Angscht a Schrecken op Vältesdag

(Jo, dat huet elo e bëssi gedauert, bis dës Episod online war. Mir entschëllegen eis.)
Ech sinn am Fong jo e grousse Fan vun Deeg fir iergendeppes. Den 1. Mee ass den Dag vun der Aarbecht, den 19. November ass Welttoilettendag, den 17. Mee ass internationalen Dag géint Homophobie, den 21. Mäerz ass Weltdag vun der Poesie, an esou weider an esou fort. Mä den 14. Februar geet mir iwwerhaapt net.


Vältesdag. Den Dag vun der Léift. Oder éischter: Den Dag vun de Floristinnen an Chocolatiers. An munchee Länner, zum Beispill a Finnland, geet et just ëm Frëndschaft. Bei eis schéngt et wierklech ëm Léift ze goen. De Vältes, oder Valentin war een kathoulesche Bëschof, dee Leit bestued huet an hinne Blumme geschenkt huet. Vill méi huet et deemools net gebrauch, fir een Hellegen ze ginn. An domadder well déi Geschicht esou flott klengt, huet een dann och direkt een Dag draus gemaach, mat ganz villem kommerzielle Blödsinn an Kitsch hannendrun.

Lo muss ech kuerz philosophesch ginn: Wat ass Léift dann eigentlech? Als Lëtzebuerger huet een zu dem Begrëff jo éischter ambivalent Gefiller. An menger Mammesprooch gëtt et net emol e Verb fir dat Gefill auszedrécken. „Ech hunn dech gär“ heescht ongeféier esou vill wéi näischt. Schokla hunn ech och gär. Ech hunn Schokla esouguer léiwer wéi vill Mënschen. An wann een „Ech lieben dech“ seet, klengt een wéi wann een der véierzéng wier an „ech“ mat „ej“ géif schreiwen.

Léift ass dat Gefill, wat dofir suergt, dat een Kanner produzéiert an méiglecherweis och zesummen op zillt. Dat seet de Biolog a mir. De Gonzojournalist a mir seet: Léift ass de Nährbuedem fir meng zwee al Bekannter Angscht a Schrecken. Wann e verléift ass, kann ee keen uerdentleche Gedanke faassen. Ech si mir net emol sécher ob een iwwerhaapt nach denke kann, wann ee verléift ass. Wahrscheinlech ass ee komplett vun iergendwelleche luschen Hormonen an verstopptenen Drüsen, déi iergendwou am Kierper setzen, gestéiert. Et meescht een déi komescht Saachen, fir déi een sech herno schummt. Niewebäi verletzt een Leit, déi engem eppes bedeiten an herno ass een selwer traureg.

An da Vältesdag. Een Dag, fir den Wahnsinn, déi grouss Quell vun Angscht a Schrecken och nach ze féieren. Geet et net duer, dat vill Leit rondrëm lafen an irrational handelen, well se kuerzzäiteg hire Verstand un enger imaginärer Garderobe ofginn hunn? Musse mer dat och nach zelebréieren? Musse mer dem Wahnsinn och nach op d’Schëller klappen an soen: Gutt gemaach! Brave Jong!

En plus sinn et déi Klischeeën, déi mech stéieren. Vältesdag ass fir déi verléiwten. Mä anscheinend nëmme fir déi aus der heteronormativer Matrix. Wien lesbesch, schwul, bi, transgender ass oder eng Beziehungsform huet, déi sech net als „romantesch Zweeerbeziehung“ klassifizéiere léisst, hat Pech. Angscht a Schrecken a Form vun engem klengen, fette, plakegen Engel flattere rondrem a soen: Maacht iech fort! Sicht iech een aneren Dag!
Et wier jo immens onpraktesch, wann een och nach iwwerleeë misst, wat fir gesellschaftlech Biller een reproduzéiert, iert een am Supermarché steet an Blumme keeft. D’Blumme kucke schon e bëssi traureg. Wahrscheinlech, well se kuerz virun der Kees am Supermarché stinn a vu Leit kaaft ginn, déi eben am Supermarché Blumme kafe, well een dat eben op Vältesdag esou mécht.
„Auch du hast Sexismen verinnertlicht!“ steet op engem Sticker, deen nawell op villen Toilettë vu méi oder manner alternative Lokaler pecht. En huet Recht.
Op Vältesdag gëtt doriwwer, dat vill Leit hir Léift net emol weise kennen, ouni Diskriminéierung oder esouguer Repressioun ze fäerten, net nogeduecht.

An elo kéint een da soen: Här Gonzojournalist, dir sidd jo just frustréiert, dat dir kee Mënsch hutt, deen dir gären hutt, an dofir gëtt sech elo hei ausgekatzt. Vläicht ass dem esou. Mä et gi genuch Grënn, fir Vältesdag och als verléift Persoun net gutt ze fannen oder dat ze ënnerstëtzen. Ech weess net genee, wat Léift heescht. Mä ech si mer sécher, dat Léift net heescht, heteronormativ Virstellunge mat Schokla an Blummen aus dem Supermarché ze zelebréieren. Wann Angscht a Schrecken een op Vältesdag ergräifen, dann hëlleft keng Flucht méi.