT WIEM DER ET ZE DINN HUTT?“
Natierlech wëssen d’Leit dat net. Och wann ech schon ëm Autogrammer gefrot gi sinn, esou ass et dach net esou, wéi wann ech eng Berühmtheet wier. Virun allem net zu Wien.

De Konzert war schon amgaangen. Dat war awer net schlëmm, mir waren nämlech net wéinst dem Konzert do, mä wéinst dem Tountechniker. Mäi Besuch an den Tountechniker hunn sech nämlech kannt. D’Band déi gespillt huet, huet „metalcore“ gemaach. Dat ass esou eng Zort „emo-metal“, déi haaptsächlech vu Jugendlecher am Alter vu 14-16 gelauschtert gëtt. Op mannst huet den Auditoire esou ausgesinn. D’Musek huet mir näischt gesot. Kaméidi, mä net déi Zort vu Kaméidi, deen ech gäre lauschteren. Dofir hunn ech de Keller zimlech cool fonnt. Mä et ass wéi ëmmer mat Locations, déi gutt ausgesinn: Eng uerdentlech versifften Industrialband, déi mat futtisse Motorseeën op raschteg Fässer klappen, fehlt. Bis elo huet alles nach zimlech roueg gewierkt. Ech wosst natierlech, dat all Moment den „Circle of Death“ kéint ugoen an ech mech da séier aus der Bascht maache misst. Angscht a Schrecken hunn och hei gelauert.

De Konzert war eriwwer. D’Band huet zwou „Zugaben“ gespillt, an dunn ass et dem Tountechniker, den mir ëmmer méi sympathesch ginn ass, duer gaangen. D’Zugaben hunn doranner bestanen, dat d’Band gesot huet: „Mir spille lo eng Zugab“. Ouni dat iergendeen duerno gefrot hätt oder si virdru vun der Bühn verschwonne wieren.
Op ee Schlag sinn ongeféier 100 Jugendlecher laanscht mech gelaf an hunn sech de schmuele Gang, d’Trapen, duerch een Zëmmer an nach eng Trap aus dem Lokal eraus gedréckt. E puer Leit sinn am Keller bliwwen. Et sinn Braurereisbänken an Dëscher opgestallt ginn. An een DJ huet ugefaangen, Rock ze spillen. An domadder mengen ech richtege Rock. Aus den fofzeger Joeren.

Ech wosst net, wat elo géif passéieren. Ech hu mir erwaart, dat et géif bluddeg ginn. Den DJ hat wahrscheinlech suizidär Absichten. Wéi konnt hien erwaarden, esou en Manöver ze iwwerliewen?

An dunn hunn d’Leit ugefaangen ze danzen. An zwar op Musek aus de 50er Joeren. Wéi sech herno sollt erausstellen, hunn Membere vun Death-Metal-Bands do locker flockeg op Rock’n’Roll gedanzt. Angscht a Schrecken.
An et sollt nach méi lusch kommen.

Et sinn mat der Zäit ëmmer méi Leit komm, a voller Metal-Montur. An si hunn alleguerten op déi Oldies gedanzt, déi den DJ een nom anere gespillt huet. Allerdéngs huet sech d’Musek mat Zäit ëmmer méi Richtung sechzeger Joeren entwéckelt. Bis de Punkt erreecht war, op deem d’Musek ähnlech war wéi am Flying Dutchman, dem berühmt-berüchtegten Hippiecafé zu Lëtzebuerg.
De Metaler huet dat awer näischt ausgemaach. Ech si mer sécher, dat déi Leit „normalerweis“ zimlech hefteg géife géint „Hippien“ stänkern. Mä dëst Nuecht net. Dës Nuecht hunn si genee esou op den Jimmy Hendrix gedanzt wéi d’Leit am Flying Dutchman.

Angscht a Schrecken hate mech. Géif ech je aus dësem komesche Keller erausfannen? Firwat hunn déi Leit op 50er Joere Rock’n’Roll gedanzt? A virun allem: War dat wierklech ech, deen do lo grad op BORN TO BE WILD gedanzt huet?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. Vir d’éischt an den Alkohol, dunn aus dem Lokal. Wéi mir erausgaange sinn, ass uewen hannert dem Contoir „Poison“ vum Alice Cooper gelaf. Genee wéi d’lescht Kéier Sonndes Moies, wéi ech Bréidercher bei de Bäcker kafe gaange sinn.